Search

You may also like

Editorial: Wann de Flavio op héijem Niveau jéimert…
Fail Neiegkeeten

Editorial: Wann de Flavio op héijem Niveau jéimert…

Et gëtt Mënschen, deene kanns alles vir an hannen erastiechen,

D’Geschicht an Identitéit erhalen – mee wéi?
Fail Neiegkeeten

D’Geschicht an Identitéit erhalen – mee wéi?

Gëschter hat eis Kulturministesch Sam Tanson d’Éier de relative Gesetzesprojet

Iran-USA: Washington kënnegt „Frëndschaftsofkommes“ vun 1955
Fail Neiegkeeten

Iran-USA: Washington kënnegt „Frëndschaftsofkommes“ vun 1955

Teheran huet e Mëttwoch d‘USA als „rechtsfräie Regimm“ bezeechent, nodeems

dislike

Katar-Kris: Fuerderungen ofgeleent

D'Situatioun verschäerft sech

Katar-Kris: Fuerderungen ofgeleent

De Katar, vu sengen Nopeschlänner wéinst presuméierter Ënnerstëtzung vum Terrorismus an dem gudde Verhältnes zum Iran un de Pranger gestallt, huet d‘Fuerderunge vun den arabesche Staaten zeréckgewisen. Deenen nozekomme kéim dem Verloscht vun der Souveränitéit gläich, eng Konditioun déi net ze erfëllen ass.

D‘Lëscht vun der Fuerderunge, wou notamment d‘Fermeture vun de Televisiounschaîne ‚Al-Jazeera‘ an d‘Schléisse vun enger tierkescher Militärbase gefuerdert gëtt, war den 22. Juni un de Katar geschéckt ginn. D‘Land hat zéng Deeg Zäit fir ze Äntwerten, wat dann ee Sonndeg gewiescht wier.

Gëschter Owend hunn d‘Autoritéite vun Doha matgedeelt, datt de Katar haut de Moien seng Äntwert schrëftlech géif areechen. E Bréif deen den Ausseminister Mohammed ben Abderrahmane al-Thani soll iwwerbrengen. „D‘Lëscht vun de Fuerderungen ass esou ausgeluecht, datt se ofgeleent muss ginn“, hat den Ausseminister ee Samschdeg zu Roum matgedeelt „de Katar (…) leent d‘Fuerderungen aus Prinzip of“.

No dëser Deklaratioun huet de Kuwait d‘Géigner vum Katar gebieden, den Ultimatum ëm 48 Stonnen ze verlängeren. Dat ass och esou ugeholl ginn. Den Trump huet um Sonndeg betount, wéi wichteg en Stopp vum d‘Finanzement vum Terrorismus wier. Den US-President hat sech an der Vergaangenheet och scho mam Katar an den Hoer hat

Katar op sech gestallt

Saudi-Arabien, Bahrain an d‘Vereenegt Emirater, déi dräi Nopeschlänner vum Katar, mee och Egypten hunn de 5. Juni d‘diplomatesch Bezéiunge mat Doha ofgebrach. Si beschëllegen d‘Land den Terrorismus ze ënnerstëtzen an ze vill gutt Bezéiunge mam Iran ze ënnerhalen. Woubäi den Iran den erkläerte Feind vu Saudi-Arabien ass.

Deem widdersprécht de Katar a wéist d‘Beschëllegungen als Ligen zeréck a weist drop hin, datt et kengem gi wier dem Emirat seng Aussepolitik virzeginn. „D‘ganz Welt ass sech bewosst, datt d‘Fuerderungen sech géint d‘Souveränitéit vum Katar wennen“, esou den Ausseminister. An tatsächlech verlaangen d‘Kontrahente vum klengem Land Onméigleches.

Wann et och richteg ass, datt den ambitiéise Katar an Saachen Aussepolitik säin eegene Kapp huet, esou ass en awer och Member am Kooperatiounsrot vum Golf (GCC). D‘Diplomatie, d‘Medien an de Sport sinn d‘Fundamenter vum Statut deen sech de Katar opgebaut huet an dee schéngt sengen Noperen net ze gefalen.

Esou huet den Ambassadeur vun den Emirater an Russland, Omar Ghobash virun neie Sanktioune gewarnt, falls Doha de Fuerderungen net géif entspriechen. Ofgesi vum Ausschloss aus dem GCC kéint d‘Allianz vu Länner déi sech géint de Katar stellen, vun de Länner mat deenen se wirtschaftlech Relatiounen hunn verlaangen, entweder mat hinnen „oder“ mam Katar zesummen ze schaffen.

Kritiséiert gëtt de Katar wéinst der Ënnerstëtzung fir d‘Islamisten insgesamt an de Moslembridder am speziellen. Och den onfrëndlechen Toun vun Al-Jazeera gefält hinnen net. D‘Nopere hate schonn emol virun dräi Joer versicht de Katar op Linn ze bréngen. 2014 hat dee jonken Emir Tamim ben Hamad al-Thani versprach déi islamesch „Figuren“ auszeweisen an Al-Jazeera ee méi gemällegen Toun nozeleeën.

Der Kris entgéint gelaf

Ofgesi vun ee puer Islamisten déi sech hu missen duerch d‘Bascht maachen, hätt sech awer net vill gedoen. Dat behaapten dem klengen Emirat seng Géigner. D‘Kris u sech awer huet schonn seng éischt Virzeechen am Joer 2010 gewisen. Deemools hat de Katar sech diplomatesch zu Gonschte vum arabesche Fréijoer engagéiert. All déi aner waren dovunner net erfreet an hunn dat och däitlech gemaach.

Géintiwwer der aktueller Kris mécht Doha de Bockel. Et gëtt drop gehofft, datt den internationalen Drock op seng Géigner d‘Situatioun kann entschäerfen. „De Katar steet engem konstruktiven Dialog open géinteniwwer, wann d‘Beschëllegunge vu klore Beweiser gedroe ginn“, sot den katareschen Ausseminister den 28. Juni.

Mee ofgesi vum Iran an der Tierkei, schéngt de Katar am Ament net vill Frënn ze hunn. Och d‘Amerikaner a form vun der Trump Administratioun, fuerdert vum Emirat de Finanzement vun Extremisten anzestellen. Nieft Kuwait, hunn och Frankräich a Russland eng Mediatioun ugebueden, leider ouni groussen Erfolleg,

mat AFP

Related topics Katar, Katar-Kris
Next post Previous post