Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

love
2019 gëtt d’Zuchverbindung mat Däitschland verbessert
Cool Crazy Meenung

2019 gëtt d’Zuchverbindung mat Däitschland verbessert

Dat wäert net nëmmen d’Grenzgänger freeën: Am Dezember 2019 soll

coolsurprise
Editorial: Jugendlecher muss een direkt uschwätzen, fir se politesch ze motivéieren
Cool Crazy Meenung

Editorial: Jugendlecher muss een direkt uschwätzen, fir se politesch ze motivéieren

De Gemengewahlkampf leeft haut offiziell un. A wéi bei all

Tierkesche President omnipräsent bei Commemoratioun vum 15. Juli
Cool Crazy Meenung

Tierkesche President omnipräsent bei Commemoratioun vum 15. Juli

Vill Tierken haten um Samschdeg déi gutt – oder manner

cooltongue

Ass de Fridden op der koreanescher Hallefinsel gräifbar no oder eng Illusioun

E Kommentar

Ass de Fridden op der koreanescher Hallefinsel gräifbar no oder eng Illusioun

Et si ganz positiv Signaler, déi am Moment vun der koreanescher Hallefinsel kommen. An si dinn engem gutt, well positiv Noriichten am internationalem Beräich aktuell éischter rar geséint sinn. An dach sollt een net vergiessen, datt een sech hei ze fréi freeë kéint. Well och wann et gutt ausgesäit: Mir hunn dat dote schonn e puer mol op der koreanescher Hallefinsel matgemaach. Et sinn zyklesch Beweegungen: Mol ass et Chaos, mol ass nees alles an der Rei. Wéi an engem Theaterstéck.

Dat, wat definitiv anescht zu soss ass, sinn d’Schauspiller an dësem Stéck. De Kim Jong Un ass nach relativ Nei bei dem ganzen dobäi. Seng Charme-Offensiv schéngt awer gewierkt ze hunn. Éischt Unzeechen dozou gouf et scho bei den olympesche Spiller. A wann en elo verséchert, datt keng Teste méi géife kommen an een d’Arealer fir dës Tester wéilt zou maachen, dann ass dat eventuell ganz clever. Well et kéint jo einfach sinn, datt en elo alles iwwert seng Waffe weess, wat e wësse wollt, a mat den Tester souwisou ophalen huet missen.

Wirtschaftlech Interesse spillen och hei eng immens grouss Roll

Oder him schlicht d’Geld ausgaangen ass. Wann en de Budget tatsächlech elo wëll a Richtung Wirtschaft réckelen, déngt dat eventuell och dozou, déi eege Leit roueg ze stellen. Well all déi Sanktiounen hu sécherlech zu bemierkenswäert vill Drock gefouert. An do kënnt deen aneren neie Schauspiller dobäi: Den Donald Trump.

Dee muss elo beweisen, op en e gutt Händche bei de Verhandlungen tëscht Nord- a Südkorea wéi och China huet. Wann alles gutt geet, kéint tatsächlech de Wee fir en nohaltege Fridden mi no réckelen. Mee wann et dat üblecht Spillche vun den Nordkoreaner sollt sinn, an erëm en Réckzéier kënnt, soubal genuch Konzessioune gemaach sinn…

… da gesi mer nees dat selwecht trauregt Schauspill.

Ähnlech Sujeten China, Donald Trump, Kim Jong-Un, Nordkorea, Südkorea, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    1

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    1

  • Love

    0