Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

LCGB: Meenungsaustausch mam portugiseschen Deputéierte Paulo Pisco
Erkläert Stories

LCGB: Meenungsaustausch mam portugiseschen Deputéierte Paulo Pisco

Vergaangene Freideg huet den LCGB sech mat portugisesche sozialisteschen Deputéierte

Nëmmen duerch komme geet net duer
Erkläert Stories

Nëmmen duerch komme geet net duer

Fir um Riednerpult steet ee Mann mat Kostüm a Krawatte

Nom Referendum: Neikaledonien bleift franséisch
Erkläert Stories

Nom Referendum: Neikaledonien bleift franséisch

De franséische Premierminister Édouard Philippe huet sech e Méindeg a

D’Kreeslafwirtschaft, erkläert

E Puzzelstéck hin zum nohaltege Wuesstem?

D’Kreeslafwirtschaft, erkläert

Kreeslafwirtschaft oder Circular Economy: Dat ass e Begrëff, deen een ëmmer mi oft héiert. Mee wat verstoppt sech hannert deem Begrëff, deen zënter e puer Joer duerch d’Debatten zitt? A wat huet dat mat eisem Wuesstem ze dinn?

Wat definéiert d’Kreeslafwirtschaft?

Bei der Kreeslafwirtschaft sollen d’Produktiounsverfueren esou gestalt ginn, datt wéineg Ressourcen dobäi verluere ginn. Ressource sollen erëm op en Neit benotzt kënne ginn, fir datt de Besoin fir nei Ressourcen erofgeet (Wirtschaftslexikon). Op gutt Lëtzebuergesch: Et gëtt manner verbëtzt, well Ressourcen och no hirem éischte Verschaffen weider verwent ginn.

Ginn et gutt Beispiller fir eng Kreeslafwirtschaft?

Jo, an dat och zu Lëtzebuerg. D’Superdreckskëscht huet an hirem Informatiounsblat zur Circular Economy gläich e puer Beispiller prett. Do fënnt een och den Ecopark Windhof, wou déi eenzel Acteuren a Punkto Mobilitéit a Stroumverbrauch zesumme schaffen. Hannergedanke bei esou konzipéiert Industriezonen ass d’Erliichterung vun der Zesummenaarbecht vun ënnerschiddlechen Industrien. Dem engen säin “Offall” ass deem aneren seng recycléierbar Ressource.

Ginn et Stied zu Lëtzebuerg, wou dës Kreeslafwirtschaft ëmgesat soll ginn?

Beim Plange vun de Stied kann ee vill Akzenter setzen. Wolz gëllt zënter 2015 als den Hotspot fir dës Entwécklung. Beim Entstoe vum neie Quartier am Kader vum Projet “Wunne mat der Wooltz” gëtt beispillsweis opgepasst, wéi gebaut gëtt. Energieffizienz, Ressourcespuersamkeet an widderverwertbar Materialien sollen hei eng wichteg Roll spillen. Et wëll een sech och en Zentrum fir Kreeslafwirtschaft leeschten: Inklusive Second Hand-Butteker, Repair Shops an Tauschbörsen.

Wat ass mat Cradle-to-Crade gemengt?

Dëst ass e Konzept, vun deem een ëmmer méi héiert. Iwwersetzung gëtt den éischten Hiweis: Vun enger Wéi zur anerer soll d’Ressource nom Verbrauch net eliminéiert ginn, mee am Circuit verbleiwen an engem aneren Acteur déngen.

Wéi eng Roll spillt d’Kreeslafwirtschaft zu Lëtzebuerg?

Mam Rifkin-Rapport ass Kreeslafwirtschaft (oder Circular Economy) e mi geleefegt Wuert an der Lëtzebuerger Debattelandschaft ginn. Am Rapport gouf d’Circular Economy als e wichtegen Aspekt vun der Innovatioun a vum nohaltegen Wuesstem vu Lëtzebuerg definéiert.

Firwat gëtt elo driwwer geschwat?

D’Wuesstemsdebatt entwéckelt sech zu engem Haaptaspekt an de Chamberwahlen vun dësem Joer. Deementspriechend iwwerrascht et net, wann den CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler an engem Interview um Radio 100,7 d’Nordstad zur Stad vun der Kreeslafwirtschaft wëll maachen. Den Etienne Schneider, Spëtzekandidat vun der LSAP, dogéint wéilt dat Konzept gären am ganze Land gesinn.

Nächsten Artikel Virrechten Artikel