Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nouvelle vun der Aarbechtsfront
oslo hookup secure dating site in usa

https://moien.lu/best-dating-chat/

Dat huet et well laang net méi ginn an dofir

who was kylie jenner dating before travis scott
oslo hookup secure dating site in usa

Fräi Tribün: Wat bedeit „Gendersensibel“?

Et ass rezent vill Rieds gaange vun enger zukünfteger, méi

CGFP mat éischter Kritik u Regierungserklärung
oslo hookup secure dating site in usa

CGFP mat éischter Kritik u Regierungserklärung

Knapp zwee Méint no de Chamberwahlen, huet de Premierminister Xavier

De Kosovo feiert den 10. Jubiläum vu senger Onofhängegkeetserklärung

De Kosovo feiert den 10. Jubiläum vu senger Onofhängegkeetserklärung

Am Kosovo ginn um haidege Sonndeg d‘Zeremonië weidergefouert, mat deenen den 10. Jubiläum vun der Onofhängegkeetserklärung gefeiert gëtt. Dat ganzt mat enger ausseruerdentlecher Sëtzung vum Parlament an engem Defilé vun den Uerdnungskräften.

Den Héichpunkt vun de Festivitéiten um Samschdeg, war de Concert vun der britescher Pop-Star Rita Ora, déi fir d‘Geleeënheet an hier Gebuertsstad zréck komm ass. Si ass vun dausende Leit, besonnesch ville jonken, euphoresch empfaange ginn.

„Fir do un ze kommen, war e laange Wee, an awer iergendwéi nëmmen den Ufank vun eppes Groussem fir eist Land“, esou d‘Rita Ora virun de Press, iert si d‘Hänn an engem Zeeche gefaalt huet, deen den albaneschen Adler mat zwee Käpp symboliséiere soll.

D‘Rita Ora war nach e Puppelchen, wéi seng Famill 1991 de Kosovo verlooss huet. Déi ass geflücht virun der Ënnerdréckung déi der albanescher Regioun vu Serbien operluecht gi war, an där de serbesche President Slobodan Milosevic d‘Autonomie entzunn hat.

1998: d‘UCK gräift zu de Waffen

D‘Politik vun Ënnerdréckung, déi de Milosevic konsequent ugewannt huet, konnt net ouni Sträit gefouert ginn. 1998 ass et dann och zum bewaffente Konflikt tëscht der serbescher Arméi an de Rebelle vun der UCK (Befreiungsarméi vum Kosovo).

Déi Kosovo-albanesch Rebellioun fir d‘Onofhängegkeet huet iwwer 13.000 Mënscheliewe gefuerdert, an de Konflikt ass 1999, no 11 Wochen onënnerbrache Loftschléi vun der NATO, op en Enn gaangen. Loftschléi, déi ënnert dem Impuls vun den USA gefouert goufen, fir vu Belgrad ze erzwéngen, d‘Zaldoten aus dem Kosovo ofzezéien.

Am Uschloss sinn eng UN-Missioun an NATO-Zaldoten am Kosovo opgestallt ginn. Dorënner och Zaldote vun der lëtzebuergescher Arméi. De leschte Kontingent vun eiser Arméi ass um Sonndeg 15. Oktober 2017 aus dem Kosovo ofgezu ginn. An de 17 Joer UN/NATO-Presenz waren 1.180 Zaldoten aus Lëtzebuerg un der Friddensmissioun bedeelegt.

Jubiläum

Bei de Festivitéiten zum 10. Jubiläum vun der Onofhängegkeet vum Kosovo, waren iwwerall d‘Fändele vum Kosovo an Albanien ze gesinn. © Armend Nimani/AFP

De 17. Februar 2008, hunn déi kosovaresch Deputéiert, d‘Onofhängegkeet géint den Awand vu Belgrad deklaréiert. „De Kosovo verkierpert de Wonsch vun de Bierger a Fräiheet ze liewen“, esou de Premierminister vum Kosovo, Ramush Haradinaj ee Samschdeg.

E Premierminister deen huet missen agestoen, dat d‘Politik net all d‘Erwaardungen erfëllt huet. „Wat eis am meeschte wéi deet, dat ass de Chômage, besonnesch bei de jonke Leit“, beklot sech d‘Largesa Lenjani, eng Infirmière vu 25 Joer.

Am Kosovo, esou déi aktuell Zuelen, ass en Drëttel vun der Aktiver Bevëlkerung an d‘Hallschent vun der Jugend ouni Aarbecht. Zuelen déi verständlech maachen, datt vill Kosovaren et de ronn 700.000 Membere vun der kosovarescher Diaspora wëllen nomaachen, déi sech haaptsächlech an Däitschland oder an der Schwäiz installéiert hunn.

10 Joer Besatzung

An d‘Situatioun am Kosovo ass och weiderhin ugespaant, en Zesummeliewen tëscht der serbescher Communautéit – dat sinn ongeféier 120.000 vun den 1,8 Milliounen Awunner – an den Albaner gëtt et de facto net. Sech „Vermëschen“ schéngt nach op Generatiounen eraus onméiglech.

