Search

You may also like

Eis Handelskummer stellt sech der Zukunft
Fail International Neiegkeeten

Eis Handelskummer stellt sech der Zukunft

Et ass zur Traditioun ginn, datt sech d‘Handelskummer fir seng

Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick Dury zum 1. Mee
Fail International Neiegkeeten

Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick Dury zum 1. Mee

Well et opgrond de Restriktiounen, ervirgeruff duerch d‘Covid19-Pandemie dëst Joer

DiscoverEU: De Jonke Loscht op Europa maachen
Fail International Neiegkeeten

DiscoverEU: De Jonke Loscht op Europa maachen

De leschten Donneschdeg huet d‘EU-Kommissioun eng zweet Ronn vum „DiscoverEU“

dislike

Kris am Venezuela: Wat mécht Lëtzebuerg?

Kënne mir eppes bewierken?

Kris am Venezuela: Wat mécht Lëtzebuerg?

Am Venezuela herrscht säit längerem Krisestëmmung. Dëst well de President Maduro an d‘Oppositioun sech oppe géigesäiteg attackéieren. Virun allem well mat der Schafung vun der Constituante weider Muecht ronderëm de President géif zentréiert ginn. Dëst huet net nëmmen d‘Kritik vun der nationaler Oppositioun mat sech bruecht, mee och international Kritik op sech gezunn. Mee wéi setzt sech Lëtzebuerg an dëser Fro an?

De Jean Asselborn (LSAP), Ausseminister, huet elo an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Laurent Mosar (CSV) doropper Präzisioune ginn. Senger Aschätzung no géif dësen Organ net adequat d‘Wieler vum Venezuela representéiert a mengt, datt de Gruef tëscht Oppositioun a Regierung doduercher méi grouss géif ginn. Och d‘Gewalt an d‘Leide vun der Bevëlkerung géif deen Ament weider bäi huelen.

Lëtzebuerg als Vermëttler

Dowéinst hätt d‘EU och refuséiert, des Constituante ze erkennen a gefuerdert, datt dës opgeléist gëtt. D‘Situatioun géif et allerdéngs noutwenneg maachen, datt elo schnell eng Léisung negociéiert géif ginn.

D‘diplomatesch Efforten vu Lëtzebuerg bestinn haaptsächlech aus enger Vermëttlerroll. D‘Prioritéit wier, datt dem Vollek vu Venezuela gehollef gëtt. Innerhalb vun der EU huet de Groussherzogtum doropper gehalen, datt Mesuren ënnerholl ginn, fir Vertrauen opzebauen an nei Dialogen opgeholl ginn. Dobäi koum och d‘diplomatesch Präsenz am Nicaragua zum Asatz. Innerhalb der EU huet Lëtzebuerg gehollef, mam Venezuela befrënnte Länner an der Regioun e Grupp ze schaffen, deen tëscht deenen zwou zerstriddene Parteie vermëttele kann. Am Mënscherechtsrot gouf ausserdeem dorobber gehalen, datt op de politeschen Dialog gepocht gëtt.

Related topics Jean Asselborn, Laurent Mosar, Lëtzebuerg, Venezuela
Next post Previous post