Search

You may also like

E Plang fir de Klima deen net iwwerzeegt huet
International Neiegkeeten

E Plang fir de Klima deen net iwwerzeegt huet

Et war spéit gi gëschter um Krautmaart a schold dorunner

Erfollegräiche Start fir d‘Sond: Solar Orbiter
International Neiegkeeten

Erfollegräiche Start fir d‘Sond: Solar Orbiter

Op der Weltraumgar zu Cape Canaveral am Bundesstaat Florida (USA)

Washington verlaangt vun Ankara Garantie fir d‘Kurden
International Neiegkeeten

Washington verlaangt vun Ankara Garantie fir d‘Kurden

E Freideg hat den US-Ausseminister Mike Pompeo de syresche Kurde

Krichsverbriechen am Jemen: déi saudesch Koalitioun verwërft den UN-Bericht

Krichsverbriechen am Jemen: déi saudesch Koalitioun verwërft den UN-Bericht

Déi ënner saudeschem Commandement gefouert Koalitioun am jemenitesche Biergerkrich, huet um Mëttwoch d‘Conclusioune vun engem Rapport zréckgewisen. E Rapport dee vun UN-Experten erstallt ginn ass, an deen zum Schluss kënnt, datt all d‘Parteien déi an de Konflikt verwéckelt sinn, Krichsverbrieche begaangen hunn.

„Mir ënnersträichen d‘Ongenauegkeeten an dësem Bericht an de Constat, datt dëse parteiesch ass“, heescht an engem Communiqué vun der Koalitioun, dee vun der offizieller saudescher Pressagentur SPA verëffentlecht ginn ass.

„De Rapport mentionnéiert net de Rôle vum Iran an dësem Krich (…) an och net där stänneg Ënnerstëtzung vun den Houthi-Rebellen“, déi vum jemenitesche President, Abd Rabbo Mansour Hadi, sengen Truppe bekämpft ginn.

D‘Houthi-Rebellen, déi grouss Deeler vum jemeniteschen Territoire kontrolléieren, wourënner och d‘Haaptstad Sanaa, gi vun Teheran gestëtzt. Den Iran bestreit allerdéngs d‘Rebellen och mat Waffen auszestafféieren. D‘Expertegrupp déi vun der UNO mandatéiert ginn ass, huet en Dënschdeg notéiert, datt all d‘Acteuren am Konflikt, sech eng Abberzuel Verstéiss géint internationaalt Recht geleescht hunn.

Et gëtt kee faire Krich!

Eng ganz Rei vun dëse Verstéiss géint internationaalt Reecht, esou heescht et am Rapport, misst een als Krichsverbrieche bezeechnen. Genannt ginn hei: d‘Verallgemengerung vun den Verhaftungen an déi arbiträr Detentioun, d‘Folter an d‘Vergewaltegungen.

Am Bericht gëtt ënnerstrach, datt d‘Schléi vun der Koalitioun ënner saudeschem Commandement, déi zanter Mäerz 2015 am Jemen intervenéiert „verantwortlech fir déi meeschten zivil Affer ass“ an dës Zivilisten och d‘Zil vun den Ugrëff waren. Ugrëff déi sech op residentiell Zonen, Mäert an medezinesch Installatioune konzentréiert hunn.

D‘Experte vun de Vereenten Natiounen hunn hir Suerg ausgedréckt, am Bezuch op d‘Prozedur mat där d‘Ziler ausgewielt ginn. Si hunn eng ganz Rei Fäll nogewisen, wou et zu Loftschléi komm ass, bei deenen et keen onmëttelbart militärescht Zil an der Zon ginn huet.

Déi vu Saudiarabien ugefouert Koalitioun ass widderholl beschëllegt ginn, Ziviliste geziilt ugegraff ze hunn. Si huet wuel zougestanen, bei verschidden Operatiounen an der Verantwortung ze stoen, mee verweist drop, datt d‘Houthi-Rebellen sech ëmmer ënner d‘Ziviliste mëschen, an esouguer géife Kanner rekrutéieren, déi bei Kampfhandlungen agesat ginn.

mat AFP

Foto: Jemenitten hiewe Griewer fir d‘Kanner aus, déi an der Provënz Saada beim Loftschlag vum 9. August – géint e Schoulbus – ëm d‘Liewe komm sinn. © Stringer/AFP

Related topics Iran, Jemen, Krichsverbriechen, Saudiarabien, Vereenten Natiounen
Next post Previous post