Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E sollt „schwaarz“ a vum Muller sinn: de Pneu
one stand dating

E sollt „schwaarz“ a vum Muller sinn: de Pneu

Wann ee sech kann drop eenegen, datt en Auto e

dating on twitter
one stand dating

mobile dating sites australia

Wéi d‘Regierung sech e ganz besonneschen Deal mat der Bertelsmann-Duechter

Ee proppere Planéit fir eis all?
one stand dating

Ee proppere Planéit fir eis all?

D’Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung Carole Dieschbourg wäert

Krautmaart: de Budget ass duerch!

Krautmaart: de Budget ass duerch!

Et gouf gëschter um Krautmaart nach déi leschten „Interventiounen“ zum Budget, iert dësen da mat de Stëmme vun der Majoritéit ugeholl konnt ginn. E Vott ouni Iwwerraschung, deen awer vun der Regierung begréisst gëtt.

Als éischt war et der ADR vergënnt hir Siicht op de virgeluechte Budget ze presentéieren. D‘ADR werft der Regierung virun allem vir, sech op en onkontrolléierte Wuesstem anzeloossen a mam Geld verschwenderesch ëmzegoen. An den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen huet de Budget als „e Verbriechen un den zukünftege Generatiounen“ duergestallt. Dat an éischter Linn, well trotz enger gudder konjunktureller Situatioun, d‘Regierung sech hei en Defizit vu 600 Millioune leeschte géif.

Domatter war d‘Riedenszäit vun den Oppositiounsparteien erschëpft an de Finanzminister, Pierre Gramegna (DP) huet dann alt nach emol drun erënnert, datt déi aktuell Koalitiounsregierung 2013 eng „ongesond“ Finanzsituatioun iwwerholl hat. Hei wier scho villes zum bessere Gewannt ginn an och dës Regierung hätt e Budget opgestallt, deen dem Land nees eng gesond Grondlag géif bidden.

An de Finanzminister ass sech duerchaus bewosst, datt deen am Budget agedroenen Defizit bei der Oppositioun schlecht ukënnt. Hie gëtt allerdéngs ze bedenken, datt vill noutwenneg Investitioune verschleeft goufen an et elo schonn net einfach wier, dëse Retard opzehuelen. Géif dat vun der Oppositioun berécksiichtegt, misst och si der Regierung e positive Bilan ausstellen. Hie verwiert sech och géint déi aner, am Kontext vum Debat, gemaachte Kritik zu den Ausgaben.

Wat ass net sozial oder transparent?

Esou huet de Pierre Gramegna – ëmmerhin e liberale Minister – kee Versteesdemech fir de Virworf, dëse Budget wier net sozial. Ganzer 50% vum Budget géife fir de soziale Volet opgewannt, an dat wier duerchaus net wéineg. Beim Virworf dës Regierung géif et mat der Transparenz net eescht huelen, hält hien och dergéint, schliisslech géif alles virleien. Datt kéint een, bezunn op d‘Budgete vun 2018 an 2019, uwennen, woubäi ee sech scho gutt muss auskenne fir se och ze verstoen.

Wou de Finanzminister dann awer nees Recht huet, ass bei der Feststellung, datt dat wat vun der Oppositioun als „Defizit“ duergestallt gëtt, ronn 25% vum Budget ausmécht, an kaum nach aner EU-Länner gëtt, déi sech mat esou engem „niddregen“ Defizit bretze kënnen. Woubäi de Pierre Gramegna och gudde politesche Strateg, an eng konstruktiv Oppositioun duerchaus erwënscht ass.

Hien huet zougesot, sech de Gesetzesvirschléi a Motioune vun der Oppositioun unzehuelen. Ganzer fënnef Gesetzprojeten a siwe Motiounen, hat den CSV-Deputéierte Marc Spautz, en Donneschdeg fir de Beräich „Familljepolitik“ agereecht. Et wiere Virschléi fir eng ganz Rëtsch u gudde Mesuren, déi awer keng Hiweiser op d‘Finanzéierung vun eben dëse Moossnamen enthalen. Géif een, esou wéi dat vun der CSV erhofft gëtt, drop agoen, géif den Defizit doduerch net méi kleng.

Kommentar

Dat et tëscht der Majoritéit an der Oppositioun beim Budget seelen Eenegkeet gëtt huet och ganz vill mat politescher Logik ze dinn. Generell ass dat wënschenswäert, et gehéiert zum demokratesche Prozess. Datt bei engem annoncéierten Defizit vu 650 Milliounen Euro, d‘Oppositioun sech op déi gutt Konjunktur bezitt fir dësen ze denoncéieren, konnt de Finanzminister mat noutwennegen Investitiounen entkräften. E groussen Deel dovunner entfält op wichteg Infrastrukturaarbechten.

Elo gëtt awer och duerchaus berechtegt Kritik aus de Reie vun der Oppositioun. D‘Ausgabe fir „Oprëschtung“ wier esou eng. Allerdéngs kann ee sech och d‘Fro stellen, op et ganz „gescheit“ ass, 32 Milliounen an e Pavillon fir d‘Weltausstellung zu Dubai ze stiechen. Eng Kritik vun de Piraten, déi sech manner op d‘Zomm, wéi den Zesummenhang am Ëmgang mat de Mënscherechter bezitt. Mat dem Geld kéint ee flächendeckend d‘Nohëllefsstonne (wéi et d‘CSV fuerdert) finanzéieren.

Dës Regierung huet sech, zumindest fir 2019, am Budget aner Prioritéite gesat. Den Defizit ass net erfreelech, awer anscheinend „Alternativlos“. Et muss een zudeem och d‘Weltpolitik abezéien, an d‘Entwécklung vum „wirtschaftlechen Dissens“ tëscht de Muechten am A behalen. Wéi zolidd an Zukunftsorientéiert dem Finanzminister säi Budget tatsächlech ass, hänkt faktesch gesinn och vun der globaler Wirtschaftssituatioun of. Déi ass maassgeeblech fir d‘Konjunktur och zu Lëtzebuerg.

Foto: Lolame /Pixabay

Ähnlech Sujeten Budget 2019, Defizit, Gast Gibéryen, Investitiounen, Pierre Gramegna
Nächsten Artikel Virrechten Artikel