Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg Stad: D’Badeanstalt ass zou vum 24. September bis de 14. Oktober
political dating uk

Lëtzebuerg Stad: D’Badeanstalt ass zou vum 24. September bis de 14. Oktober

D’Staat Lëtzebuerg informéiert de Public, datt de „Centre de Relaxation

https://moien.lu/piqua-ohio-dating/
political dating uk

dragon ball speed dating

Um Amazonas-Sommet am kolumbianesche Leticia hu sech siwe Länner an

Hëllefsorganisatioun Sea-Eye op Kollisiounskurs mam Matteo Salvini
political dating uk

Hëllefsorganisatioun Sea-Eye op Kollisiounskurs mam Matteo Salvini

No der Rettung vu 65 Persounen am Mëttelmier, huet dat

Krautmaart: wat ausser dem Premier senger Ried gebuede gëtt

Geet et an der Chamber nach ëm dat grousst Ganzt oder just nach perséinlech Befëndlechkeeten?

Krautmaart: wat ausser dem Premier senger Ried gebuede gëtt

Wann ee sech sollt dierfen drop verloossen, datt de Premierminister Xavier Bettel an senger Ried zur „Lag vun der Natioun“ op den Zesummenhalt, d‘Erausfuerderungen an natierlech den Impakt vun der internationaler Aktualitéit op d‘Landespolitik wäert agoen, esou wäerten déi puer Leit, wou sech den Debat am Livestream oder bei Bertelsmann ukucken, op aneres aus sinn.

An tatsächlech dierft ugesiichts de leschte Wuertwiessel a Pseudo-Skandaler d‘Rentrée an der Chamber dës Kéier eppes méi „ustrengend“ ginn. Woubäi een eise Politiker alles an näischt zoutraue sollt, firwat et eigentlech nach vill méi spannend gëtt, an sech jiddereen dat sollt ukucken oder zumindest deem ganze sollt nolauschteren. Mir bidden emol eng Iwwersiicht un Themen un, vun deene mir mengen datt se haut am Debat optauchen. Dat Ganzt an alphabetescher Reiefolleg.

ADR

Wéi et d‘ADR schonn am Kontext vu senger Pressekonferenz zur Rentrée erkläert huet, ass hire Kärthema de Wuesstem. Fir de Gast Gibéryen muss sech d‘Gesellschaft zu Lëtzebuerg bewosst sinn, datt Wuesstem a Klimanoutstand enk matenaner verbonne sinn. Bei iwwer 20.000 neien Aarbechtsplazen notzen déi schéinsten a gréissten Investitiounen an d‘Mobilitéit séier wéineg. D‘ADR fuerdert dann och ee Referendum zum Wuesstem. Hei muss den Hiewel ugesat ginn.

E weidere Chantier: d‘Verfassung. Elo wou sech d‘CSV jo zumindest den Iddie vun der ADR zougewennt huet, sollt et net zu engem Referendum iwwert de ganzen Text kommen, mee méi Referenden organiséiert ginn, déi sech dann ëmmer op prezis Artikel bezéien. Et geet dobäi natierlech och ëm esou Niewesächleches wéi eis Sprooch an d‘Wahlrecht, a wie weess, vläicht esouguer ëm d‘Staatsform. Mee och d‘Déierewuel ass der ADR nach ëmmer e wichtegt Uleies.

CSV

De Wuesstem ass och bei de Chrëschtlechsozialen e Kärthema, och wann een aus der Aktualitéit weess, datt si sech den Ament éischter op de politesche Géigner „déi gréng“ konzentréieren an zuweile solle versicht hunn d‘Koalitioun mat onmoraleschen Offerten ze sprengen. Trotzdeem geet et der Fraktiounscheffin an éischter Linn ëm de Wuesstem an allem, wat deem unhänglech ass. Si verlaange vum Premierminister, datt dësen seng „Klimawandel-Strategie“ oppen duerleet.

Am Kontext vun der „politescher Aktualitéit“ dierft ee sech mam Jugendschutzgesetz beschäftegen. E Gesetz, dat esou vum Staatsrot „zerrappt“ ginn ass, datt et wuel besser wier, déi bestoend Kopie an den Dreckseemer ze puchen an nach emol vu vir unzefänken. An dann natierlech d‘Verfassung, wou sech d‘CSV „nei orientéiert“ huet. Als weider Prioritéite kann een de Naturschutz, d‘Steierreform an de Logement zitéieren. Et dierft haut awer och nees ëm d‘Affär „Roberto Traversini“ goen…

Demokratesch Partei (DP)

Fir déi Liberal gëtt et keng Themen déi méi wichteg wiere wéi anerer, ausser si si wirtschaftlech relevant. D‘Fraktioun vun der DP dierft sech op d‘Steierreform konzentréieren, déi jo zu enger „Individualiséierung“ féiere soll, an zudeem derzou bäidroe kann, datt dat ganzt Land vun der gudder konjunktureller Situatioun profitéiert. An der DP gëtt sech ganz staark drop konzentréiert, datt et net derzou komme kann, datt et bei dëser Reform „Verléierer“ gëtt. Dat huet Prioritéit.

