Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Neigestaltung vum UN-Sécherheetsrot
International Neiegkeeten

Neigestaltung vum UN-Sécherheetsrot

Bei de Wahlen an der UN-Vollversammlung sinn d‘Wierfel gefall, a

Den Eed fir d’Militärmusek
International Neiegkeeten

Den Eed fir d’Militärmusek

Gëschter huet de Generol Alain Duschène, Stabchef vun der Lëtzebuerger

OGBL: Gesetzesprojet zur Reform vun der Studiëbäihëllef
International Neiegkeeten

OGBL: Gesetzesprojet zur Reform vun der Studiëbäihëllef

Nodeems de Lëtzebuerger Staat um Europäesche Geriichtshaff nees Onrecht kritt

Krich am Golf vun Oman

Iranesch Marine schéisst op eng Fregatt, 19 Mënsche stierwen, 15 ginn der deels schwéier blesséiert

Krich am Golf vun Oman

Bei engem Militärmanöver an de Gewässer vun Dschask an Tschabahar (Golf vun Oman) huet déi iranesch Marinn eng Tragedie ausgeléist. D‘Fregatt Dschamaran huet d‘Begleetschëff Konarak, dat wuel net genuch Ofstand gehalen hat, mat enger Rakéit getraff.

Oman

Bei dësem trageschen Accident hunn 19 Mënschen hiert Liewe verluer, 15 weider Persoune sinn deels schwéier blesséiert ginn. Laut der staatlecher Noriichtenagence ISNA, sinn déi verletzt all a Spideeler a ginn zur Zäit betreit, a Liewensgefor géif kee méi schwiewen, och wann 2 Matrousen, no hirer Operatioun nach op der Intensivstatioun behandelt ginn.

Oman

D‘Begleetschëff Konarak konnt an en iraneschen Hafe geschleeft ginn. Hei sollen d‘Schied um 47 Meter Lange Krichsschëff ënnersicht ginn. © Press TV

Dat beschiedegt Schëff ass an en Hafe geschleeft ginn, wou et soll ënnersicht ginn. Den Iran hält hei regelméisseg Manöver of, och oder vläicht grad, well d‘USA am der Strooss vun Hormuz, déi direkt un de Golf vun Oman grenzt, eppes omnipresent sinn. Eigentlech kënnt et bei dëse ville Manöver déi Teheran unuerdent, seelen zu Pannen oder Accidenter.

Illustratioun: D‘Fregatt Dschamaran beim Ofschoss vun enger Rakéit vum Typ A801. © Press TV (Archiv)

mat Press TV

Ähnlech Sujeten Golf vun Oman, Iran, iranesch Marinn, Militärmanöver
Nächsten Artikel Virrechten Artikel