Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Piraten an d’Muffelen: Eng Debatt iwwert d’Juegd an d’Déiereschutzgesetz
Neiegkeeten

D’Piraten an d’Muffelen: Eng Debatt iwwert d’Juegd an d’Déiereschutzgesetz

D‘Pirate fuerderen eng breet an differenzéiert Debatt iwwert d‘Juegd an

Youth for Climate – d’Jugend mengt et Eescht!
Neiegkeeten

Youth for Climate – d’Jugend mengt et Eescht!

Um haitege Freideg de Mëtteg ass sech nees fir de

Loftschléi géint Syrien: Wat ee bis ewell weess
Neiegkeeten

Loftschléi géint Syrien: Wat ee bis ewell weess

D‘USA, Groussbritannien a Frankräich, hunn an der Nuecht vum Freideg

Brauch de Krautmaart eng Reform?

De Mouvement Ecologique wëll d‘Chamber op lénks dréinen

Brauch de Krautmaart eng Reform?

Am Kéisécker-Info vum Februar, der Revue vum Mouvement Ecologique (Meco), gëtt sech op der Säit 3 mat der Roll vun der Chamber befaasst. Eng Chamber där hir Memberen de Kontakt zu deene Leit verluer soll hunn, déi si eigentlech vertriede sollten. Demokratie, esou de Meco, geet anescht.

Esou wéi de Meco et gesäit, entsprécht d‘Roll an den Aarbechtsalldag vum Krautmaart net méi den Ufuerderunge vun der Demokratie. En Zoustand deen an där Form net méi ze toleréiere wier, firwat et dréngend zu enger grondleeënder Reform vun der Chamber komme misst. Interessant hei: et gëtt eng konsequent Erweiderung vum Aufgabeberäich gefuerdert…

Dobäi hat de Meco rezent begréisst, datt sech d‘Chamber personell verstäerkt huet, woubäi hinnen dat net wäit genuch geet. Et misste weider Poste geschafe ginn, an déi solle mat „Spezialisten“ aus de verschiddene politesche Beräicher besat ginn. Begrënnt gëtt dat esou: méi Spezialisten an der Chamber verhënnert, datt sech ausschliisslech op d‘Kompetenze vu Beamte muss verlooss ginn.

Eng aner Informatiounspolitik?

Wou et laut dem Meco nach Changementer muss ginn, datt ass déi Aart a Weis wéi d‘Rapporte vun de Kommissioune verëffentlecht ginn. De schwéierste Virworf hei: den Delai vun der Publikatioun. Esou géifen d‘Rapporte vun de Kommissioun oft eréischt Wochen no de Sëtzunge verëffentlecht, an wann een net grad zu den Auserwielte géif gehéieren, wier et net méiglech deem ze follegen.

Zudeem – an domatter huet net nëmmen de Meco esou seng Schwieregkeeten – gëtt monéiert, datt an dëse Rapporten net d‘Nimm vun den Intervenante fir déi ënnerschiddlech Stellungname genannt ginn. Eng Informatioun déi awer dem interesséierte Bierger muss zougänglech sinn, well vun dësem erwaart gëtt, datt hien „en connaissance de cause“ déi Partei wiele kann, déi seng Interesse vertrëtt.

En anere Virworf, betrëfft d‘Echangen tëscht de Kommissiounen an der Zivilgesellschaft. Hei ass de Meco iwwerzeegt, datt dësen Austausch bewosst behënnert gëtt. Dat aus eegener Erfarung, an esou stellt een dréche fest, datt et während der leschter Legislaturperiod, kaum zu Entrevuen an/oder Gedankenaustausch komm ass, zumindest am Beräich Ëmwelt an nohalteg Entwécklung.

Den Avis ass näischt anescht wéi eng Interessevertriedung

Wa Gesetzer ausgeschafft ginn, gëtt och ëmmer den Avis vun de Beruffsverbänn, ONGen, oder soss Acteuren aus der Zivilgesellschaft gefrot. De Meco ënnerstellt hei den Deputéierten, datt sech a jéngster Vergaangenheet haaptsächlech mam Avis vum Staatsrot beschäftegt ginn ass, an den Avise vun „deenen aneren“ nëmme wéineg Beuechtung geschenkt ginn ass. Dat ass net demokratesch…

Elo wou sech beim System mat de Petitiounen, esou lues awer sécher eng gewësse Routine ergëtt, bleift ze bedaueren, esou de Meco, datt et schwiereg ass ze determinéieren, wei eng Conclusiounen déi Deputéiert aus dësen Texter zéien, a wéi se gedenken domatter ëmzegoen. Souwisou ass et laang geheegte Wonsch vum Meco, datt et zu Lëtzebuerg zu Referenden op Biergerinitiativ komme soll.

An dësem Kontext, kann een och d‘Fuerderung verstoen, laut där et bei den ëffentlechen Auditioune vun de Petitionnaire, och aneren Acteure vun der Zivilgesellschaft soll erlaabt sinn ze intervenéiere fir datt et net zu enger eesäiteger Meenungsbildung kënnt. Iwwerhaapt misst et méi ëffentlech Debate ginn, un deenen sech d‘Bierger bedeelege kënnen. Mee wëll de Bierger dat iwwerhaapt?

Foto: Zanter eppes méi wéi fofzeg Joer, trëtt de Mouvement Ecologique der héijer Politik ëmmer nees op d‘Féiss an hält de Volleksvertrieder de Spigel virun d‘Nues. Elo gëtt net manner wéi d‘Reform vun der Chamber gefuerdert.

Ähnlech Sujeten Chamber, Ëmweltschutz, Krautmaart, Mouvement Ecologique, nohalteg Entwécklung, Reform, Zivilgesellschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel