Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Spuenien: Madrid wëll de Streik vun den Taxichauffere briechen
Neiegkeeten

Spuenien: Madrid wëll de Streik vun den Taxichauffere briechen

Zanter engen zéng Deeg hunn es d‘Taxichauffere vu Madrid mat

dislikesurprise
Editorial: Ass et nach zäitgeméiss hautdesdaags en Eefamilljenhaus ze bauen?
Neiegkeeten

Editorial: Ass et nach zäitgeméiss hautdesdaags en Eefamilljenhaus ze bauen?

Eppes Polemik um Méindegmuere ka net schueden an esou ass

geek
Nerd News: Microsoft verbënnt „Chromium“ mat „Edge“
Neiegkeeten

Nerd News: Microsoft verbënnt „Chromium“ mat „Edge“

De 6. Dezember huet Microsoft ugekënnegt, datt ee Pläng huet,

Krautmaart: Haut ginn déi vereedegt, déi dir gewielt hutt

Krautmaart: Haut ginn déi vereedegt, déi dir gewielt hutt

D‘Chamberwahle leien hannert eis, d‘Koalitiounsgespréicher komme virun an esou lues gëtt et Zäit datt um Krautmaart nees Politik gemaach gëtt. Iert deem awer esou ka sinn, mussen nach e puer „Formalitéiten“ erleedegt ginn: esou d‘Vereedegung vun den Deputéierten.

Fir déi meescht ënnert den Deputéierten ass et scho bal „Routine“, mee fir ganzer néng Kandidaten dierft et e kribbelegen Ament ginn, ëmmerhin ass et net jidderengem ginn an dësem héijen Haus ze siegéieren. Eppes allerdéngs, dat dierft iwwerraschen: am provisoresche Büro ass dës Kéier keng vun de sougenannten „Volleksparteien“ vertrueden. Eng interessant Konstellatioun…

Tatsächlech verhält et sech esou, datt déi haideg Sëtzung vu kengem anere wéi dem Gast Gibéryen (ADR) presidéiert gëtt, well hien den eelsten ass. Him stinn dann déi zwee jéngst zur Säit: de François Benoy (déi gréng) an de Sven Clement (Piraten). Dëse provisoresche Büro gëtt also vu politesche Vertrieder gefouert, déi een sech esou net onbedéngt op der Presidenten-Tribün erwaart.

Scho laang derbäi

Mat 68 Joer, gëtt de Gast Gibéryen, bis de neie Chamberpresident definéiert ka ginn – de Mars di Bartolomeo (LSAP) géif de Posten nawell gäre fir weider 5 Joer iwwerhuelen – zum „éischte Bierger am Land“. Fir de fréiere Buergermeeschter vu Fréiseng, dee 1989 nach als Kandidat vum „Aktiounscomité 5/6 Pensioun fir jiddereen“ an d‘Chamber agezu war, e besonneschen Dag.

Interessant dann awer d‘Feststellung, datt et grad déi kriteschst Partei – am Bezuch op d‘Wahle vum 14. Oktober – ass déi d‘Presidence iwwerhëlt. Erënnere mir kuerz drun, datt de Robert Mehlen, Kandidat am Osten an ADR-Éierepresident, engersäits d‘Resultat a senger aktueller Form net unerkennt, an juristesch dogéint virgeet. Anersäits hien op eng Reform vum Wahlsystem besteet.

Eis dräi Deputéiert, Gast Gibéryen, François Benoy a Sven Clement, lousen 7 Kandidaten, déi d‘Kommissioun zur Iwwerpréiwung vu de Pouvoire bilde mussen. Déi kläert op bei de Wahlen alles säi richtege Wee gaangen ass, an op all Kandidat d‘Konditiounen erfëllt, esou wéi se am Wahlgesetz an och an der Verfassung festgehale goufen.

En interessanten Detail

Am Kontext vun dëse „Konditiounen“ muss ee festhalen, datt et beispillsweis am Fall vun de Bridder Martin an Henri Kox esou kann ausgoen, datt no der Regierungsbildung béid Kandidaten um Krautmaart misste siegéieren, wat esou net zoulässeg ass. Wa kee vu béiden e Mandat als Minister erhält, muss ee säi Mandat zur Verfügung stellen.

Wann d‘Kommissioun seng Aarbecht erleedegt huet, leet si hir Conclusiounen am engem Bericht vir. Dee muss da vun der Chamber approuvéiert ginn. Déi Deputéiert, deenen hiert Mandat validéiert ginn ass, ginn uschléissend no Bezierker regroupéiert a kënne vereedegt ginn. Déi gewielte Kandidaten déi Member vun der aktueller Regierung sinn, ginn haut net vereedegt.

D‘Membere vun der aktueller Regierung déi keng Plaz an der neier Regierung erhalen, also als Deputéiert siegéiere wäerten, ginn an enger spéiderer ëffentlecher Sëtzung vereedegt. Dat awer eréischt nodeems déi nei Regierung zesummegestallt ginn ass.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Chamber, Chamberwahlen 2018, François Benoy, Gast Gibéryen, Krautmaart, Sven Clement
Nächsten Artikel Virrechten Artikel