Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

OGBL: Ried vun der Presidentin Nora Back zum 1. Mee
Kultur Neiegkeeten

OGBL: Ried vun der Presidentin Nora Back zum 1. Mee

Léif Kolleginnen a Kollegen, Watfireen 1. Mee?!? Fir d‘zweet Joër

Boris de Baumeeschter
Kultur Neiegkeeten

Boris de Baumeeschter

De Premierminister Boris Johnson huet an enger Ried ugekënnegt, datt

D’Stad Lëtzebuerg informéiert: Vum Maart bis zu de Chrëschtbeemercher
Kultur Neiegkeeten

D’Stad Lëtzebuerg informéiert: Vum Maart bis zu de Chrëschtbeemercher

Hei fannt Dir déi neisten Informatioune vun der Stad Lëtzebuerg.

Viking & Folk Metal an der Kulturfabrik

Korpiklaani, Tursisas an Trollfest sti prett!

Viking & Folk Metal an der Kulturfabrik

Dësen Donneschdeg gëtt et nees haart an der Escher Kulturfabrik. Korpiklaani, Turisas an Trollfest ginn am Februar 2019 zesummen op Tour duerch Europa – een Muss fir all Folk-Metal-Fan!

Nieft Eluveitie ass Korpiklaani de beschte Vertrieder vum europäesche Folk Metal. D’Band ass 1993 gegrënnt ginn an huet dës ëfteren seng Besetzung gewiesselt, ier si schliisslech de groussen Duerchbroch op der europäescher Bühn erlieft hunn. Zemools duerch hiren immens iwwerzeegende Live-Optrëtter gëtt dës Band enorm gefeiert.

Am September 2018 ass den 10. Album mam Titel Kulkija eraus komm. A bei dëser phenomenaler Tour wëllen si déi nei Songs natierlech och presentéieren.

Kulturfabrik

Turisas – de Metal-Export aus Finnland!

Och Turisas huet sech mëttlerweil een Numm an der Zeen gemaach. Säit dem zweeten Album, mam passenden Numm The Vagarian Way, den 2007 verëffentlecht ginn ass, vermëschen si op subtil Aart a Weis Black Metal a Folk mateneen. Mat iwwerraschenden Optrëtter huet d’Grupp sech duerchgesat an erlieft grousse Succès.

Kulturfabrik

Trollfest – d’Pionéier vum norwegesche Balkan-Metal

Méi Informatiounen

Um 21. Februar sinn déi genannte Bands, zesumme mat hire Kollege vun Trollfest fir een eemolege Concert an der Regioun – an dat ganz no bei eis! Dësen Donneschdeg wäerten si d’Kulturfabrik zu Esch-Uelzecht vum Hocker rappen.

Den Ticket kascht 29€ am Virverkaf, 32 € an der Oweskeess. Weider Detailer fannt Dir ënnert www.kulturfabrik.lu.

Ähnlech Sujeten Concert, Festival, Korpiklaani, Kulturfabrik, Musék, Trollfest, Tursisas, Viking Metal
Nächsten Artikel Virrechten Artikel