Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Apdikten, wann se Déngscht hunn, sollen entschiedegt ginn
Neiegkeeten

Apdikten, wann se Déngscht hunn, sollen entschiedegt ginn

Wat sech de Gesondheetsminister Etienne Schneider (LSAP) a de Finanzminister

Eisebunnerstreik am Frankräich (erkläert)
Neiegkeeten

Eisebunnerstreik am Frankräich (erkläert)

D‘Schnellzich (TGV) an d‘Ouigo-Zich sollen ab haut nees „normal“ zirkuléieren,

D’Begriefnis um 4. Mee: Wichteg Informatiounen zum Transport a méi!
Neiegkeeten

D’Begriefnis um 4. Mee: Wichteg Informatiounen zum Transport a méi!

Um 4. Mee gëtt S.R.A. de Grand-Duc Jean begruewen. Aus

Iwwer 200.000 Euro fir d‘Kriibsfuerschung am LIH

„Fondation Cancer“ ënnerstëtzt Fuerschungsprojet zur Verbesserung vun der Immuntherapiebehandlung

Iwwer 200.000 Euro fir d‘Kriibsfuerschung am LIH

Am Kader vun der Fuerschungsfërderung hunn d‘Lucienne Thommes (Direktesch) an d‘Maiti Lommel (PhD) vun der „Fondation Cancer“, a Presenz vum Marc Schiltz (PhD) an dem Sean Sapcariu (PhD) vum nationale Fuerschungsfong (FNR), de Fuerscher Bassam Janji (PhD) an Dokter Guy Berchem vum „Luxembourg Institute of Health“ (LIH) e Scheck iwwerreecht.

Mat 213.125 Euro gëtt de Projet „Improving T-cell and Macrophage Immune checkpoint blockades, combining autophagy inhibitors“ ënnerstëtzt. Heibäi geet et drëms, d‘Wierksamkeet vun Immunkontrollpunkt-Inhibitore bei Patienten déi bis ewell net fir eng Immuntherapiebehandlung a fro komm sinn, ze verbesseren. Et handelt sech heibäi ëm e Projet, deen zu gläichen Undeeler (jee 213.215 Euro) vum FNR an der „Fondation Cancer“ finanzéiert gëtt.

Am Géigesaz zu anere Kriibsbehandlungen, ass d‘Immuntherapie eng revolutionär Behandlung, déi net direkt op den Tumor geriicht ass, mee an éischter Linn op d‘Immunsystem vum Patient wierkt, fir datt dëst Kriibszellen erkennen an ugräife kann. Tatsächlech geléngt et Kriibszellen, déi d‘Ofwiermechanissem vum Kierper ausser Kraaft ze setzen, esou datt si net vun den Immunzellen als abnormal Zellen erkannt kënne ginn. Si entwéckele Schutzschëlter: d‘Immunkontrollpunkten, déi si Schützen an Immunzellen neutraliséieren.

Immuntherapie: wierksam géint verschidden Aarte vu Kriibserkrankungen

D‘Immuntherapie, an hei besonnesch déi wou op der Basis vun Inhibitore vun de sougenannten Immunkontrollpunkten agéiert, huet zu erhiefleche Fortschrëtter gefouert. Bei Patiente mat engem metastasiéierten Hautmelanom (Hautkriibs), dee géint standardiséiert Chemotherapie resistent ass, konnt eng dauerhaft Wierkung erziilt ginn. D‘Immuntherapie huet och bei der Behandlung vu rezidivéierendem Hodgkin-Lymphom a Longekriibs villverspriechend Resultater bruecht.

Et huet zudeem och bei HNO-, Daarm-, Blos-, Nieren- a Eeërstackkriibs, scho ganz probat Resultater gewisen. Wat de Broschtkriibs betrëfft, esou sinn d‘Resultater vun der Immuntherapie nach net mat deene vu Longen- Melanom- oder Blosekriibs vergläichbar.

Beschränkt op eng begrenzten Unzuel vu Patienten

Déi voll an nohalteg Wierksamkeet vun der Immuntherapie ass op en Deel vun de Kriibspatiente beschränkt. Esou profitéiere beim Melanom nëmmen 38% vun de Patiente vun enger vollstänneger an dauerhafter Heelung, während bal 60% vun de Patienten, keen therapeuteschen Notzen dovunner hunn.

Et ass haut bekannt, datt Patiente mat Tumoren, déi schlecht oder net vun Immunzellen infiltréiert sinn – sougenannt kal Tumore – keen therapeutesche Virdeel hunn. Am Géigesaz dozou profitéiere Patiente mat Tumoren, déi scho vun Immunzellen infiltréiert sinn – sougenannt waarm Tumoren – an der Reegel vun eng unhalender an nohalteger Reaktioun. Esou kann dës Therapie besonnesch bei waarmen, infiltréierten Tumoren effektiv sinn, fir schlofend Immunzellen ze erwächen an/oder déi ze stäerken, déi „midd“ sinn.

An de leschte Joren huet d‘Fuerschungsteam vum „Laboratory of Experimental Cancer Research“ vum LIH, ënnert der Leedung vum Bassam Janji (PhD) an dem Dokter Guy Berchem, en ëmfangräiche Fuerschungsprogramm lancéiert, datt zum Zweck huet, d‘Wierksamkeet vun den Immunkontrollpunkt-Inhibitoren ze verbesseren, besonnesch bei Patiente mat kalen Tumoren, déi fir dës Behandlung net a Fro kommen.

Hir innovativ Fuerschung huet en Ugrëffspunkt bei Tumoren identifizéiert, där hir Blockad et méiglech mécht, d‘Immunlandschaft vun de kalen Tumoren nei ze programméieren. Dës nei Programméierung besteet doranner, eng massiv Infiltratioun vun Immunzellen ze induzéieren a si esou empfänglech fir d‘Immuntherapie duerch Immunkontrollpunkt-Inhibitoren ze maachen.

LIH

De Projet (COMBATIC) huet zum Zweck, d‘Fäegkeet vu pharmakologesche Moleküllen ze evaluéieren, an experimentelle präklinesche Modeller vu Melanomer an Daarmkriibs, déi fir eng Immuntherapie net gëeegent sinn, eng virausgoend Infiltratioun vum Immunzellen ze induzéieren. De Projet plangt och, den therapeuteschen Notze vun enger Kombinatioun vun dëse Moleküller mat Immunkontrollpunkt-Inhibitoren ze testen.

Ultimatiivt Zil: d‘Entwécklung vun enger therapeutescher Strategie, déi et erméiglecht d‘Immunlandschaft vu kalen Tumoren, déi net fir eng Immuntherapie a Fro kommen, op waarm Tumoren, déi virdru vun Immunzellen infiltréiert goufen, ëmzeprogramméieren. Dës Immunzellen, déi ëmprogramméiert Tumoren infiltréieren, kënne mat Hëllef vun der Immuntherapie géint Kriibszelle virgoen.

Obwuel sech dëse Projet aktuell nach an enger präklinescher Phas befënnt, gëtt eng Maachbarkeets-Studie fir déi klinesch Entwécklung zukünfteger Medikamenter ugestrieft, an de Wee fir e grousse Fortschrëtt, an där fir eng beträchtlech Unzuel vu Kriibspatienten uwennbarer Immuntherapie, fräimaachen. An dësem Zesummenhang hunn den FNR an „Fondation Cancer“ beschloss, dëse grouss ugeluechten an héich innovative Fuerschungsprojet ze finanzéieren.

Ähnlech Sujeten FNR, Fondation Cancer, LIH, Lucienne Thommes, Luxembourg Institute of Health, Marc Schiltz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel