Search

You may also like

Den nationalen Dag vun der Resistenz: Gedenk-Zeremonie virum Hinzerter Kräiz
International Neiegkeeten

Den nationalen Dag vun der Resistenz: Gedenk-Zeremonie virum Hinzerter Kräiz

Um 25. Februar 1944 sinn 23 Membere vun der Lëtzebuerger

Home and Living – Alles zum Thema Wunnen an Ariichtung
International Neiegkeeten

Home and Living – Alles zum Thema Wunnen an Ariichtung

Vum 13. bis den 21. Oktober kann een an der

Superjhemp-Ausstellung – och un de Sonndeger op!
International Neiegkeeten

Superjhemp-Ausstellung – och un de Sonndeger op!

D’Ausstellung De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck ass net nëmmen an der

Kornischongswaasser amplaz Streesalz?

Kornischongswaasser amplaz Streesalz?

Am vergaangene Wanter huet déi bayresch Staatsbauverwaltung e Pilotprojet lancéiert, bei deem d’Stroossen mat Kornischongswaasser, amplaz mat Streesalz vun Äis a Schnéi befreit ginn. Dofir gëtt op en eigentlecht Offallprodukt vun der Firma Develey Senf & Feinkost GmbH zeréckgegraff. Duerch dëse Prinzip kann déi selwecht Sécherheet garantéiert ginn, wärend de Wanterdéngscht duerch e reduzéierte Waasser- a Salzgebrauch d’Ëmwelt entlaascht.

Um Terrain vum Wierk am Landkrees Dingolfing-Landau (Niederbayern) stinn 1.000 Siloen vu jeeweils 30 m³ Fassungsverméigen. Fir 6-8 Wochen ginn hei frësch Kornischong an engem Salz-Waasser-Gemësch ageluecht, bis si schliisslech weiderverschafft ginn. All Silo zielt dann eng Quantitéit vun 10 m³ Salzwaasser.

Ma, normalerweis géif dës Flëssegkeet iwwert d’Kläranlag entsuergt ginn. Zesumme mat Develey – eng Entreprise, déi sech schonn zënter 2008 aktiv fir Nohaltegkeet asetzt – huet de bayresche Staatsministère fir Wunnen, Bau a Verkéier decidéiert „Komm mir probéieren emol, mam Kornischongswaasser ze streeën.“

Kornischongswaasser© Genessa Panainte / Unsplash

Éischt Tester waren erfollegräich

Vun November bis Abrëll muss de Streedéngscht sech nämlech dorëm këmmeren, dass d’Stroossen net glat sinn. Zirka 6.000 m³ Sole – e flëssegt Gemësch aus Salz a Waasser fir ze streeën – gëtt dofir am Duerchschnëtt benéidegt. Ënnert den héije Quantitéite Salz, déi op de Stroosse verdeelt ginn, leiden d’Ëmwelt, d’Déieren an d’Gefierer.

No zuelräichen Tester a chemeschen Analysen konnt bestätegt ginn, dass d’Salzwaasser vun Develey tatsächlech fir de Streedéngscht genotzt ka ginn. Dofir gëtt hiert Ofwaasser opgefaangen, gefiltert an opbereet (d’Stroosse solle jo och net no Kornischong richen), op d’Konzentratioun vun 21% NaCl bruecht an uschléissend de Stroossemeeschtereien zur Verfügung gestalt.

D’Erausfuerderung läit elo doran déi intern Prozesser vun der Firma esou ze gestalten, dass d’Kornichongswaasser optimal kann opgefaangen a genotzt ginn.

Eng intelligent Alternativ?

Engem eigentlechen Offallprodukt en neien Notzen ze ginn, ass ganz am Sënn vun der optimaler Notzung vun de Ressourcen. Duerch d’Kornischongswaasser, wat jo souwisou bei der Firma Develey ufält, kënne grouss Quantitéiten u Salz agespuert ginn.

Ganz esou ëmweltfrëndlech, wéi et op den éischte Bléck schéngt, ass d’Initiative dann awer net. Jo, et gëtt manner Material gebraucht. Wärend de Ministère vun enger Erspuernis vu bis zu 700 Tonne Salz a 4,9 Millioune Liter Waasser schwätzt, soll sech dës enorm Zuel no engem Joer Ausprobéieren zimlech reduzéiert hunn, an zwar op 140 Tonne Salz an 1 Millioun Liter Waasser.

Zousätzlech sief gesot, dass d’Kornischongswaasser vun Develey net genuch Salz enthält, fir den Uspréch vum Streedéngscht gerecht ze ginn. Fir op de Wäert vun 21 % NaCl ze kommen, muss d’Firma Salz bäimëschen. Et gëtt souguer dovu geschwat, dass si hir Quantitéit verduebele missten.

Fazit: Beim Pilotprojet gëtt et eng ekologesch Plus-value a wirtschaftlech Virdeeler fir béid Partner. Am Endeffekt lant d’Salz dann awer op der Strooss a belaascht d’Natur.

Related topics Belaaschtung, Develey Senf & Feinkost GmbH, Ëmwelt, Kornischongswaasser, NaCl, Natur, Niederbayern, Nohaltegkeet, Salzwaasser, Sole, Streedéngscht, Streeën
Next post Previous post