Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Jean Asselborn war zu Berlin
Neiegkeeten

De Jean Asselborn war zu Berlin

De 27. August huet een vun der däitscher EU-Presidence organiséiert

Presidentschaftswahl a Polen: Den Duda verpasst d‘absolutt Majoritéit
Neiegkeeten

Presidentschaftswahl a Polen: Den Duda verpasst d‘absolutt Majoritéit

Den nationalkonservativen an homophoben Andrzej Duda huet bei enger Wahlbedeelegung

Wantervullenzielung 2020: D’Gëlle Kroun fir d’Schielmees
Neiegkeeten

Wantervullenzielung 2020: D’Gëlle Kroun fir d’Schielmees

Bei der jéngster Editioun vun der Wantervullenzielung 2020 hu knapp

Krautmaart: Parteiiwwergräifend Eenegkeet bei de Stroosseninfrastrukturen

Krautmaart: Parteiiwwergräifend Eenegkeet bei de Stroosseninfrastrukturen

D‘Sëtzung um Krautmaart vum Mëttwoch Nomëtteg kéint een als „Formalitéit“ betruechten, well sech mat Gesetzprojeten ausenanergesat ginn ass, déi kaum bis guer net vun der Oppositioun kontestéiert gi sinn. Besonnesch bei de Projeten déi sech op d‘Stroosseninfrastrukture bezéien, ass den Androck bliwwen, datt déi Deputéiert der Regierung de Réck gestäipt hunn.

Esou ass et ëm Echangeure, Pôles d‘Echange an nach e Fleegeheim gaangen. Als éischt dann den Ëmbau vum Echangeur Diddeleng/Bireng fir deen 2016, 39,5 Milliounen Euro bewëllegt goufen. D‘Aarbechten déi 2014 ugefaangen hunn verbrauchen awer méi Geld wéi virgesinn. Hei ass een elo bei enger Zomm vun 51 Milliounen ukomm, eng zousätzlech Enveloppe huet misse gestëmmt ginn.

Hei haten se um Krautmaart dann och kee Choix, wéi et vum Staatsrot a sengem Avis zum Gesetz heescht. De Staatsrot bedauert dann och, datt déi prozedural Opdeelung géint d‘Prinzipie vun der Transparenz an der gudder Gouvernance verstoussen. Bei grousse Chantieren, déi sech dann och nach iwwer Joren hinzéien, ass et awer Usus, datt se um Enn méi kaschten, wéi initial virgesinn.

Et ass e wichtege Projet

Et muss een dann awer och festhalen, datt sech an der Chamber kee géint dëse Projet stellt. Den Echangeur Diddeleng/Biereng bréngt a villerlee Hisiichten Erliichterungen. Esou e besseren Accès zur Autobunn, mat deem och d‘Kapassitéite fir déi nogeleeën Industriezon erhéicht ginn. Vum neien Echangeur profitéieren och déi geplangten Urbanisatiounsprojeten.

Déi Diddelenger CSV-Deputéiert Sylvie Andrich begréisst an dësem Kontext ausdrécklech, datt den Infrastrukturminister François Bausch (déi gréng) d‘Aarbechte vum Schallschutz virugedriwwen huet. D‘Opriichte vu dëser „Mauer“ sollt jo eigentlech eréischt am Kader vum nationale Plang géint de Kaméidi geschéien, konnt awer hei an de Projet afléissen.

Elo huet déi Mauer – mat enger Längt vun 2,3 Kilometer an enger Héicht vun 3 Meter – och en Afloss op d‘Baukäschten, mee net eleng. Méikäschte sinn och entstanen, well ee sech dem Asbest huet missen entleedegen, e klenge Contournement huet misse bäigeprafft ginn an den Uschloss vun der Vëlospist direkt matgemaach gëtt. Saachen déi net am urspréngleche Projet enthale waren.

Neie Wunnraum schafen

Fir d‘Josée Lorsché (déi gréng), Beetebuerger Deputéiert a Rapportrice vum Gesetzprojet, huet den Echangeur Diddeleng/Biereng eng wichteg Funktioun. Esou misst een dësen an de Kontext vum Ausbau vum Eisebunnsterminal „Eurohub-Süd“ stellen. Mat dësem Projet vun den CFL, dee bis Juni 2020 soll fäerdeggestallt ginn, erhéicht sech den Trafic konsequent.

No Diddeleng ass sech der Stad Lëtzebuerg zougewennt ginn. Hei stoungen de Pôle d‘Echange an d‘Rue des Scillas um Houwald zur Debatte. Béid Projete sinn en deel vun den Amenagementer, déi am globale Kontext vum Gaasperecher Bann an dem Plateau Houwald, mat sengen neie Quartieren ufalen. De Pôle d‘Echange Houwald ass dann och en Deel vun der nationaler Mobilitéitsstrategie.

Hei sollen d‘Aarbechten 130 Millioune verschléngen, déi ofgesi vum Pôle d‘Echange Houwald an dem Ëmbau vun der Rue des Scillas, och fir den Ausbau vum Tracé fir den Tram gebraucht ginn. Fir datt d‘Aarbechte besser kënne virukommen, ass um CR 231 eng provisoresch Kräizung geplangt, de neien Tunnel am Rangwee, an d‘Ëmleedung vun der Drosbach gehéieren och nach dozou.

Nach net fir muer

Dat sinn dann awer net déi eenzeg Aarbechten déi hei fir de Verkéier schwiereg Zäite bereet halen. Esou muss och de Boulevard Raiffeisen bis an d‘Industriezon um Houwald verlängert ginn. Eng Strooss déi d‘Réckgrat vun der Stroosseninfrastruktur an dësem Secteur duerstellt, a besonnesch fir déi nei Quartieren, dorënner och dee vum „Midfield“, eng wichteg Roll ze spillen huet.

Wat hei ze berécksiichtegen ass: d‘Aarbechten dierften net virun 2022/23 ofgeschloss sinn. Bei esou engem Zäitraum, sollt een sech drop astellen, datt och hei nach weider Sue kéinte gebraucht ginn. Déi iwwerwältegend Majoritéit vun den Deputéierten hunn dësem Gesetzprojet zougestëmmt. Dat bis op d‘ADR-Deputéiert, déi sech wéinst der Abannung vum Tram an de Projet, enthalen hunn.

Als leschte Projet – dee vum Max Hahn (DP) virgestallt ginn ass – hunn se sech um Krautmaart mat der Erriichtung vun engem Fleegeheem zu Déifferdeng ausenanergesat. Hei sollen 200 Better entstoen an d‘Struktur géif dann och déi am „ale Spidol“ um Thillebierg ersetzen. Eng Modern Struktur déi mat iwwer 60 Millioune budgetiséiert ginn ass. De Projet ass eestëmmeg ugeholl ginn.

Ähnlech Sujeten Fleegeheem, Josée Lorsché, Krautmaart, Max Hahn, Stroosseninfrastrukturen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel