Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fir Fester a Veranstaltungen: de Projet „Green Events“
Neiegkeeten

Fir Fester a Veranstaltungen: de Projet „Green Events“

Zu Lëtzebuerg vergeet keen Dag wou et net am Land

Däi Liewen, deng Entscheedung
Neiegkeeten

Däi Liewen, deng Entscheedung

Am Kader vun enger Pressekonferenz huet de Justizminister Felix Braz

Friday Black (Ee Buch zur Aktualitéit)
Neiegkeeten

Friday Black (Ee Buch zur Aktualitéit)

Nodeems de George Floyd ermuert ginn ass, ass Rassismus nees an aller

Kréie mir déi Nordstad vun där ëmmer rieds ass?

Nieft de prioritäre Kandidaten Ettelbréck an Dikrech sollen der nach dräi matmaachen

Kréie mir déi Nordstad vun där ëmmer rieds ass?

De 14. Februar hat d‘Inneministesch Taina Bofferding (LSAP) d‘Schäfferéit vun Ettelbréck, Dikrech, Bettenduerf, Ierpeldeng a Schieren, fir en éischte Gedankenaustausch agelueden. Et geet heibäi ëm net manner wéi d‘Fusioun vun dëse Gemengen zur „Nordstad“.

D‘Fusioun, déi scho méi laang am Gespréich ass, gëllt als dee bis ewell ambitiéiste Projet vum Land. „Fusioune kënnen nëmmen dann erfollegräich sinn, wann d‘Gemengen aus eegenem Wëllen an d‘Gespréicher eraklammen, a si hir Bierger an de Prozess abannen. Den Inneminister agéiert als Partner fir de Gemengen ze hëllefen a se ze beroden, iwwert déi ganz Dauer vum Prozess“, esou d‘Inneministesch Taina Bofferding.

Bei dësem konstruktiven Echange, konnten eng éischt Serie vu Froen, déi sech an éischter Linn op den organisatoresche Volet bezéien, grad ewéi déi verschidde legislativ an administrativ Optiounen déi sech ubidden, beschwat ginn. Elo läit de Ball nees bei de Gemengen, déi hir Iddien a Virschléi zu dëser wënschenswäerter Fusioun „Nordstad“ musse konkretiséieren.

Foto: (1. Rei v.l.n.r.) José Vaz do Rio, Schäffe Bettenduerf; René Kanivé, Schäffen Dikrech; Pascale Hansen, Buergermeeschtesch Bettenduerf; Jean-Paul Schaaf, Buergermeeschter Ettelbréck; Taina Bofferding, Inneministesch; André Schmit, Buergermeeschter Schieren; Claude Gleis, Buergermeeschter Ierpeldeng; Eric Thill, Schäffe Schieren; Tessy Kries, Schäffe Schieren. (2. Rei v.l.n.r.) Paul Troes, Schäffe Bettenduerf; Mireille Cruchten; Steve Keiser, Inneministère; Bob Steichen, Schäffen Ettelbréck; Romain Pierrard, Schäffen Ierpeldeng; Claude Haagen, Buergermeeschter Dikrech; Alain Becker; Laurent Knauf; Clara Müller; Frank Goeders, Inneministére. © MINT

Ähnlech Sujeten Bettenduerf, Dikrech, Ettelbréck, Fusioun, Ierpeldeng, Nordstad, Schieren, Taina Bofferding
Nächsten Artikel Virrechten Artikel