Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Muer ginn d‘Briten sech en neit Parlament wielen
Neiegkeeten

Muer ginn d‘Briten sech en neit Parlament wielen

Laut de leschten offizielle Sondagen, ass de Virsprong deen d‘Tories

Dem Trump säi Friddensplang fir Palestina
Neiegkeeten

Dem Trump säi Friddensplang fir Palestina

Virun der geplangter Staatsvisite vum (nach) israelesche Regierungschef Benjamin Netanyahu

Editorial: d‘Relativitéit vun der Konsequenz
Neiegkeeten

Editorial: d‘Relativitéit vun der Konsequenz

De Buergermeeschter vun Déifferdeng huet sech eng zolidd Gaffe geleescht,

Kréie mir et hinn eis iwwert d‘Feierdeeg ze behuelen?

D‘Verkéierssécherheet an d‘Police géifen sech freeë wann dee wou fiert och erniichter wier

Kréie mir et hinn eis iwwert d‘Feierdeeg ze behuelen?

Et geet op Chrëschtdag an Sylvester duer, wat heescht, datt et nees villeruerts zu „fiichte Fester“ kënnt. An et huet och keen eppes dergéint, datt een et zum Joresofschloss eppes méi laber a virun allem méi festlech zougeet. E gudde Patt – och deen ze vill -wëll ee kengem verwieren, woubäi d‘Sécherheet vun Allen net dierf a Fro gestallt ginn. Wien drénkt soll also och net fueren.

An et gëtt probat Alternativen, fir de Fall datt sech kee „Raoul“ fanne léisst: Vun Night Rider bis Late Night Bus (an och den Taxi). Wie weess datt eng „hänkeg“ gëtt sollt der Vernonft d‘Prioritéit loossen an esou och op säi Gefier verzichten. Déi eege Sécherheet, mee ganz besonnesch déi vun allen aneren, sollt engem Gebuet genuch sinn, fir sech et gutt ze iwwerleeën op een et „riskéiert“.

Gesäit een emol dovunner of, datt een déi eege Famill an d‘Frënn an en déift Leed stierzt, esou hunn och eis Polizisten an d‘Rettungsdéngschter wéineg Loscht drop, sech déi Tragedien déi ze verhënnere sinn, opzelueden. Dat gesäit de François Bausch net anescht a säi Ministère huet an dësem Sënn d‘Gratuitéit fir den ëffentlechen Transport fir Sylvester an Neijoerschdag ugeuerdent.

Feierdeeg

Et dierft och aliichten, datt eis Zankerten an dëser Period verstäerkt op de Stroosse wäerten uecht doen, datt sech „beholl“ gëtt. Et wäert awer, trotz allen Opriff an dem beschten Zourieden och dës Kéier nees déi onbeléierbar ginn. Déi wou vu sech iwwerzeegt sinn net erwëscht ze ginn, sollten et sech iwwerleeën, hei geet et net ëm de Protokoll an de Führerschäin, hei geet et ëm d‘Liewen!

An dësem Sënn schléisst sech d‘Redaktioun vu moien.lu dem Opruff vun der Verkéierssécherheet an der Police un, a biet seng Lieser sech d‘Festivitéiten net duerch e vermeidbare Virfall versauen ze loossen. Passt iech an är Gäscht op, et kann een och 2020 kee Liewen ersetzen, a mir wëlle kee vun iech musse vermëssen. Also, wie vill duuscht huet, léisst sech zum Fest chaufféieren. Merci.

Illustratioun: Pixabay

Ähnlech Sujeten CGDIS, Chëschtdag, Feierdeeg, Police, Raoul, Securité Routière, Sylvester, Verkéierssécherheet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel