Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Giel Gileten – D‘Frae beweisen et: e friddlecher Protest ass méiglech
Kultur Neiegkeeten

Giel Gileten – D‘Frae beweisen et: e friddlecher Protest ass méiglech

Datt et méiglech ass, sech och „friddlech“ der Regierung an

dislike
Findel: Keng Eenegung a Siicht
Kultur Neiegkeeten

Findel: Keng Eenegung a Siicht

Wéi een um Freidegmoie gewuer ginn ass, huet den Direkter

The Disliked – Release Party vu „Reggae Rescue“!
Kultur Neiegkeeten

The Disliked – Release Party vu „Reggae Rescue“!

Reggae-Fans opgepasst! D’Lëtzebuerger Band The Disliked invitéiert ganz houfreg op

Krëppenausstellung a Chrëschtconcert zu Steesel

Krëppenausstellung a Chrëschtconcert zu Steesel

D’Feierdeeg komme lues awer sécher méi no. Dofir notzt d’Gemeng Steesel d’Geleeënheet fir mat 2 Evenementer ze faszinéieren an zu enger feierlech festlecher Stëmmung ze leeden. Proposéiert ginn eng Krëppenausstellung aus der Sammlung vum Norbert Melcher an de Concert Carols for Christmas vun The Duke’s Singers.

Krëppenausstellung

An Zesummenaarbecht mat der Kulturkommissioun invitéiert de Schäffen- a Gemengerot häerzlech op de Vernissage vum Luc Melcher senge Krëppenausstellung aus der Sammlung vum Norbert Melcher. Déi offiziell Erëffnung vun dëser Presentatioun vun eiser Traditioun ass e Freideg, den 13. Dezember 2019 um 19:30 Auer an der Galerie am Duerf (Kiercheplaz, Steesel).

D’Ausstellung ass op:
Samschdes, de 14. an den 21. Dezember 2019 vu 14h30 bis 18h30
Sonndes, de 15. an den 22. Dezember 2019 vu 14h30 bis 18h30
Méindes, den 23. Dezember 2019 vu 14h00 bis 16h00
Dënschdes, de 24. Dezember 2019 vu 14h00 bis 16h00

Weider Informatiounen gin et um offizielle Flyer.

Carols for Christmas

Um 22. Dezember sinn et The Duke’s Singers, déi mat hirem räichhaltege Programm Carols for Christmas fir eng feierlech Atmosphär kuerz virun Helleg Owend suergen. D’Sängerinnen a Sänger huelen Iech dobäi mat op eng Rees duerch d’Wierker vun ënnert anerem dem Miles Ramsay, dem Claude Kraus oder och dem Keith Robert.

De Concert fänkt um 17:00 Auer an der Kierch zu Steesel un. D’Entrée kascht 15 €, seng Plaz soll een ënnert reservation@steinsellu oder Tel.: 33 21 39 1 reservéieren. Weider Informatioune ginn et um offizielle Flyer.

Ähnlech Sujeten Ausstellung, Carols for Christmas, Kierch, Krëppenausstellung, Luc Melcher, Norbert Melcher, Steesel, The Duke's Singers, Traditioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel