Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kenns du eis Verfassung gutt genuch, fir hei gutt ofzeschneiden?
rome ny dating

Kenns du eis Verfassung gutt genuch, fir hei gutt ofzeschneiden?

Eis Verfassung mat sengen 121 Artikelen ass relativ iwwersiichtlech. An

dating 2ch
rome ny dating

https://moien.lu/vinny-ventiera-dating/

Et gëtt och ënnert de seele gudde Béierzorten, deen een

Et war eng onroueg Nuecht, mee d’Situatioun sollt sech berouegen
rome ny dating

Et war eng onroueg Nuecht, mee d’Situatioun sollt sech berouegen

Wéinst de staarke Néierschléi vun dëser Nuecht, virun allem am

Krautmaart: vill Froen an eng Rei Gesetzprojeten evakuéiert

Krautmaart: vill Froen an eng Rei Gesetzprojeten evakuéiert

En Dënschdeg war et déi éischt (klassesch) Chamberssëtzung vun der neier Legislaturperiod, an hei ass et an éischter Linn drëms gaangen, e puer wichteg an dréngend Gesetzprojeten zu Ofstëmmung ze bréngen. Dorënner de Mindestloun an de REVIS. Mee ugefaangen huet et mat der Froestonn…

An u Froen huet den Deputéierten net gefeelt. Esou ass de Minister François Bausch (déi gréng) zu de Radare befrot ginn, déi zukünfteg Stroossen-Tronçonen iwwerwaache sollen. Wat huet et domatter op sech? De Minister huet informéiert, datt et am Hiecht 2019 zu engem Pilotprojet soll kommen, an eng Mise en Service fir Enn 2019 / Ufank 2020 virgesinn ass.

Hei ass dann och en Aarbechtsgrupp agesat ginn, an deem all d‘Acteuren (Ministère, Ponts & Chaussées an ACL) agebonne sinn. Déi sollen eng Analys vun den Accidenter maachen, a Léisungsvirschléi abréngen. D‘Testphas vum Radar fir de Strooss-Tronçon (N11 Waldhaff – Distanz 4 Km) leeft am Hiecht un, a soll Geschwindegkeetsmoyenne vun den Autoen erfaassen.

Zu Luxtram S.A. huet et och Froe ginn. Hei hat den OGBL um Dënschdeg informéiert, datt d‘Entreprise déi dem Staat an de Stad Lëtzebuerg gehéiert, e Mataarbechert vrun d‘Dier gesat hunn, deen sech beméit huet eng Lëscht opzesetzen, fir bei de kommende Sozialwahlen unzetrieden. Fir de Minister (deen an dësem Fall och e bëssi Patron ass) eng gutt Geleeënheet d‘Punkt ze setzen.

Wéi et sech fir e liberale Patronatsvertrieder gehéiert, dee Récksiicht op seng politesch Positioun muss huelen, eng kloer Äntwert. Esou géif et Geriichter déi fir esou „Differenzen“ dat noutwenneg Fangerspëtzegefill hunn. D‘Regierung (an dat grad da wann se als Patron optrëtt) mëscht sech net an „privatrechtlech Ugeleeënheeten“ an. Esouvill soziaalt Engagement war guer net gefuerdert…

Op d‘Fro zu enger spezialiséierter Eenheet vun der Police fir den ëffentlechen Transport, huet de François Bausch gemengt, datt dëse Projet nach ëmmer aktuell ass. Deen hätt schonn ënnert dem Etienne Schneider (LSAP) kënnen op d‘Bee gesat ginn, mee et huet der Police u Personal gefeelt. Dëse Sujet soll elo nach emol mat der Direktioun vun der Police opgerullt ginn.

Zu de Gesetzprojeten an aneren Dagespunkten

Nodeems d‘Froen all gestallt waren, déi wéi gewinnt net zwéngend eng zefriddestellend Äntwert bruecht hunn, ass et dann ëm de Rescht vun der Dagesuerdnung gaangen. Do ass zum Beispill de provisoresche Staatsbudget (bis Enn Abrëll) mat de Stëmme vun der Majoritéit ugeholl ginn. Eng Prozedur déi dann ugewannt gëtt, wann de Staatsbudget net virum 1. Januar kann ugeholl ginn.

Hei war den Debat zimlech krätzeg, woubäi net den Androck sollt entstoen, datt just well d‘CSV eng Rei Amendementer – déi all vun der Koalitiounsmajoritéit verworf goufen – abruecht hat. Hei huet d‘Josée Lorsché (déi gréng) sech iwwert déi chrëschtlech-sozial opgereegt, an hinnen de Virworf gemaach, si géife „bëlleg Oppositiounspolitik“ bedreiwen. Méi muss net gesot ginn.

Och d‘UN-Klimakonferenz huet gëschter missen e Sujet sinn, an d‘Vertrieder vun der Regierung déi zu Katowice bei der COP24 Lëtzebuerg representéiert hunn sinn op dëst Trauerspill agaangen. Dat waren de Marco Schank (CSV) an den Henri Kox (déi gréng), an fir et einfach emol kuerz ze maachen, si hätten dat grad esou hire respektive Coiffeusen oder Coiffere kënnen erzielen…

Fir déi zoustänneg Ministesch, Carole Dieschbourg (déi gréng) geet et awer virun an et sollt een sech elo op d‘Gesetz konzentréieren dat am neie Regierungsprogramm virgesinn ass. Domatter géif (zumindest) Lëtzebuerg mam gudde Beispill optrieden, firwat ee sech hei mat alle concernéierten Acteure wëll zesummesetzen. Dat alles ënnert dem Motto: „Stop Talking, Start Acting“.

Bis op véier Deputéiert hunn se gëscht um Krautmaart d‘EU-Direktiv ugeholl, déi nei Reegele fir d‘Verhënnere vun der Steierflucht (Anti Tax Avoidance Directive – ATAD) festleet. Déi ëmfaasst folgend Beräicher: d‘Begrenze vun der Ofschreiwung vun Zënsen, d‘Besteierung bei der Sortie, d‘Mëssbrauchsklausel, déi hybrid Dispositiounen an d‘Reegele vir Auslännesch Entreprisen.

A well ee schonn derbäi ass: den CSV-Deputéierte Laurent Mosar, ass dem Henri Kox eppes op de Schlips getrëppelt, wei hien dësem erkläert huet, datt, ugesiichts der Tatsaach, datt Clearstream 200 Leit op d‘Strooss setze wëll, dat well d‘Finanzplaz dach net esou „attraktiv“ ass wéi ëmmer behaapt gëtt, een sech dach eventuell, wann et net ze vill Ëmstänn mécht, sech a seng Themen aschaffe sollt.

Hei stellt sech d‘Fro, a wat sech de gréngen Deputéierten hätt sollen aschaffen. Den Henri Kox huet nämlech knëppelhaart behaapt, keng Ahnung ze hunn, vu wat de Laurent Mosar do géif schwätzen. Interessant hei: den Henri Kox, ass net un der Aktualitéit drun, wëll nach iert et zu der Sëtzung um Krautmaart komm ass, hat dës Meldung den Tour vum Land gemaach.

Ähnlech Sujeten Chamber, Krautmaart, Regierung, Sëtzung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel