Search

You may also like

Erwuessenebildung: Integratioun a Kompetenzstäerkung fir „nei“ Matbierger
International Neiegkeeten

Erwuessenebildung: Integratioun a Kompetenzstäerkung fir „nei“ Matbierger

Gëschter huet den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) eng Konventioun zur

Editorial: Wat mech déi Zäitëmstellung nervt…
International Neiegkeeten

Editorial: Wat mech déi Zäitëmstellung nervt…

Also ech weess jo net wéi dat bei iech esou

Mëttelmier: Operatioun Sophia gëtt ëm 6 Méint verlängert
International Neiegkeeten

Mëttelmier: Operatioun Sophia gëtt ëm 6 Méint verlängert

Als Ausseminister vun der Koalitiounsregierung huet de Jean Asselborn (LSAP)

Kosovo: 20 Joer an (nach) keng Gerechtegkeet

Kosovo: 20 Joer an (nach) keng Gerechtegkeet

Géint den Hashim Thaci, President vum Kosovo, huet den internationale Geriichtshaff zu Den Haag (ICC) elo Klo wéinst Krichsverbriechen a Verbrieche géint d‘Mënschlechkeet erhuewen. Et ginn dem Thaci dës Virwërf am Kontext vum Kosovo-Krich gemaach. Laut dem Procureur soll dëse fir mindestens honnert Morde verantwortlech sinn.

Elo ass et dann um Geriicht dës Verbrieche géint d‘Serben, déi sech am Onofhängegkeetskrich vum Kosovo (1998 – 1999) strofrechtlech ze verfollegen. Dat läit wäit zréck a vill Mënschen dierften net méi vill Erënnerungen un dëse Konflikt hunn, wou de „Mënsch“ nees op erschreckend Aart a Weis demonstréiert huet, wat Haass, Revanchismus a virun allem Muecht uriichte kënnen.

Zur Persoun

Intelligent a manipulativ: Den Hashim Thaci, deen zanter 2016 President vun der Republik Kosovo ass (vun 2008 bis 2014 Ministerpresident N.v.d.R.) war ee vun de Grënnungspappe vun der UÇK (Ushtria Çlirimtare e Kosovës) der Befreiungsarméi vum Kosovo, eng albanesch paramilitäresch Organisatioun, déi sech besonnesch duerch hir „Exzesser“ eng Renommée gemaach huet.

Wéi déi meescht Leader vun dëser Guerilla-Trupp, huet och den Hashim Thaci an den 90er Joren an der Schwäiz gelieft. 1968 Gebuer, huet den Thaci op der Universitéit zu Pristina Geschicht studéiert a war 1989 Coorganisateur vun den albanesche Studenteprotester. Vum Aktivist ass hien 1991 zum éischte Virsëtzende vun der albanescher Ënnergrondbeweegung op de genannter Universitéit ginn.

1992 ass hien a Richtung Albanien ofgezunn, wou hien sech diverse konservative Gruppéierungen ugeschloss huet. Nodeems hien 1994 an Albanien wéinst illegalem Waffebesëtz ugeklot gouf, huet hien sech via Éisträich an d‘Schwäiz ofgesat, wou hien sech op der Universitéit Zürech als Student fir politesch Wëssenschaften ageschriwwen huet. 1995 huet hien de Flüchtlingsstatut erhalen.

Aus sengem Schwäizer Exil, huet den Hashim Thaci d‘Finanzen, d‘Ausbildung vun den UÇK-Kämpfer an de Waffeschmuggel organiséiert. Hie gëtt fir Uschléi op Polizisten a Kasäre (1993 – 1996) verantwortlech gemaach. Faite fir déi hien an Ofwiesenheet verurteelt ginn ass. Hie soll zudeem och an de vun der UÇK organiséierten Organhandel verwéckelt sinn…

