Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Donald Trump huet Immigranten de Kampf erkläert – 800.000 Dreamers mussen dowéinst em hier Zukunft fäerten
https://moien.lu/binder-dating-app/ https://moien.lu/cs-go-unranked-matchmaking/

mobile dating sites australia

Um Dënschdeg huet den Donald Trump den Dreamers-Programm vum Barack

https://moien.lu/dating-a-man-less-attractive-than-you/
https://moien.lu/binder-dating-app/ https://moien.lu/cs-go-unranked-matchmaking/

De Sträit tëscht dem OGBL an de Fleegeheimer geet an d‘Mediatioun

De soziale Konflikt an de Fleegeheimer geet an eng éischt

De Gedanken ass gutt, mee de Minister dee falschen…
https://moien.lu/binder-dating-app/ https://moien.lu/cs-go-unranked-matchmaking/

De Gedanken ass gutt, mee de Minister dee falschen…

Geet et der Piratepartei no, da soll de Landwirtschaftsminister, Romain

US-Vizepresident mécht onverhuele Krichserklärung am UN-Sécherheetsrot

De Mike Pence huet dem venezuelaneschen Ambassadeur mat militäreschem Agrëff gedreet

US-Vizepresident mécht onverhuele Krichserklärung am UN-Sécherheetsrot

Ganz dem Virbild getrei, huet den US-Vizepresident Mike Pence sech gëschter gutt Zäit gelooss iert hien sech der Sëtzung vum US-Sécherheetsrot ugeschloss huet. Dat Washington längst kee Wäert méi op dës gewalteg Organisatioun leet ass bekannt, mee d‘Provokatioun misst net ganz esou kloer demonstréiert ginn. An déi nei Ausriichtung vun der US-Aussepolitik ass brandgeféierlech…

Den UN-Sécherheetsrot war zesummekomm, fir iwwert déi aktuell humanitär Situatioun vum Venezuela ze befannen. De Coordinateur vum UN-Hëllefsprogramm, Mark Lowcock, huet an Ofwiesenheet vum Mike Pence deenen „aneren“ säi bericht virgeluecht. An no sengem Rapport huet et nach e Moment gebraucht, bis den US-Vizepresident gewëllt war sech unzeschléissen.

Fir de President vum UN-Sécherheetsrot, den däitschen Ambassadeur Christoph Heusgen, war et eng onangenehm Situatioun, well net nëmmen datt de Pence „ze spéit“ komm wier, hien huet och nach e Beholl zu Dag geluecht, do häss de als Krappert eng zolidd an d‘Sabbel kritt. Et gouf keng Entschëllegung fir de Retard, mee e provokanten Ugrëff géint de venezuelaneschen Ambassadeur.

Gewalt ass ëmmer eng Optioun

D‘Zeen déi beschriwwe gouf war déi folgend: de Mike Pence huet also d‘Dier opgerappt a sech net laang mat Frëndlechkeeten opgehalen, ass dofir direkt an ouni e Blat virun de Mond ze huelen op den Samuel Moncada, UN-Ambassadeur vum Venezuela lass gaangen, an aféierend gemengt: „Dir sollt guer net hei sinn. (…) Dir sollt heem fueren an dem Maduro soen datt seng Zäit ofgelaf ass“.

Och soss huet den US-Vizepresident der neier US-Politik all Éier gemaach. Obwuel et den Ament d‘USA sinn, déi d‘Vereenten Natioune sabotéieren, halen si um Usproch fest, déi ganz Band emol un d‘Beweegungsgrënn ze erënneren déi zur UN gefouert hunn. Esou wier d‘UNO gegrënnt ginn, fir de Fridden an d‘Sécherheet op der Welt ze garantéieren. Dat war tatsächlech de Gedanken…

Datt ee weder Fridden nach Sécherheet garantéiere kann, jo nach net emol an aller Konsequenz ëmsetze kann – wat dem VETO-Recht vun de permanente Membere geschëlt ass, déi ganz aner Interesse wéi déi vun der Weltgemeinschaft vertrieden – misst net wierklech betount ginn, léisst sech opgrond dem onmanéierleche beholl vum US-Vizepresident Mike Pence net verhënneren.

„Mir fuerderen déi Vereenten Natiounen op hir Aarbecht ze maachen“ huet de Mike Pence an de Raum gejaut, fir dann eng theatralesch Paus anzeleeë mat där déi ganz Enttäuschung vun der Trump-Administratioun sollt duergestallt ginn. Et muss een awer och Versteesdemech fir se hunn. Hir Marionett schéngt net den US-Ufuerderungen an US-Investitioune gerecht ze ginn…

Op der Sich no enger friddlecher Léisung

Fir de Mike Pence ass Venezuela genee dat, wat een e „Failed State“ nennt. D‘USA missten elo Verantwortung iwwerhuelen, an konsequent mat diplomateschem a wirtschaftlechem Drock zu enger friddlecher Léisung bäidroen. Fir dëse gudde Wëllen ze ënnersträichen, géif Washington Milliounen US-Dollar Finanzhëllef fir Venezuela bereetstellen. Mee et géif och aner Optiounen.

Hei dierf ee sech dann allerdéngs un de Kapp faassen, a froen, wéi een am UN-Sécherheetsrot esou drop ass, wann et quasi zu enger oppener Krichserklärung an esou enger Sëtzung kënnt. Datt den UN-Generalsekretär Antonio Guterres och uwiesend war, mécht dës Fro pertinent. D‘Stëmmung huet sech opgrond dem randaléierende Mike Pence net méi erkritt, mee et war nach net alles gesot.

Schliisslech hätt den Amerikaner jo och kënnen an der Cafeteria drop waarden datt d‘Sëtzung eriwwer ass, mee ausser datt hie vun der UNO verlaangt hirer Aarbecht nozekommen, wollt hien och seng Resolutioun ugeholl kréien. Doranner sollt den Interimspresident Juan Guaido unerkannt an d‘Liwwerung vun Hëllefsgidder beschloss ginn. Bei esouvill diplomateschem Geschéck…

Woubäi de Mike Pence net dovunner ausgaangen ass, datt hie sech iwwerhaapt ze beméien hätt, déi Resolutioun esou wéi et sech géif gehéieren och virzestellen. Den Inhalt vun der Resolutioun gouf dann och zweetrangeg, wéi den US-Vizepresident betount huet datt „Schurkestaaten“ wéi Kuba an den Iran de Venezuela géifen ënnerstëtzen, a Russland souwisou mat sengem Veto alles blockéiert.

Dat et esou net kann zu enger friddlecher Léisung ka kommen, an d‘Gefor vun engem eesäitegen Agrëff säitens den USA an hire südamerikanesche „Kniecht“ steigt, sollt engem ze denke ginn. Gutt dann, datt dem Krichsdreiwer aus dem Wäissen Haus no 20 Minutten d‘Loft ausgaangen ass. De Fazit zum Optrëtt: Wann‘s de näischt Konstruktives bäizedroen hues, bleif doheem an hal de Mond.

mat indymedia/was/nyc

Bild: F.Muhammad/Pixabay

Ähnlech Sujeten Krichserklärung, Mike Pence, UN-Sécherheetsrot, USA, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel