Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wantervullenzielung: Beobachten, zielen a gewannen!
Neiegkeeten

Wantervullenzielung: Beobachten, zielen a gewannen!

Um leschte Weekend vum Januar invitéiert natur&ëmwelt nees Vullen ze

Déif Unerkennung vum Groussherzog fir CHL-Mataarbechter
Neiegkeeten

Déif Unerkennung vum Groussherzog fir CHL-Mataarbechter

S.A.R. de Groussherzog Henri huet gëschter, zesumme mat der Gesondheetsministesch

Am Oktober sollt een drun denken d‘Wanterpneuen opzeleeën
Neiegkeeten

Am Oktober sollt een drun denken d‘Wanterpneuen opzeleeën

A knapp enger Woch gëtt d‘Auer nees ëmgestallt, d‘Deeg si

E Krimi schreiwen? Kee Problem!

E Krimi schreiwen? Kee Problem!

Hutt Dir keng Loscht op e Buch oder e Film? E Spillowend géing Iech éischter eppes soen? Dir sidd kreativ a fillt Iech mat Bic a Blat wuel? Dann hunn ech gutt Noriichte fir d’Krimi an Thrillerfans ënnert Iech! Mat Crime Stories – das kreative Thriller-Spiel vum Veit Etzold (Kosmos) erlieft och Dir Doheem eng Mëschung aus Spaass a Spannung.

Wien wëll dann net emol Detektiv spillen? Oder de Béise sinn? Ech weess et – de Rescht vu menger Famill, mä dat huet mech net gestéiert. Ech hu mech gutt mat mir ameséiert – ech hunn d’Crime Stories kennegeléiert. Wie weess, villäicht iwwerleeën si sech et nach aneschter an d’nächste Kéier spille mir zu véier.

Ëm wat geet et?

Et ass e Schreif a Rätsel-Spill – de Spiller zitt d’Kaarten aus verschiddene Kéip, et ginn véier Kategorien (Tatort, Motiv, Täter, Todesursache) mat Stéchwierder. An da gëtt et interessant, e muss eng Kuerzgeschicht schreiwen, dofir huet en op mannst 10 bis 15 Minutten Zäit. Dono mussen d’Matspiller erroden ëm wat et geet, d’Rätsel léisen. Kréien si d’Dot rekonstruéiert? Oder huet de Spiller de perfekten Muerd geplangt? Wien stellt déi richteg Froen a fënnt Beweiser? Kënnt dem Täter op d’Spuer? Wann Dir keng Iddien fir d’Handlung hutt,

Äert Bicherregal suergt sécher fir déi néideg Inspiratioun. Ausserdeem enthält d’Spill och eng Rëtsch Storykaarten – fir d’Ufänger ënnert eis. Do stinn fiktiv Kriminalfäll drop – se stamen all aus dem Veit Etzold sengen Romaner. Wat mech perséinlech e bësse gestéiert huet, ass d’Fro, wat mat de Matspiller ass, wann grad een um Schreiwen ass. Dréien si dann esou laang Daimercher? Dat hätt e besser kéinte maachen.

Flott un dëser Spillkëscht ass de Bonus – e Crashkurs “Krimi schreiwen” fir déi kreativ Käpp ënnert eis. Ewéi baut een eng Geschicht am beschten op? Wat däerf net feelen? Wéi gëtt se opgedeelt? Iwwert dëse klenge Schreifatelier hunn ech mech am meeschte gefreet. Ech hunn elo vill Iddie fir e puer Kuerzgeschichten am Kapp, ma hoffentlech kréien ech se uerdentlech ëmgesat. Mat dësem Spill vergeet d’Zäit méi séier, d’Waarden op den nächste Veit Etzold-Thriller kënnt dem Lieser net ze laang vir.

Opmaacherbild: © Jessica Mersch / Bichergeck

Ähnlech Sujeten Crime Stories - das kreative Thriller-Spiel, Kosmos, Krimi schreiwen, Mord, Rätsel, Spill, Täter, Veit Etzold
Nächsten Artikel Virrechten Artikel