Vergaangenheetsbewältegung

Serbien huet bis haut d‘Onofhängegkeet vum Kosovo net unerkannt, dat obwuel d‘EU an d‘UNO de Serben eng „Memberskaart“ ugebueden hunn, wann si dat endlech géife maachen. Mee dës Offer geet dem serbesche President Aleksandar Vucic net wäit genuch. Zudeem gëtt d‘UÇK nach ëmmer vu der serbescher Regierung als Terrororganisatioun betruecht. Och dofir ass de Prozess wichteg…

An dësem Krich, war et de Kosovare gelongen d‘Serben ze verdreiwen. De Präis war héich: et si mindestens 13.500 Mënsche bei dësem „Réckzuch“ gestuerwen. Den Erfolleg vun der UÇK war awer duerch d‘NATO-Loftbombardementer matgedroe ginn, an esou konnt sech de Guerilla-Trupp als Uerdnungsmuecht etabléieren. 1.700 Mënsche gëllen als vermësst, dorënner Serben a Roma.

D‘Affer a seng Géigner, werfen dem Thaci vir sech hannert der Immunitéit vu sengem politesche Mandat ze verstoppen. Den Hashim Thaci hat allerdéngs 2016 géintiwwer de Medie betount, den ICC bei sengen Ermëttlungen ze ënnerstëtzen, schliisslech hätt een näischt ze verbiergen. Hien hat vun enger Chance geschwat, déi dem Land d‘Lascht vun der Vergaangenheet kann huelen.

Ob awer all déi Beschëllegunge kënnen entkräft ginn? Dat dierft schwéier ginn, well et schéngt geséchert, datt den internationale Geriichtshaff endlech eppes Liicht an dëst däischtert Kapitel vun dëser nach jonker Natioun bréngen dierft. A wéi et aus Den Haag heescht, géif et elo genuch Beweismëttel, fir de President vum Kosovo als Krichsverbriechen iwwerféieren ze kënnen.

Kuerz notéiert:

De Kosovo ass an der Fläch ronn véier emol esou grouss wéi Lëtzebuerg (10.908 Km²) a gëllt zanter 2008 al „Onofhängeg“. Iwwer d‘Hallschent vun der Bevëlkerung ass ënner 25 Joer jonk. Alles an allem hunn 107 vun den 193 UN-Memberstaaten d‘Onofhängegkeet unerkannt, dorënner och d‘USA, Däitschland a Frankräich. China, Russland a Serbien wëllen dat net.

Am Kosovo ass een „enttäuscht“, esouguer seng Géigner schéngen d‘Uklo net ze begréissen. Den Thaci ass zudeem zanter dem Prozess géint de Slobodoan Milosevic (1999) ee vun de wéinegen „europäesche“ Staatsmänner déi wärend hirem Mandat ugeklot sinn. Kritiker vun dëser Uklo, gesinn an dësem Schratt ee politesche Kalkül an verweisen hei och op den „Timing“.

D‘Uklo wier am Abrëll fäerdeg gewiescht, an hei géif et dem ICC drëms goen, dat politescht Liewen am Kosovo a Fro ze stellen. De 27. Juni hätten den Hashim Thaci an den Aleksandar Vucic zu Washington solle virstelleg ginn, fir iwwert en Austausch vu Gebidder ze beroden. Si haten d‘USA fir dës Gespréicher gewielt, well d‘EU d‘Grenzen am Balkan net verréckele wëll.

Spekulatiounen, datt d‘Uklo politescht motivéiert ass, kann een awer zréckweisen. Den ICC kann nëmmen Uklo erhiewen, wann et entspriechend haltbar Beweiser an Zeien huet. Datt dem Thaci seng al Frënn seng Onschold fir erwisen halen ass net nei, woubäi hir Kredibilitéit a Fro ze stellen ass. Net ze vergiessen, datt den Thaci zum Stuerz vun der Regierung bäigedroen huet (Mäerz 2020).

mat indymedia/ams/prs/nyc

Foto (Archiv): De Kosovo-President Hashim Thaci, bei de Münchener Sécherheetskonferenz 2018 © Koch/MSC

Related topics Hashim Thaci, ICC, Internationale Geriichtshaff, Kosovo, Krichsverbriechen, Verbrieche géint d'Mënschheet
Next post Previous post