Mee och hei sti Klimawandel, Mobilitéit an d‘Digitaliséierung op der Leescht. Dat „digitaalt“ wier laut dem Fraktiounschef jo déi „Ressource“ an den Teletravail eng vu villen Entlaaschtungen am Kontext vun der Mobilitéit. Urgent wier et sech dem Dateschutz unzehuelen, der Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit zouzewennen an de Jugendschutz ze verbesseren. Detailer zu Klimaschutz a Fortschrëtter am Beräich vun der Educatioun sinn nach keng no bausse gedrongen.

déi gréng

Bei déi gréng steet den Ament den Dateschutz ganz uewen an de Prioritéiten. Hinne schéngt eppes dru geleeën e Gläichgewiicht tëscht „Sécherheet an individueller Fräiheet“ erbäizeféieren. Wat elo d‘Reform vun der Verfassung ugeet, esou ass een an der Fraktioun iwwert de Revirement vun der CSV enttäuscht. Do hat et e Konsens ginn, dee sech verflüchtegt huet. Fir méi Klimaschutz soll den nationalen Energieplang Léisungsvirschléi bréngen. An och de Logement genéisst d‘Prioritéit.

Hei wier et ubruecht d‘Grondsteier ze reforméieren. Dat kéint ee parallel zur Steierreform an d‘Wee leeden. Als dréngend gëtt nieft dem Pakt Logement och dat neit Jugendschutzgesetz genannt. Fir de Recht dierft ee bei déi gréng den Ament genuch domadder ze dinn hunn, sech aus där, duerch dem Roberto Traversini seng ausgeléiste „Kris“ ze wannen. Do steet jo elo d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg eppes ënner Beschoss. En Dossier, deen esoubal net dierft ofgeschloss sinn.

déi lénk

Si sinn déi klengsten Oppositiounspartei an der Chamber an et war hire Conseiller am Gemengerot zu Déifferdeng, deen déi „politesch Kris“ bei déi gréng ausgeléist huet. Domadder wëllen si sech um Krautmaart awer net ophalen. Hir Prioritéite bezéien sech op de Logement an de Klimawandel. Beim Logement fuerdere si vun der Regierung méi konsequent géint d‘Spekulatioun virzegoen an déi spezialiséiert Fongen nees ofzeschafen. Si wäerten dozou entspriechend Propose virleeën.

Beim Klima ginn déi lénk der Regierung eng Datz. Si sinn zudeem verwonnert, mat wéi enge Methoden dës Regierung gedenkt dem Klimawandel entgéintzewierken. Si fuerderen dofir ganz energesch e Systemwiessel. Wat d‘Verfassungsreform ugeet, esou géif et esou lues lächerlech ginn, an et schéngt och beabsichtegt. Si setzen sech a fir eng weider Erhéijung vum Mindestloun an e bessere Schutz fir d‘Konsumenten. Dat a villes méi, deit op vill Aarbecht hinn.

D‘Sozialisten (LSAP)

Fir d‘LSAP stinn op der Prioritéitelëscht de Budget an den Dateschutz. Vum Budget erwaarden sech d‘Sozialisten datt hei weider un Investitioune festgehale gëtt. Et soll an déi nohalteg Entwécklung, an d‘Moderniséierung an an déi wirtschaftlech Infrastrukturen investéiert ginn. De Logement ass a bleift ee vun de Kärthemen, an deem d‘Sozialisten e Wuert matschwätze wëllen. De Pakt Logement misst „entbürokratiséiert“ an gemeinsam Strategie sollten entwéckelt ginn.

Och bei der LSAP bleift d‘Reform vun der Verfassung en Thema, och wann sech an der Fraktioun Gedanke gemaach gëtt, ob d‘CSV déi nach wëll. Nach wier et net ze spéit Grondsätzleches ze erhalen an en Accord ze fannen. Gefuerdert gëtt – dat als Äntwert op déi jéngst „Skandaler“ – en deontologesche Kodex fir d‘Lokalpolitiker. Ob de Cumul vun de Mandater dann och a Fro gestallt gëtt, a wéi een dat an den eegene Reie gewëllt ass unzepaken, dat bleift der LSAP hiert Geheimnis.

Piraten

Bei de Pirate si Klimaschutz, Logement a Steierreform déi éischt Kärthemen. Si erwaarden sech vun dëser Regierung konkret Moossnamen, déi den Aussoe vum Xavier Bettel a senger Ekipp géife gerecht ginn. Beim Logement misst et elo endlech zu däitlechen a virun allem realistesche Mesure kommen. Et wier net méi ubruecht sech mat Wuerthülsen dësem Sujet zouzewennen an et gëtt drun erënnert, datt Wunnen e Mënscherecht ass. Si fuerderen och e besseren Dateschutz.

Et misst een dierfe vum Staat erwaarden, dat dësen d‘Gesetzer respektéiert, firwat et ubruecht ass an der Kausa „Casier-bis“ alles op den Dësch ze leeën. Zum Dossier Traversini: dat ass e partikulare Sujet, bei deem et wichteg ass déi tatsächlech verantwortlech ze fannen an zur Rechenschaft ze zéien. Béid Deputéiert bedaueren dann och den aktuellen Tumult an erhoffen sech, datt jiddereen nees mat de Féiss op de Buedem kënnt, an nees Rou akéiert. Si wëllen och 2 Gesetzer areechen.

Illustratioun: Pixabay

Ähnlech Sujeten Chamber, Krautmaart, Parlamentaresch Rentrée
Nächsten Artikel Virrechten Artikel