Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Europa vun den Ongläichheete bekämpfen
https://moien.lu/carbon-dating-1950/ https://moien.lu/speed-dating-dans-le-78/

dating leesburg va

« Fir d’Klima ze retten, brauche mir e Systemwiessel“ déi Lénk

hiv dating sites in gauteng
https://moien.lu/carbon-dating-1950/ https://moien.lu/speed-dating-dans-le-78/

E Manifest fir den Avortement

Beonrouegt duerch „d‘Opkomme vum Nationalismus an dem Konservatismus“ an de

What the Fakt – Walt Disney keeft virun 6 Joer Star Wars op
https://moien.lu/carbon-dating-1950/ https://moien.lu/speed-dating-dans-le-78/

What the Fakt – Walt Disney keeft virun 6 Joer Star Wars op

Fans vum Yoda, R2-D2 an Chewbacca konnten 2012 deck feieren.

Nee zum Geschichtsrevisionismus an der Kriminaliséierung vun de Kommunisten!

Réckfall vum Europaparlament an déi schlëmmst Zäite vum kale Krich

Nee zum Geschichtsrevisionismus an der Kriminaliséierung vun de Kommunisten!

Den 19. September huet d‘EU-Parlament zu Stroossbuerg eng Resolutioun ugeholl, an där et angeblech ëm d‘Bedeitung vun der europäescher Vergaangenheet (oder dem europäesch Geschichtsbewosstssënn) fir d‘Zukunft vun Europa gaangen ass.

535 EU-Deputéiert hu fir dësen Entschloss gestëmmt, nëmme 66 dogéint an 52 hu sech enthalen. Ënnert deene wou sech dëser geschichtsrevisionistescher, decidéiert antikommunistescher an ideologesch-propagandistescher Resolutioun ugeschloss hunn, waren och all déi lëtzebuergesch EU-Deputéiert, nämlech de Charles Goerens (DP), Christophe Hansen (CSV), Tilly Metz (déi gréng), Nicolas Schmit (LSAP), Monica Semedo (DP) an Isabel Wiseler-Lima (CSV).

Den Text vun der Erklärung erweist sech als ideologesche Réckfall an déi schlëmmst Zäite vum kale Krich, Entgéint allen historeschen Erkenntnisser gëtt hei behaapt, datt eréischt mam däitsch-sowjetesche „Nettugrëffsvertrag“ d‘Weiche fir den zweete Weltkrich gestallt goufen. D‘Rekonstruktioun vun den Ereegnesser, déi zum zweete Weltkrich gefouert hunn, ass verbruet, virageholl, instrumentell a besëtzt kengerlee wëssenschaftlech Grondlagen.

Entspriechend der irrationalen Totalitarismusthees gi Faschismus a Kommunismus gläichgestallt. Dës Gläichstellung vun den Ënnerdrécker mat den Ënnerdréckten, de Schlächter mat den Affer, den Ugräifer mat de Befreier ass schänterlech. Et handelt sech schlicht an ergräifend ëm eng Schännung vun de mindestens 27 Milliounen Doudeger, déi d‘Sowjetunioun duerch de faschistesche Vernichtungskrich ze bekloen hat.

Mat dësem Entschloss vum EU-Parlament gëtt net – wéi angeblech intentionéiert – déi sech steigernd Gefor vu Faschismus, Rassismus an Nationalismus bekämpft, mee villméi ass et de Versuch de Mënschen am EU-Raum e Geschichtsbild mat autoritär-ideologeschem Charakter opzezwéngen an de kommunistesche Widderstand géint de Faschismus, esou wéi och all haidege Versuch en netkapitalistesche Wee anzeschloen, ze kriminaliséieren.

D‘KPL veruerteelt op dat Schäerfst de Wuertlaut vun der Resolutioun vum EU-Parlament, déi letztendlech näischt anescht ass wéi eng Verspottung vun den Affer vum Faschismus an den antifaschistesche kommunistesche Kämpfer, déi mat Hëllef vun der rouder Arméi, villen anere Widderstandsgruppen an den alliéierten Truppen den europäesche Kontinent vun der Terrorherrschaft vun der Nazie befreit hunn.

An dësem Zesummenhang erënnert d‘KPL un déi warnend Wierder vum däitsche Schrëftsteller a biergerlechen Antifaschist, Thomas Mann: “Den russischen Kommunismus mit dem Nazifaschismus auf die gleiche moralische Stufe zu stellen, weil beide totalitär seien, ist bestenfalls Oberflächlichkeit, im schlimmeren Falle ist es – Faschismus. Wer auf dieser Gleichstellung beharrt, mag sich als Demokrat vorkommen, in Wahrheit und im Herzensgrund ist er damit bereits Faschist und wird mit Sicherheit den Faschismus nur unaufrichtig und zum Schein, mit vollem Haß aber allein den Kommunismus bekämpfen.“

matgedeelt vum Zentralcomité vun der Kommunistescher Partei (KPL) fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten EU-Parlament, Faschismus, Geschichtsrevisionismus, Kommunisten, KPL, Kriminaliséierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel