Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Virgin Money Unity Arena – Concerten mat bis zu 2.500 Fans!
Neiegkeeten

Virgin Money Unity Arena – Concerten mat bis zu 2.500 Fans!

D’Hygiènesmesuren a sanitär Reegelen si jo iergendwéi schonn zur Gewunnecht

Frankfurter Buchmesse 2020: Kee Lëtzebuerger Stand
Neiegkeeten

Frankfurter Buchmesse 2020: Kee Lëtzebuerger Stand

Enn Mee gouf ugekënnegt, datt d’Editioun 2020 vun der Frankfurter

Avis fir de Public: De Fonctionnement vun der Stad Esch am Kontext vum Coronavirus
Neiegkeeten

Avis fir de Public: De Fonctionnement vun der Stad Esch am Kontext vum Coronavirus

Trotz der Pandemie vum Covid19 deen d‘Bevëlkerung den Ament trëfft,

Um Krautmaart soll muer iwwer d‘Noutstandsgesetzer berode ginn

Um Krautmaart soll muer iwwer d‘Noutstandsgesetzer berode ginn

Mam Ausruffe vum nationalen Noutstand, deen op engem besonneschen Artikel vun der (nach net reforméierter) Verfassung berout, ginn all eis Fräiheete beschnidde mee et kann zur Stonn nach net rieds vun engem „Policestaat“ sinn.

Och wann dësen Text – am Kontext vun den Attentater vu Paräis am Joer 2015 – 2017 ugepasst ginn ass, esou gëtt et awer nach Sécherheeten. An dësem Fall goufen awer intelligenterweis och déi ganz Krisemesuren op de Leescht geholl a gläichfalls ugepasst. Den Artikel 32.4. gesäit vir, datt am internationale Krisefall an enger reeller Bedreeung (…) an nodeems de Groussherzog d‘Urgence constatéiert huet, an d‘Chamber net an der Lag an engem ugemoossenen Zäitraum, d‘Regierung regulatoresch Moossnamen ergräife kann.

Méi einfach ausgedréckt, wann d‘Regierung eng Moossnam juristesch ofséchere wëll awer dozou kee Gesetz an der Chamber stonnelaang berode wëll, da mécht si ee sougenannt groussherzoglecht Reglement an de Groussherzog muss säi Krop drënner setzen. Et ass also de Regierungsrot deen all d‘Decisiounen op seng Kap hëlt. Déi entspriechend Noutstandsgesetzer sinn domadder säit e Mëttwoch a Kraaft. Mat dësem „Instrument“ kënne bestoend Gesetzer ausser Kraaft gesat ginn, mee d‘Mesure mussen ëmmer „Noutwenneg“, „Adequat“ a „Proportionell“ sinn.

Dat heescht datt och wann d‘Chamber, déi d‘Aktioune vun der Regierung awer weider am A behält, esou bleift si den éischte Pouvoir am Land. Esou muss d‘Chamber spéitstens no zéng Deeg déi vun der Regierung agefouert Mesuren, mat enger Zweedrëttelmajoritéit validéieren. An do heescht et weider, datt entspriechend der Verfassung, eng „Verlängerung“ muss duerch een oder zwee weider Gesetzer entscheet ginn, dat ouni méi wéi dräi Méint Gültegkeet ze hunn. Scho wäit am Viraus huet sech de Premierminister mam Groussherzog zu dëser Prozedur ofgestëmmt.

Et ass sech natierlech och mat der Chamber an dem Staatsrot accordéiert ginn. Lescht genannte sollt nach haut säin Avis zum Noutstandsgesetz ofginn, esou dat haut am Nomëtteg d‘Kommissioun vun den Institutiounen Kenntnis dovunner kritt an ee Gesetzprojet fir d‘Verlängerung opsetze kann. Dat kéint ee „laangen Owend“ ginn, well et heescht weider, datt scho muer Samschdeg d‘Chamber siegéiere soll, fir dann iwwert dëse Gesetzprojet ofzestëmmen.

Weise mir nach drop hin, datt d‘Noutstandsgesetzer mat der Beendegung vun der Kris automatesch ausser Kraaft geholl ginn an d‘Chamber jo och d‘Recht huet, dës Gesetzer zu all Ament ze suspendéieren oder annuléieren.

Illustratioun: © Charles Deluvio / unsplash

Ähnlech Sujeten Chamber, Coronavirus, Krautmaart, Kris, Noutstandsgesetzer, Regierung, Regierungsrot
Nächsten Artikel Virrechten Artikel