Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Iranesche President vun der Jugend erëmgewielt
Meenung Neiegkeeten

Iranesche President vun der Jugend erëmgewielt

Um Samschdeg gouf de moderéierte President Hassan Rouhani mat enger däitlecher

money
Fantastesch Entwécklung am Logement
Meenung Neiegkeeten

Fantastesch Entwécklung am Logement

Gëschter huet de Statec sech zur Lag vun der Präisentwécklung

dislike
Editorial: Wann een net méi mat mécht
Meenung Neiegkeeten

Editorial: Wann een net méi mat mécht

Eigentlech misst een et hautdesdaags kengem méi erklären, mee dem

KPL: Zesumme mat echter Solidaritéit fir sozial Gerechtegkeet

D'Kris dierf net schonn erëm um Bockel vun de Lounofhängegen a Pensionäre geléist ginn

KPL: Zesumme mat echter Solidaritéit fir sozial Gerechtegkeet

D’KPL stell fest, datt de grousse Wieder vu Solidaritéit, déi wärend der Gesondheetskris vun de Regéierenden geäussert gi sinn, just seelen déi entspriechend Aktioune folgen. D’Solidaritéit vun de Regéierenden hält ëmmer nach do op, wou d’Interesse vum Kapital ufänken.

Wéi a virege kapitalistesche Krise wäerten och an dëser Gesondheets- a Wirtschaftskris déi negativ Auswierkungen op de Schëlleren vun de Lounofhängegen ofgeluecht ginn, wärend d’Groussbetriber a Banken, déi och wärend der Kris nach héije Profit maachen, verschount bleiwen.

D’Moossname vun der Regierung hunn zur Folg, datt fir d’Betriber d’Lounkäschten am Joresduerchschnëtt staark zeréck ginn, wärend déi Lounofhängeg eleng fir d’Zäit tëscht dem 16. Mäerz a 25. Mee 2020 250 Milliounen Euro Lounmass virenthale gëtt. Dat bedeit ee risege Kafkraaftverloscht.

Aarmut, Chômage a Wunnengsnout wuessen och an dëser Kris, ouni datt vun der Regierung all noutwenneg Moossnamen ergraff ginn, fir dat ze verhënneren. Wou bleiwen d’Aarbechtsplazen, déi der Jugend versprach gi sinn?

D’KPL fuerdert, datt

  • Alle Kuerzaarbechter 100 amplaz 80 Prozent vun der Paie ausbezuelt gëtt;
  • Betriber, déi Mataarbechter entloossen, vun ëffentleche Gelder ausgeschloss ginn, bezéiungsweis schonn erhalen ëffentlech Gelder zeréckbezuele mussen,
    D’Helden aus dem Gesondheetswiesen, dem Botzsecteur, dem Handel, dem Sécherheetsberäich ënnert anerem net nëmmen Applaus, mee direkt besser Aarbechtskonditioune kréien;
  • Am Kampf géint Aarmut, Aarbechtslosegkeet a Wunnengsnout Drénglechkeetsmoossnamen ergraff ginn;
  • D’Suen, déi fir de Kaf vun engem militäreschen Transportfliger, engem Militärsatellit, vu militäreschen Dronen an Tankfligeren geplangt sinn, fir sozial Aufgaben am Kader vun der Bewältegung vun der Coronakris ausgi solle ginn, besonnesch fir d’Ënnerstëtzung vu Familljen, déi et schwéier hunn, iwwert d’Ronnen ze kommen.

D’KPL fuerdert all Lounofhängeg a Pensionären op:

Setze mir eis zesumme fir d’Duerchsetzung vun dëse Fuerderungen an dofir an, datt déi negativ Folgen vun der kapitalistescher Kris net erëm vun der Regierung an der Chamber op déi Lounofhängeg a Pensionären ofgewälzt ginn!

Iwwerleeë mir eis zesummen, wéi eng grondsätzlech systematesch Léisungen noutwenneg sinn, fir ze erreechen, datt Wunnengen de Mënsche gehéieren, déi dora wunnen, d’Betriber de Lounofhängeg gehéieren, déi dora schaffen an datt egoistesch Profitinteressen an d’Ieleboumentalitéit duerch sozial Gerechtegkeet an echt Solidaritéit ersat ginn!

Matgedeelt vum Zentralcomité vun der KPL

Ähnlech Sujeten Direktmoossnamen, Fërderung, KPL, Kuerzaarbecht, Lounofhängeg, Paie, Pensionär, Regierung, Sanitär Kris, Solidaritéit, sozial Gerechtegkeet, Suen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel