Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Frankräich kritesch géintiwwer dem Fräihandelsofkommes mat Mercosur-Staaten
Kultur Neiegkeeten

Frankräich kritesch géintiwwer dem Fräihandelsofkommes mat Mercosur-Staaten

Wann ee mengt Europa hätt endlech d‘Kéier kritt a géif

surprise
Grousse „Kino“ virum Landwirtschaftsministère fir de Verbuet vum Glyphosat
Kultur Neiegkeeten

Grousse „Kino“ virum Landwirtschaftsministère fir de Verbuet vum Glyphosat

Well se sech zu Bréissel um 27. an 28. November

Neien Ufank: Wat bedeit dat fir folgend Lëtzebuerger Auteuren? (Deel 2)
Kultur Neiegkeeten

Neien Ufank: Wat bedeit dat fir folgend Lëtzebuerger Auteuren? (Deel 2)

En neien Ufank kann een ganz ënnerschiddlechst interpretéieren, dat weisen

Buchvirstellung “Kreuz und mehr” vum Jean Back

Buchvirstellung “Kreuz und mehr” vum Jean Back

Beim Jean Back sengem néie Wiek „Kreuz un d’ mehr – Reisen ins Himmelblau und ein Weihnachtsmärchen“ entféiert hien de Lieser op eng spannend an ongewéinlech Rees op nei an onbekannte Platzen.

Den Auteur beschäftegt sech mam Thema Reesen a senger breetgefächerter Bandbreet. Dobäi biergt all Rees och onerwaarten Erliefnisser a Begéinungen. Genau dës Erfarunge sinn et, déi, déi Reesen och den Zauber ausmaachen an en ëmmer erëm an aner Regiounen zéien.

D’Erzielungen entsprange reelle Reesen, sief et berufflech oder privat – de Jean Back mëscht alles. Fiktioun a Realitéit, hie schaaft eng locker Atmosphär déi eis mat him an d’Welt zéie léisst a wa méiglech Loscht mëscht, selwer d’Valis ze paken an op een neit Erliefnis an enger friemer Kultur opzebriechen. Et ass d’Sehnsucht nom Onbekannten, no „kreuz und mehr“, déi vill vun eis undreift.

Mee och mental Reese ginn thematiséiert a kréien och eng grouss Bedeitung. D’Mäerche fir Erwuessener „Liebe Akira“ verbënnt zum Beispill Illusioun an de fernöstleche Glawen un d’Heelkonscht vun enger Schamanin.

Et war ee grousse Wonsch vum Auteur d’Erënnerung u seng Reesen a sechs verschidde Länner an engem Band ze vereenen, well säi subjektiivt Erliefnis sech op dëse Platzen op eng speziell Aart verdicht huet. D’Fiktioun, déi dat wierklecht Erliefnis begleet, léisst d’Erzielungen direkt wei een Tagebuch wierken, mat witzegen an deelweis ironeschen Notizen zou Persounen a Kulturen.

Jean Back

Zum Auteur

De Jean Back, Auteur, Fotograf, Film- a Konschtenthousiast aus Diddeleng, gouf 1953 gebuer an war laang Zäit Direkter vum Centre national de l’audiovisuel (CNA), wat hien och mat gegrënnt huet. Säi Wierk „Amateur“ gouf 2010 mam Europäesche Literaturpräis ausgezeechent an op puer Sproochen iwwersetzt. Seng Monologsammlung „Zalto Mortale“ war 2016 op der Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis. 2017 koum dunn „Trakl Blues“ eraus, ee Roman iwwert den Amateurfilm „Die junge Magd“, no enger Ballade vum Georg Trakl.

„Kreuz und mehr“ ass no „Iesel“ seng zweet Zesummenaarbecht mat Éditions Guy Binsfeld.

Ähnlech Sujeten Buch, Jean Back, Kreuz und mehr, Literatur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel