Search

You may also like

Haut iwwerhëlt den Erdogan d‘Tierkei
International Neiegkeeten Stories

Haut iwwerhëlt den Erdogan d‘Tierkei

Um haidege Méindeg leet de Recep Tayyip Erdogan säin Eed

money
Logement: de „Big Business“ mat de Konzepter
International Neiegkeeten Stories

Logement: de „Big Business“ mat de Konzepter

Datt d‘Situatioun um Lëtzebuerger Wunnengsmaart éischter „Katastrophal“ ass, datt ass

Deckkäpp sinn nees um Tour!
International Neiegkeeten Stories

Deckkäpp sinn nees um Tour!

Et sinn eis national Komiker, déi eis live an um

USA: Krichspresident erléisst Krichswirtschaftsgesetz

New York ass aktuell de gréisste Covdi19 Hot Spot, New Orleans ass awer beméit dat ze toppen

USA: Krichspresident erléisst Krichswirtschaftsgesetz

Eigentlech sinn d‘Bosse vun Industrie a Wirtschaft seng „Kumpel“, mee elo ass „Krich“ an am Krich mussen och si sech der Nout ënnerwerfen an hire Beitrag leeschten. General Motors soll beispillsweis elo Beotmungsapparater bauen.

Dem Milliardär seng Welt, esou wéi hie se kannt huet, gëtt et net méi. De Wahlkampf muss Paus maachen, well dat ganzt Land elo ob seng Fäegkeeten als charismatesche Leader vu der éischter Weltmuecht ugewisen ass. Den Donald Trump, deen eng ganz schwéier Entwécklung an der Kris, déi vum „Wuhan-Virus“ ausgeléist gouf, huet missen duerchlafen, ass elo Krichspresident.

KrichspresidentSäi Feind ass en asiatesche Virus, deen sech am Dezember eng éischte Kéier gewisen an ab Mëtt Januar net méi ze verheemleche war. Hätt een och an den USA sengerzäit d‘Bedreeung eppes méi seriéis geholl, wou een dach – dixit US-President – iwwert déi beschte Medeziner a Fuerscher op der ganzer Welt verfüügt, hätt et wuel net manner Infektiounsfäll, mee méi Material ginn.

Esou sinn d‘Amerikaner an enger de Briten ähnlecher Situatioun, ausser datt et an den USA genuch Hänn huet. Mee et sinn déi iwwerliewenswichteg Beotmungsapparater, där et net genuch an den USA gëtt an um „fräie Maart“ (déi fräi Maartwirtschaft regelt dat jo) gëtt et déi zur Stonn net. De Boris Johnson verlaangt esou beispillsweis vu Rolls Royce dës medezinesch Apparater ze bauen.

Krichspresident

General Motors (GM) a Ventec hu „Problemer“ gemaach, firwat de Krichspresident vun den USA, si als onpatriotesch bezeechent huet. Den US-President huet selbstverständlech all eenzel Entreprise ernimmt, déi op d‘Fuerderunge vun der Regierung agaange sinn, an esou als patriotesch dierfe bezeechent ginn.

Un dëser Iddi huet den Donald Trump gefale fonnt an hien ass iwwerzeegt, datt General Motors (GM) datt och kann. GM hat dem Milliardär zudeem och zougesot, zesumme mam Spezialist fir Medezintechnik „Ventec“, eng Fabrick zur Hierstellung vun de Beotmungsapparater ëmzestellen. D‘Verhandlunge mat der Regierung awer, déi si gescheitert. Elo also gëtt per Gesetz „fabrizéiert“.

Fräiwëlleg? Kennen Industrieller net…

Wann déi Industriell sech net fräiwëlleg um „Krich“ bedeelegen, da muss een se zwéngen, wat an den USA net gäre gesinn ass. Mee den Donald Trump, selwer ee vun den erfollegräichsten a mat sozialer Verantwortung ausgerëschte Geschäftsmänner vun dëser Zäit, huet dat virausgesinn an esou och schonn déi lescht Woch den „Defense Production Act“ (DPA) aus de 50er Jore reaktivéiert.

Dëst Krichswirtschaftsgesetz gëtt dem US-President de Pouvoir, Entreprisen zur Produktioun vu krichswichtege Gidder hierzestellen. Mat der Aktivatioun vum DPA, hat de Milliardär awer och seng Frënn a Gënner d‘Chance ginn, hiert Schicksal selwer an de Grapp ze huelen. Si hunn dës Geleeënheet net zur Satisfaktioun vun der Regierung genotzt, firwat et elo zum Zwang kënnt.

KrichspresidentEt ass keen Zoufall, datt sech den Donald Trump op GM ageschoss huet, eng Entreprise déi vill am „Ausland“ produzéiert an och politesch net mam US-President am „Aklang“ ass. Hie werft dësem Konzern dann och vir, Zäit ze verschwenden, an Héchstpräisser duerchsetzen ze wëllen, firwat et elo ubruecht ass en Exempel ze statuéieren. Säin Tweet war wéi ëmmer, zimmlech däitlech.

Den Donald Trump awer verhandelt net direkt mat den Industriellen, datt ass den Job vum Peter Kent Navarro, engem just an Expertekreesser bekannten Ekonomist, deen Direkter fir Handel an Industriepolitik an der Trump-Administratioun ass. Seng Roll huet virrangeg doranner bestanen, den Toun festzeleeën. Nëmme GM a Ventec hätte Problemer gemaach, esou den Donald Trump.

„America First“ och bei den Infektiounszuelen

An den USA vum Donald Trump, wou wäitaus manner getest gëtt wéi dat an Europa de Fall ass, kritt de Slogan „America first“ en ironeschen Touch. Amerika ass elo och dat Land mat de meeschten Infektiounsfäll, huet also och am Kontext vun der Pandemie, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, dee Rang ageholl, op deen Usproch erhuewe gëtt. An ouni Donkelziffer…

New York ass wéi ausgestuerwen – en Termini dee wuel eppes onpassend ass, ugesiichts de reellen Ëmstänn – den Toun awer trëfft. D‘USA hu laut der John-Hopkins Universitéit iwwer 100.000 confirméiert Infektiounsfäll an et wiere scho mindestens 1.000 Leit um Covid19 gestuerwen. Well awer den Donald Trump scho fir Ouschteren d‘Wirtschaft relancéiere wëll, brauch et Virschléi.

KrichspresidentDen Donald Trump, schaarfsënneg an analytesch verséiert, huet festgestallt, datt New York mat 38.000 bestätegten Infektiounsfäll en „Hot Spot“ ass, während an anere Bundesstaaten nëmmen e puer Honnert Mënschen infizéiert wieren. Hien hält et dann elo fir Sënnvoll, déi verschidde Regiounen an ënnerschiddlech Risikoklassen anzedeelen. Gutt, vu selwer ass hien net drop komm.

An awer ass et en éischte Schratt, well et zumindest erlaabt (anescht wéi a Brasilien) Landkrees fir Landkrees ze entscheeden, ob een d‘Moossname verstäerkt oder d‘Restriktioune lackert. Vun der „University of Washington“ gëtt ee nationale „Lockdown“ gefuerdert. Hir Experte ginn dovunner aus, datt et an Amerika an de nächste véier Méint, ënner gënschtegen Ëmstänn, 80.000 Affer gëtt.

Alles nëmme Spekulatiounen

Aner Quelle behaapten sech op ronn 40.000 Affer. Genaues weess een also net… an ugesiichts de Méiglechkeeten, dierft en et erhieflech méi Affer ginn. An dat léisst um Beispill vun New Orléans androcksvoll novollzéien. Dës Metropol ass no New York den nächsten Hot Spot deen sech derr Welt opdeet. War wuel awer keng gutt Iddi mat 2 Millioune Mënschen de Mardi Gras ze feieren…

D‘Biller vun New Orleans sinn dann och eppes erschreckend, an decken sech net mat deene vum beschte President an der Geschicht vun den USA gemaachten Aussoen. Am renomméierte „French Quarter“ sinn d‘Geschäfter, d‘Bistroen an d‘Restauranten net einfach „nëmmen zou“. Nee, hei wou Aarmut a Gewalt och Alldagbestëmmend sinn, ass sech verbarrikadéiert ginn, an zwar zolidd.

KrichspresidentA well dat där schlechter Noriichten net genuch sinn, hunn de Chef vum Gesondheetsamt zu New Orléans, Joseph Kanter, nach eng drop geluecht: „Et gëtt net genuch Kapassitéiten“. Et wier, esou den Dokter, wuel ganz gutt, datt een sech elo endlech derzou opgerafft hätt, an de Kongresszenter zu engem „Zenter fir erweidert Fleeg“ (ähnlech wéi bei eis) opzerëschten. Mee geet dat duer?

Während sech elo alles ëm „Moossnamen“ dréit, kéint liicht iwwersi ginn, datt an den USA bannent enger Woch iwwer 3 Milliounen Amerikaner hir Aarbecht verluer hunn. Eng fir d‘USA ganz normal Prozedur. Hei ginn d‘Regele vum Kapitalismus agehalen an ausgelieft, firwat d‘Amerikaner bei hiren Hamsterkeef op Schäisspabeier, net awer op Waffen a Munitioun verzichte kënnen…

mat indymedia/was/nyc/neo

Related topics Coronavirus, Covid19, Defense Production Act, Donald Trump, General Motors, Krichspresident, Peter Navarro, USA
Next post Previous post