Um Beispill vun der Stad Mitrovica kann een dat verdäitlechen. D‘Stad ass gedeelt, hei liewen d‘Serben an d‘Albaner jidderee fir sech, d‘Communautéite ginn duerch de Floss Ibar getrennt. Um Samschdeg waren dann och op serbescher Säit grouss Plakater am schwaarz-wäiss opgeriicht ginn. Heirop waren Hänn an Handschellen ze gesinn, an de Schrëftzuch: „10 Joer Besatzung“.

Mat der Ënnerstëtzung vu Moskau, ass et bis ewell Serbien gelongen ze verhënneren, datt de Kosovo als Member vun de Vereenten Natiounen (UNO) kann opgeholl ginn. D‘Onofhängegkeet vum Kosovo ass bis ewell vun 115 Länner unerkannt ginn. Eng 80 Staaten si weiderhin dergéint, dorënner Russland, China, Indien, Indonesien a Brasilien.

„Ouni d‘Zoustëmmung an engem Accord mat Belgrad, kann et keng Léisung ginn“, erkläert um Samschdeg de serbeschen Ausseminister Ivica Dacic. Serbien wëll seng Provënz net opginn, mee d‘Experten si sech hei eens: no all de Verbriechen, sinn d‘Ethnien op Generatiounen hin gedeelt.

Iwwerhaapt muss festgestallt ginn, datt trotz grousse politesche Rieden, de Kosovo d‘Serben net méi mobiliséiert. Um Samschdeg war et nach eng Handvoll Militanten déi am Zentrum vu Belgrad demonstréiert hunn. Virun 10 Joer hat d‘Unerkennung vum Kosovo duerch de „Westen“ nach dausende Mënschen op d‘Strooss gedriwwen, woubäi d‘US-Ambassade zerstéiert gouf.

Europa léisst Eestëmmegkeet vermëssen

An der EU ass een éierlech beméit gutt Bezéiungen zum Kosovo ze erriichten an ze erhalen. Bréissel fuerdert dann och, fir eng Integratioun vum Kosovo ze erméiglechen, datt d‘Relatiounen tëscht Pristina a Belgrad sech normaliséieren.

Well et awer keng Eenegkeet an der EU gëtt – 5 Länner weigeren sech de Kosovo unzëerkennen – muss een an dësem Fall vun enger hallefhäerzeger Fuerderung schwätzen. Dat erkläert dann och, datt den Dialog, deen 2011 opgeholl ginn ass, zanter 2 Joer „op Äis“ läit.

Jubiläum

Zu Belgrad ass ee wéineg begeeschtert, datt am Kosovo d‘Onofhängegkeet zelebréiert gëtt. D‘Serbe sinn a bleiwen der Meenung, datt een hinnen eng Provënz „geklaut“ huet, refuséieren de Kosovo unzëerkennen, a verhënnere mat der Hëllef vu Russland, datt d‘Land als Member der UNO ka bäitrieden. Och innerhalb der EU ginn d‘Meenungen zum Kosovo ausenaner. © Vladimir Zivojinovic/AFP

Zu Belgrad denken déi „Verantwortlech“ haart driwwer no, d‘Grenzen nei ze zéien. Dat ass dann awer nees net am Sënn vun de westleche Staatskanzleien, déi fäerten hei géif een d‘Béchs vu Pandora opmaachen. Dat an enger Regioun wou déi inter-ethnesch Differenzen sech net „geluecht“ hunn. 20 Joer no der Implosioun vu Jugoslawien, keen déi bluddeg Konflikter „vergiess“.

Den US-President Donald Trump, huet sengersäits awer ee Message un d‘Kosovare geschéckt, dee soll Mutt maachen: „Dier hutt nach vill Aarbecht virun iech, mee mir begréissen är Fortschrëtter“. Schéin a gutt, hei muss een awer drop hiweisen, datt d‘Relatiounen tëscht Pristina an dem „Westen“ net zum beschte stinn.

Esou gëtt et ee Sträitpunkt dee Gewiicht huet: déi kosovaresch Deputéiert si gewëllt en Tribunal, dat vun internationale Magistrate besat ass, ofzeschafen. En Tribunal dat sech de Krichsverbriechen ugeholl huet, a wou och ex-Kommandante vun der UCK ugeklot misste ginn. Déi presuméiert Krichsverbriecher sëtzen haut un der Schalthiewel vum Kosovo…

mam Rachel O‘Brien an dem Ismet Hajdari/AFP

Foto: Déi britesch Pop-Star Rita Ora, gebierteg vu Pristina, war um Samschdeg d‘Heldin vun engem onofhängege Kosovo. Dausende Kosovare, an ganz besonnesch déi jonk, hunn um Concert vum Rita Ora deelgeholl, datt virum Concert bei enger Entrevue mat de Medien, mat sengen Hänn symbolesch den albaneschen Adler geformt huet. © Armend Nimani/AFP

Ähnlech Sujeten Kosovo, Kosovo-Albaner, Onofhängegkeet, Pristina, Serbien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel