Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vu lauter Beem gesäis du de Bësch net méi?
Neiegkeeten

Vu lauter Beem gesäis du de Bësch net méi?

Organiséiert vum Service vum natierleche Patrimoine vun der Stad Lëtzebuerg,

Britesch Euroskeptiker wëllen e Konzessiounsfräie Brexit
Neiegkeeten

Britesch Euroskeptiker wëllen e Konzessiounsfräie Brexit

D‘Plattform „Leave means Leave“, déi engem konzessiounsfräie Brexit favorabel ass,

Texas: D’Hiriichtung vum Robert Pruett
Neiegkeeten

Texas: D’Hiriichtung vum Robert Pruett

De Staat Texas huet um Donneschdeg en Mann higeriicht, dee

Um Krautmaart ass sech mat der Iechternacher Sprangprëssessioun beschäftegt ginn

Um Krautmaart ass sech mat der Iechternacher Sprangprëssessioun beschäftegt ginn

Et war de fréieren Iechternacher Buergermeeschter, Jos Scheuer (LSAP), deen dësen 22. Mee eng Petitioun agereecht hat, fir géint de Fait ze protestéieren, datt de Päischtdënschdeg net generell als „Schoulfräi“ bäibehale gëtt, firwat d‘Kanner net méi un der Sprangprëssessioun deelhuele kënnen.

Seng Petitioun huet zwee Punkten ervirgehuewen: engersäits d‘Valorisatioun vum UNESCO-Weltkulturierwen zu Lëtzebuerg, an anersäits, fir all Éiwegkeet de Päischtdënschdeg als Schoulfräi festzeleeën. Wann an der Chamber der Argumentatioun vun de Petitionnaire Rechnung gedroe ginn ass, esou hunn si net Recht kritt, a mussen sech wuel oder iwwel mat engem Kompromëss offannen.

Woubäi et hei nach emol wichteg ass drop hinzeweisen, datt d‘Polemik net säin Ursprong am Kapp vum Jos Scheuer huet. D‘Polemik ronderëm d‘Sprangprëssessioun, war vun der Äerzdiözese vu Lëtzebuerg, bei der leschter Editioun lancéiert ginn. Zesumme mam CSV-Buergermeeschter Yves Wengler an den Häre Jos Schmit, Alex Langini an Marc Diederich, wollt hien den Nol aschloen.

Den Educatiounsminister kritt d‘Kéier

Et gouf, wéi net anescht ze erwaarden, vill diskutéiert an deels och gejéimert, fir um Enn zu engem Kompromëss ze kommen, deen den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) formuléiert huet. Et soll an Zukunft zu engem „Dag vum kulturelle Patrimoine“ an allen ëffentleche Schoule kommen.

Am Kloertext heescht dat, datt all Schoulen aus dem Fundamental- a Sekundärunterrecht, esou en Evenement organiséieren dierfen. Dat gëllt selbstverständlech och fir de Päischtdënschdeg 2019, deen op den 11. Juni fält, an esou net méi an d‘Päischtvakanz. Wien also wëll, kann am Kader vun engem Klassenausfluch, un dësem grousse Kierchefest an der Abteistad deel huelen.

De Kompromëss, dee vun der breeder Majoritéit ugeholl ginn ass, huet sech just un de Stëmme vun der ADR gestouss. Si hunn sech eleng hannert d‘Fuerderunge vun de Petitionnaire gestallt, a sech fir e generelle schoulfräien Dag ausgeschwat.

Schued datt hei d‘Schüler net gefrot goufen

Notéiere mer dann nach op dëser Plaz, datt esouguer d‘Organisateure vun der Sprangprëssessioun sech mussen agestoen, dat nëmme ronn 2.400 vun den am ganzen 90.000 Schüler aus dem Land, un der leschter Editioun deel geholl un. Consideréiert een datt d‘Kanner fräi haten, dierf et erlaabt sinn ze bemierken, datt UNESCO hin oder hir, den Interessi dach awer „gemässegt“ ass.

Woubäi et och sécherlech net verkéiert ass ze behaapten, datt et kaum e Schüler dierft ginn, dee rose wier, wann op Päischtdënschdeg keng Schoul ass. Fir si ännert sech mam Kompromëss awer eppes. Mat der Aféierung vun engem „Dag vum kulturelle Patrimoine“ ass et elo de Schoulen opgedroe ginn, ee Schouldag fir d‘Entdeckung vun der Landeskultur ze bestëmmen.

Esou soll sécher gestallt ginn, datt och déi zukünfteg Generatiounen déi Lëtzebuerger Kultur kenne léieren, wäert ze schätze wëssen a valoriséieren. Et ass deemno egal op d‘Schüler genéidegt ginn op d‘Sprangprëssessioun ze goen, oder sech e Musée, a firwat net en Theaterstéck, op d‘Long zéien. Haaptsaach „Kultur“. Laut dem Ministère sollen déi Deeg tëscht dem 1. a 14. Juli ofgehale ginn.

mam Laure Schlesser

Foto: Géint „d‘Sprangen“ hunn déi meeschte Schüler näischt, et ass dat „wou a firwat“ gespronge gëtt, wourop et ukënnt. An et muss ee scho richteg kathoulesch sinn, fir un der Iechternacher Sprangprëssessioun fräiwëlleg matzemaachen.

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, Iechternach, Jos Scheuer, Sprangprëssessioun, Yves Wengler
Nächsten Artikel Virrechten Artikel