Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

UNEL: Méi Kommunikatioun an Zesummenaarbecht
https://moien.lu/funny-online-dating-puns/

UNEL: Méi Kommunikatioun an Zesummenaarbecht

Den 28. An 29. Dezember huet d‘UNEL säi Joreskongress zu

dating sites friesland
hookup history
https://moien.lu/funny-online-dating-puns/

https://moien.lu/dating-anxiety-and-panic-attacks/

Am Kader vun der Internationaler Motor Show vu Lëtzebuerg huet

What the Fakt – 3 Joer Weltemseegelung mam Joshua Slocum
https://moien.lu/funny-online-dating-puns/

What the Fakt – 3 Joer Weltemseegelung mam Joshua Slocum

No enger dräi järeger Eenhand-Weltemseegelung kënnt den amerikanesche Kapitän Joshua

Um Krautmaart hunn se e Gesetz zur Kierperkonscht ugeholl

Um Krautmaart hunn se e Gesetz zur Kierperkonscht ugeholl

Wann ee bedenkt, datt et bis gëschter kee Gesetz ginn huet, dat d‘Aktivitéite ronderëm d‘Kierperkonscht (vu Piercing bis Tattoo) encadréiert huet, da war héich Zäit. Mee wien der Gesondheetsministesch gëscht gutt nogelauschtert huet, war streckeweis „verwonnert“.

Esou sot d‘Lydia Mutsch (LSAP), datt den Haaptpunkt vun dësem Gesetz de Schutz vu Mannerjärege wier. D‘Tatsaach, datt zukünfteg eng Erlaabnes vum Erzéiungsberechtegte muss virleien, ass ee gudde Kompromëss deen an der zoustänneger Kommissioun fonnt gi wier. Hei hat et wuel och eng ganz Rëtsch Amendementer ginn.

Déi schéngen dann och noutwenneg gewiescht ze sinn. D‘Deputéiert Françoise Hetto (CSV) huet an hirer Interventioun betount, datt seng Fraktioun dem Text net zougestëmmt hätt, wann et net zu den Aschränkunge beim Alter komm wier.

Hier Fraktiounskollegin, Martine Mergen, déi Doktesch am Prisong zu Schraasseg ass, hätt gutt Kenntnisser am Beräich vun der Kierperkonscht. Esou soll si an der Kommissioun bericht hunn, datt et kaum virstellbar wier, wat déi Gefaangen alles benotze fir sech en Zeechen op d‘Haut ze maachen. Ee vun de Grënn, firwat et am Prisong en Tattoo-Studio gëtt.

Et muss ee Limitte setzen

De Gusty Graas (DP) hält dru fest, datt et och bei der Kierperkonscht muss Limitte ginn. Esou sollt op kee Fall toleréiert ginn, datt ee sech zu Lëtzebuerg en Tattoo kann opbrénge loossen, deen en däitlech rassisteschen oder xenophobe Message transportéiert.

Fir d‘Josée Lorsché stellt sech d‘Fro vun der Deontologie an der Verantwortung. Kann een en Tätowéierer juristesch zur Verantwortung zéien, wann dësen op Wonsch vum Client en Hakekräiz stécht? Eng Fro déi um Krautmaart gëschter net mat enger Äntwert sollt begléckt ginn. Et ass dann awer e Punkt deen et ze kläre gëllt.

De Rapporter Georges Engel (LSAP) weist dann nach drop hin, datt dat neit Gesetz sech net eleng op Tätowéierunge bezitt. Hei géif et och ëm zougeuerdent Aktivitéite goen. Esou hëlt sech den Text och der „éiweger Schmink“ dem „Branding“ oder dem „Cutting“ un.

A wann sech zu gudder Lescht d‘Lydia Mutsch huet dierfe freeën, datt d’Gesetz eestëmmeg ugeholl ginn ass, wat virun allen dorunner geleeën huet, datt et Altersaschränkungen enthält, esou huet d‘Medail bekanntlech zwou Säiten. D‘Ministesch hätt et gäre gesinn, wann sech d‘Deputéiert och zu de Gefore vun de Sonnebänke geäussert hätten. Et kann een awer net alles hunn.

Déi wichtegst Erkenntnisser vum Gesetz

Wien Tätowéiert, Stécht (Piercing), e Brandzeeche setzt, d‘Haut schnëtzt (Cutting) oder just éiweg Schmink ubréngt, muss iert seng „Aktivitéit“ umellt, eng spezifesch Formatioun maachen. Déi soll sécherstellen, datt ee mat der Hygiène vertraut ass an et net zu Infektioune kënnt.

Wëll eng esou gemaachte kierperlech Verännerung nëmme bedéngt réckgängeg ze maachen ass, huet d‘Gesetz e Gespréich virgesinn. De Client muss virum Agrëff iwwert d‘Risiken an d‘Konsequenze vun der ugewannter Technik opgekläert ginn. Hei geet et net ëm e banalen Akt, an de Client muss mat senger Ënnerschrëft erklären, alles verstanen ze hunn.

Et muss ee mindestens 16 Joer al sinn fir en Tattoo oder Piercing kënne gemaach ze kréien, woubäi bis zum 18. Gebuertsdag, d‘Autorisatioun vun den Eltere virleie muss. Branding a Cutting ass bei Mannerjärege ganz Verbuede. (Vum Text ausgeholl: d‘Ouerläppercher)

Wien sech dozou entscheede sollt, d‘Optioun „Schlaangenzong“ oder „Vampirzänn“ ze wielen, dee kann sech dofir net mat engem Profi aus der Kierperkonscht zefridde ginn. Bei dëser Moud ass een däitlech am medezinesche Beräich ukomm. Dat erkläert dann och firwat am Gesetz festgeluecht ginn ass, datt eenzeg an eleng Medeziner de gewënschten Agrëff dierfen duerchféieren.

Sonnebänken dierfen och net méi just einfach esou opgestallt ginn. Wien esou e Studio bedreift, muss noweisen, datt een eng Formatioun (min. 8 Stonnen) duerchlaf huet, bei där engem d‘Reegele vun der Hygiène an dem UV-Schutz erkläert gi sinn. De Service ass fir mannerjäreg net zougelooss.

Ähnlech Sujeten Branding, Chamber, Cutting, Gesetz, Kierperkonscht, Tattoo
Nächsten Artikel Virrechten Artikel