Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Budapest: Cargolux als beschte Loftfrachtgesellschaft ausgezeechent
International Neiegkeeten

Budapest: Cargolux als beschte Loftfrachtgesellschaft ausgezeechent

Virun ee puer Deeg ass d‘Cargolux vun den Autoritéite vum

Si halen eis Stad propper – 120 Joer Service Hygiène
International Neiegkeeten

Si halen eis Stad propper – 120 Joer Service Hygiène

De 15. Abrëll huet d’Stad Lëtzebuerg op de Vernissage vun

money
Ze halal, ze wéineg Wäin: Dowéinst huet dëst Geschäft a Frankräich seng Pacht verluer
International Neiegkeeten

Ze halal, ze wéineg Wäin: Dowéinst huet dëst Geschäft a Frankräich seng Pacht verluer

Eng Epicerie déi weder Alkohol nach Schwéngefleesch verkeeft, awer seng

Krim: EU condamnéiert russesch „Interventioun“ mee sanktionéiert net

Krim: EU condamnéiert russesch „Interventioun“ mee sanktionéiert net

E Mëttwoch huet déi europäesch Unioun erkläert, dat „een immens besuergt ass“ wat d‘Situatioun tëscht der Ukrain an der russescher Federatioun ubelaangt, nodeems déi russesch Küstewaach dräi Krichsschëffer am Mier vun Azov gekapert, an d‘Matrouse verhaft huet. Et sollen elo awer keng nei Sanktiounen ergraff ginn, fir dës militäresch Operatioun ze veruerteelen. (mir hate bericht)

Déi designéiert EU-Ausseministesch, Frederica Mogherini, huet no dräi laangen Diskussiounsdeeg eng Deklaratioun vun den 28 Regierunge virgeluecht, an där et heescht: „Mir si consternéiert iwwer d‘Gewalt vum russeschen Asaz, deen am Kontext vun enger zouhuelender Militariséierung an der Regioun esou net akzeptabel ass“. Wéi schwéier et war, den „28“ dës gemeinsam Deklaratioun aus de Rëppen ze leieren, ass den Divergenze tëscht de Memberlänner geschëlt.

Fir (weider) Sanktioune géint Russland ze ergräifen, brauch et „d‘Eestëmmegkeet“ vun den 28. Déi gëtt et net, an dësem Dossier ass och keng Eestëmmegkeet méi ze erwaarden. Déi „direkt Noperen“ zu deenen ee Polen ziele muss, si fir Sanktiounen, Däitschland a Frankräich sinn der Usiicht, datt et fir Sanktiounen einfach nach „ze fréi“ wier. Eigentlech de klägleche Versuch duerzeleeën, datt ee Sanktioune laangfristeg net ausschléisst. Säit Juli 2014 si scho Wirtschaftssanktiounen a Kraaft.

Moskau ass elo gewarnt

D‘Russe mussen allerdéngs uecht ginn, well an hirer Deklaratioun hunn déi 28 eng däitlech Warnung ausgeschwat: „Déi europäesch Unioun wäert d‘Situatioun a seng Entwécklung mat gréisster Opmierksamkeet begleeden, dat an enker Koordinatioun mat sengen internationale Partner“. Mat anere Wierder: zu Bréissel gëtt et esouvill Meenunge wéi Länner, a wann si net zesumme fir Sanktiounen astinn, kann et net derzou kommen.

Mee den elitäre Bréisseler Club huet d‘Russe gebueden, wann et net ze vill Ëmstänn mécht „sech un internationaalt Recht ze halen, an e fräien Zougang zur Strooss vu Kertch, aus a vum Mier vun Azov sécherzestellen“. Si hu béid Konfliktparteien opgeruff, sech um Rimm ze rappen, an et net zu enger Eskalatioun kommen ze loossen. „An dësem Kontext fuerdere mir Russland op, direkt an ouni Konditiounen, d‘Schëffer, d‘Equipage an hir Ausrëschtung, fräi ze ginn“.

Bréissel weist nach emol verhalen drop hin, dat d‘Annexioun vun der Krim (2014) eng immens Erausfuerderung fir déi international Sécherheet duerstellt, an och op juristesch, international Problemer opwerft. Dat am Kontext vun der Souveränitéit vun alle Staaten. An der Deklaratioun gëtt d‘Annexioun dann alt nees veruerteelt, a well ee lancéiert ass, huet d‘EU och de Bau vun der Bréck iwwert d‘Strooss vu Kertch veruerteelt, déi d‘Souveränitéit vun der Ukrain verletzt.

An der Deklaratioun liest dat sech esou: „Déi europäesch Unioun widderhëlt, datt si ouni Reserve d‘Onofhängegkeet, d‘Souveränitéit, an déi territorial Integritéit vun der Ukrain, bannent sengen international unerkannte Grenzen, ënnerstëtzt“. Eng Ausso, zu déi der vill hu missen iwwerzeegt ginn an, beschtefalls als Lëpsebekenntnis ze bewäerten ass.

Randnotiz

Datt d‘EU vun den 28 eng grouss Schold am Konflikt tëscht der Ukrain a Russland matzedroen huet, gëtt ëmmer nees a virun allem bewosst „vergiess“. D‘EU war et, déi zesumme mat den USA, zum Konflikt bäigedroen hunn. Mat der „Aglidderung“ vun der Ukrain an den europäesche Wirtschaftsraum an der NATO, war gewosst, datt Moskau net einfach esou géif roueg bleiwen.

Foto: Ukrainesch Studenten hunn am Zentzrum vu Kiew Plakater héich gehalen, op deenen ze liesen ass „Bleif roueg an sief staark“, oder „Bleif roueg an ënnerstëtz d‘Arméi“. Si hunn sech zu dëser Aktioun entschloss, fir déi ukrainesch Bevëlkerung drun ze erënneren, wat säit véier jidderengem misst ersiichtlech sinn. Et sollt een net panikéieren, et wier dat wat de Feind sech erhofft. © Sergeï Supinski/AFP

Ähnlech Sujeten Kiew, Krichsschëffer, Krim, Küstewaach, Russland, Schwaarztmier, Ukrain
Nächsten Artikel Virrechten Artikel