Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Stuerm Fabien setzt Korsika ënner Waasser
Neiegkeeten

Stuerm Fabien setzt Korsika ënner Waasser

No den neien Onwieder déi de Süde vu Frankräich fest

UEFA: „Wat mir decidéieren ass Gesetz!“
Neiegkeeten

UEFA: „Wat mir decidéieren ass Gesetz!“

D‘UEFA, déi europäesch Filial vun der FIFA – de facto

Flavien Berger um Siren’s Call 2019
Neiegkeeten

Flavien Berger um Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s

Kranaarbechten an der Avenue Pasteur (25.08.2020)

Kranaarbechten an der Avenue Pasteur (25.08.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt en Dënschdeg, de 25. August 2020 vun 8:00 bis 16:00 Auer gréisser Aarbechte mam Kran an der Avenue Pasteur ustinn. Doduerch gëtt dës Strooss tëscht der Rue Alfred de Musset an der Allée Scheffer gespaart.

Den Zirkulatiounsservice këmmert sech ëm déi richteg Beschëlderung fir d’Ëmleedungen.

Bei der Linn 19 vun de Stater Bussen ginn et folgend Ännerunge tëscht den Haltestellen Henri VII a Faïencerie – INL: Dës Linn gëtt ëmgeleet iwwert d’Rue Henri VII an d’Avenue de la Faïencerie. D’Haltestellen Alfred de Musset an Allée Scheffer entfalen a ginn duerch e provisoreschen Arrêt op der Héicht vun den Hausnummeren 39 bis 41 vun der Avenue de la Faïencerie ersat.

Avenue Pasteur

D’Stad Lëtzebuerg seet Merci fir de Versteesdemech an entschëllegt sech fir eventuell Onannehmlechkeeten.

Ähnlech Sujeten Avenue Pasteur, Chantier, Ëffentlechen Transport, Ëmleedung, Kranaarbechten, Linn 19, Spärung, Stad Lëtzebuerg, Stater Bus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel