Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi lénk: dem Koalitiounsaccord feelt et u Perspektiven
Neiegkeeten

Déi lénk: dem Koalitiounsaccord feelt et u Perspektiven

Bei déi lénk, ass een nach ëmmer op der Sich

surprise
Volleyball 1. Divisioun: VC Belair mat iwwerzeegendem Start an d‘Saison
Neiegkeeten

Volleyball 1. Divisioun: VC Belair mat iwwerzeegendem Start an d‘Saison

Nodeems um virleschte Sonndeg de Match géint den CHEV Dikrech

A fort sinn se erëm: BIRD muss seng elektresch Trottinetten ewechhuelen
Neiegkeeten

A fort sinn se erëm: BIRD muss seng elektresch Trottinetten ewechhuelen

Nodeems d’Societéit BIRD ouni all noutwenneg Autorisatiounen seng elektresch Trottinetten

Krautmaart: Interpellatioun zu Europa

D‘Zukunft vun der Unioun definéiert sech iwwert d‘Ecoute vu senge Bierger oder guer net

Krautmaart: Interpellatioun zu Europa

Wann eng Konferenz iwwert d‘Zukunft vun der europäescher Unioun geduecht ass, de Bierger méi Matsproocherecht iwwert de Fonctionnement vun der Institutioun ze ginn, esou wéi dat vum franséische President gewollt ass, dann dierf een de Bäitrëttskandidaten net d‘Dier vrun der Nues zouschloen, mengt zumindest den Deputéierte Claude Wiseler (CSV) am Kontext vu senger Interpellatioun zur Participatioun vu Lëtzebuerg un der Konferenz iwwert d‘Zukunft vun der EU.

Et kéint een nu emol net déi europäesch Unioun mat enger Biergerbedeelegung reforméieren an am gläichen Ament säi Veto enger Erweiderung vun der EU virleeën. Woubäi „Konferenz“ e grousst Wuert ass, an „Zyklus“ déi besser Definitioun gewiescht wier. Dës Konferenz nämlech soll de 9. Mee (Dag vun Europa – zu Lëtzebuerg en offizielle Feierdag) ufänken an zwee Joer daueren. Mee gutt dat ass elo eng Wuertspillerei, an ass eng logesch Suitte vum europäesche „Biergerdialog“.

Hei awer ass de Claude Wiseler net méi mat. Et wier sécherlech eng gutt Saach matenaner iwwer alles ze schwätzen, wat awer och viraussetzt, datt een dem Gespréichspartner nolauschtert an dësen net nëmmen „héiert“. Nëmme wann ee nolauschtert wier iwwerhaapt méiglech Conclusiounen aus den Diskussiounen ze zéien, a grad un de Conclusioune feelt et. Do war dem Jean-Claude Juncker säi „wäisst Buch“ mat de fënnef Zeenarie fir d‘Evolutioun vun der EU déi besser Alternativ.

Europa

© Limor Zellermayer / unsplash

Wann een sech awer op d‘Zukunft virbereede wëll, da mussen och déi dräi Saile vun der EU (dat sinn d‘EU-Kommissioun, den EU-Rot an d‘EU-Parlament) Hand an Hand zesummeschaffen, wat aktuell nach ëmmer net de Fall ass. Bedenkt een hei d‘Erausfuerderungen déi a punkto Klima, Ëmwelt a Wirtschaft mee och Soziales ustinn, dann och nach de Wëllen sech „militäresch“ ze stäerken, bréicht et ee Konsens, deen et aus nationalen Interessen an Erwägungen hir net gëtt.

An mat engem flotte Beispill kann sech de Claude Wiseler ervirdoen: esou verdeedegen eis franséisch Noperen hir Atomwirtschaft an d‘Polen hir Kuelegrouwen. Wéi een sech a Klimafroen do nach soll eens ginn, wëll den Deputéierten eigentlech guer net méi beäntwert kréien. An dat ass nëmmen ee vu ville Punkten, deen och am Sënn oder op Wonsch vun de Bierger dréngend ze kläre wier. An esou ergëtt et sech, datt Europa mat ënnerschiddleche Vitesse „virukënnt“.

E Punkt deen, esou zumindest de CSV-Deputéierten, net verkéiert ass. Staark Kollaboratiounen a gestäerkt national Parlamenter, deenen och e Recht zur „Initiativ“ muss zougestane ginn, kéinte wiesentlech méi erwierken. Hien empfeelt datt d‘Chamber dem Bierger géinteniwwer trëtt an am direkten Dialog d‘Zukunft vun der europäescher Unioun diskutéiert. Recht huet de Claude Wiseler, well u sech ass genee dat eng vun de grondsätzleche Missioune vun dëser Institutioun.

Europa

© Perry Grone /unsplash

Mat enger Resolutioun hunn d‘CSV-Fraktioun dann och d‘Chamber invitéiert d‘Konferenz zur Zukunft vun der europäescher Unioun ze begleeden. Déi Resolutioun ass dann awer an déi zoustänneg Chamberkommissioun verwise ginn an dat ass seelen e gutt Zeechen. Mee zuweile geschéien nach Zeeche a Wonner. Woubäi jo elo och d‘Koalitiounsparteien hei net esouwäit vun der Oppositioun ewech sinn, wéi dat bei aneren Diskussiounen oft de Fall ass. Mee wéi soll et goen?

Fir den Yves Cruchten (LSAP) deen d‘Kommissioun presidéiert, sollt een nach en Ament Gedold hunn. D‘Konferenz géif elo emol virbereet, an natierlech wier d‘Roll vun den nationale Parlamenter e wichtege Bestanddeel. Fir den Deputéierte vun déi lénk, Marc Baum ass alles wat hei gesot gouf, wuel gutt intentionéiert, mee ass et och eescht gemengt? Hie gëtt ze bedenken datt de Juncker viru fënnef Joer seng Kommissioun als d‘Kommissioun vun der leschter Chance bezeechent hat.

Europa

© Ray / unsplash

D‘Viviane Reding (CSV) déi als EU-Kommissärin weess wéi den Hues leeft, bedauert virun allem, datt d‘Kommissioun seng Entscheedungen hanner zouen Dieren trëfft, wat dann nees derzou féiert, datt déi national Parlamenter sech Direktiven ausgesat gesinn, déi si an national Gesetzer ëmmënze mussen ouni och nëmmen déi geréngste Méiglechkeet ze hunn, dës Direktiven ze kontestéieren. An dann héiert een nees: „Dat eis vu Bréissel esou virgesat ginn“, a genee dat schued dem Projet EU.

Eisen Ausseminister Jean Asselborn (LSAP), deen dat Ganzt eppes méi pragmatesch ugeet, notéiert datt an der Essenz eigentlech d‘Fuerderung dohinner geet, déi bestoend Accorden ze reforméieren. Esou wéi déi gréng Deputéiert Stéphanie Empain, déi fir unzefänken d Eestëmmegkeet ofschafe wëll. Dat geet awer nëmme wann déi europäesch Staats- a Regierungscheffen esou eng Moossnam „eestëmmeg“ géifen unhuelen. A genee dat wäert net antrieden. National Interesse si méi wichteg…

Foto: © Perry Grone /unsplash

Ähnlech Sujeten Chamber, Claude Wiseler, Europa, Europäesch Unioun, Interpellatioun, Konferenz, Krautmaart, Zukunft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel