Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CFL Chantiere fir August a September
Neiegkeeten

CFL Chantiere fir August a September

Iwwert de Summer kann et op de CFL-Linnen 10, 30

LSAP-Presidence: Francine Closener zitt Kandidatur zréck
Neiegkeeten

LSAP-Presidence: Francine Closener zitt Kandidatur zréck

Déi sozialistesch Deputéiert a fréier Staatssekretärin huet gëschter hir Kandidatur

Analys: D‘Industrienatioun Däitschland kann alles, ausser Internet
Neiegkeeten

Analys: D‘Industrienatioun Däitschland kann alles, ausser Internet

Exportweltmeeschter, Industrienatioun an eng helle Wull u gescheite Käpp. Esou

Kranaarbechten an der Hollerecher Strooss (05.07.2020)

Kranaarbechten an der Hollerecher Strooss (05.07.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt e Sonndeg, de 5. Juli 2020 vun 3:00 bis 13:00 Auer Kranaarbechten an der Hollerecher Strooss ustinn. Betraff sinn d’Gebaier mat den Hausnummeren 75 bis 79.

Duerch d’Kranaarbechten gëtt d’Hollerecher Strooss zur Eebunnsstrooss a Richtung a bis bei d’Rue Jean Baptiste Merkels. Aus dësem Grond ginn et folgend Ännerungen am ëffentlechen Transport:

  • D’Buslinnen 1/125, 4 a 27 ginn ab der Route d’Esch iwwert d’Rue de la Déportation an d’Rue d’Alsace bei d’Gare ëmgeleet. D’Haltestellen Assurances Sociales quai 2 (Linn 4), Jean-Baptiste Merkels a Fonderie (Linn 1/125, 4 a 27) a Richtung Gare entfalen.Ersat ginn dës Arrêten duerch Assurances Sociales quai 3 (154, route d’Esch) fir d’Linnen 1/125 a 27, sou wéi Hollerich-Gare (rue de la Déportation) fir d’Linn 4.

  • D’RGTR-Linn 170 fiert beim Arrêt Luxembourg-Gare quai 104 (tëscht der rue d’Épernay an der rue du Commerce) fort.

Hollerecher Strooss

Den Zirkulatiounsservice këmmert sech ëm déi noutwenneg Beschëlderung. D’Stad Lëtzebuerg seet Merci fir de Versteesdemech an entschëllegt sech fir eventuell Onannehmlechkeeten.

Ähnlech Sujeten Ännerungen, Buslinnen, Eebunnsstrooss, Hollerecher Strooss, Kranaarbechten, RGTR, Stad Lëtzebuerg, VDL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel