Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Covid-19: Quarantaine an Isolatioun ginn oft net agehalen
Meenung Money Neiegkeeten

Covid-19: Quarantaine an Isolatioun ginn oft net agehalen

Gëschter Owend huet de Gesondheetsministère seng Retrospektive zu den neien

Regierungsbildung an Israel gescheitert
Meenung Money Neiegkeeten

Regierungsbildung an Israel gescheitert

De Benny Gantz (Blo-Wäiss) huet d‘Handduch gehäit an dem President

Exit-Covid19: Vermummungsgebuet fir Lëtzebuerg?
Meenung Money Neiegkeeten

Exit-Covid19: Vermummungsgebuet fir Lëtzebuerg?

De Confinement belaascht d‘Bevëlkerung wéi d‘Wirtschaft gläichermoossen an dësen Zoustand

money

Carte Blanche: De KPL-President zur Lag bei Guardian

Carte Blanche: De KPL-President zur Lag bei Guardian

Guardian versicht d‘Aarbechter an d‘Ëffentlechkeet an d‘Ir ze féieren

201 Aarbechtsplaze sollen dem Méiwäert fir d‘Aktionäre geaffert ginn

D‘Befierchtunge vun den Aarbechter, de Personaldelegatiounen an dem OGBL, Guardian Industries kéint nom Stëlleeë vum Flaachglasuewen zu Diddeleng, Investitiounen an en neien Uewen zu Käerjeng ëmmer weider verschleefen, sinn alles anescht wéi onbegrënnt.

An der Vergaangenheet huet et wuel geheescht, déi entspriechend Investitioune géife virgeholl ginn, fir den Uewe vun der Luxguard I zu Käerjeng, deen 2022 säi Liewensenn erreecht, ze ersetzen. Mee spéider wollt sech den US-Konzern net méi u seng Wierder erënneren.

Keng Zouso fir en neie Glasuewen

De Vizepresident vu Guardian Europe, Guus Boekhoudt, huet dës Woch am Lëtzebuerger Wort behaapt, et géif Iwwerleeungen, en neien Uewen zu Käerjeng oder Diddeleng ze bauen, mee hie kéint géigewäerteg näischt garantéieren. Et géif awer kee Projet, ee vun den zwee Standuerter, déi dëse 6. August zu enger Gesellschaft fusionéiert goufen, komplett ze schléissen.

Domadder sinn déi Beschäftegt zu Käerjeng an Diddeleng, vun deenen den US-Konzern der 201 souwisou iwwert ee Sozialplang entloosse wëll, esou gescheit wéi virdrun. Verhandlunge mat de Personaldelegatiounen an dem OGBL iwwert eng Plang zum Erhalt vun der Aarbecht (PME) an Investitiounsgarantië wëll de Konzern offenbar net.

Dofir huet de Vetrieder vu Guardian Europe iwwert d‘Lëtzebuerger Wort d‘Mäerchen an d‘Welt gesat, et géi f keen Zesummenhang tëscht dem Stëlleeë vum Uewen zu Diddeleng an den Investitiounen a Polen an Ungarn, well d‘Distanz, fir Glas rentabel zum Client ze brénge géif leedeglech 300 bis 400 Kilometer bedroen.

Dat ass eng krass Irreféierung vun der Ëffentlechkeet, well bekanntlech geet d‘Hallschent vun der Flaachglasproduktioun aus Däitschland gewënnbréngend no Frankräich an d‘Transportweeër dohi sinn an den allermeeschte Fäll vill méi laang. Zudeem gëtt an der Tëscht – ouni datt et ee Verloschtgeschäft wier – Flaachglas a gréissere Mengen aus der Tierkei a China an der däitscher Automobilindustrie verwennt.

Och Luxguard huet an der Vergaangenheet riseg Mengen u Flaachglas iwwer grouss Distanzen, ugefaange mat der Philharmonie zu Hamburg, iwwert d‘Cité du Vin zu Bordeaux, bis hinn zum 848 Meter héije Wollekekrazert Burj Khalifa zu Dubai (UAE), geliwwert.

Dat ass de wierklechen Zesummenhang tëscht Polen a Lëtzebuerg:

Den Zesummenhang tëscht den neien Investitioune vu Guardian a Polen an Ungarn, wéi och der Desinvestitiounspolitik zu Lëtzebuerg besteet villméi doranner, datt den US-Konzern – wéi aner Flaachglaskonzerner och, déi massiv am Oste vun Europa investéieren – do besser Konditioune virfënnt, fir eng Plus-value fir seng Aktionären ze schafen:

Méi bëlleg Aarbechtskräften, niddreg Energiepräisser, manner streng Ëmweltoplagen, héijer national Investitiounsbäihëllefen a gréisser EU-Subventiounen. Dat erlaabt kuerz ze froen; wéi héich dann d‘Subventiounen aus der Lëtzebuerger Staatskeess waren, déi Guardian iwwert déi lescht Joerzéngten agesäckelt huet?

Et ass zanter laangem bekannt, datt d‘Konzerner aus dem Flaachglassecteur, an deem et eng héich Maartkonzentratioun gëtt, de Kampf ëm d‘Mäert mat haarde Bandage féieren, well d‘Investitiounen an nei Produktiounsanlage sinn héich, a scho geréng Schwankunge bei der Nofro léisen een intensive Präiswettbewerb aus, deem oft kuerzfristeg Investitiounen an Aarbechtsplazen, oder ganz Standuerter geaffert ginn.

Ugesiichts dëser Entwécklung, dierf een drop gespaant sinn, wat de Wirtschaftsminister, deen de 24. August endlech eng Delegatioun vun de Personalvertriedungen an dem OGBL empfänke wäert, ze soen huet a wat d‘Regierung gedenkt ze ënnerhuelen, fir d‘Aarbechtsplazen zu Käerjeng an Diddeleng ofzesécheren.

Mee wann et ëm de Maximalprofit vu Konzerner geet, schéngt d‘Schicksal vun 201 Aarbechter zu Käerjeng an Diddeleng plëtzlech keng Roll méi ze spillen. Esou brutal ass de ganz gewéinleche Kapitalismus.

Ali Ruckert

Foto: D‘Wierk vun der Luxguard zu Käerjeng huet iwwert méi wéi 6.000 Kilometer ewech grouss Mengen u Flaachglas fir de bau vum 848 Meter héije Wollekekrazert Burj Khalifa zu Dubai. © Kon Karampelas / unsplash

Ähnlech Sujeten Ali Ruckert, Diddeleng, Guardian Europe, Käerjeng, KPL, Luxguard, OGBL, Sozialplang, Wirtschaftsminister
Nächsten Artikel Virrechten Artikel