Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Coque: E Parking deen de Clienten a Sportler virbehalen ass
https://moien.lu/best-dating-spots-in-japan/

Coque: E Parking deen de Clienten a Sportler virbehalen ass

De Misär eng Parkplaz ze fannen, déi méiglechst och ze

https://moien.lu/pagan-matchmaking/
https://moien.lu/best-dating-spots-in-japan/

https://moien.lu/best-online-dating-app-uk/

Bedruch am Futtball ass wéi Dopping am Vëlossport: ouni schéngt

Libyen: Krichsgebitt Tripolis
https://moien.lu/best-dating-spots-in-japan/

Libyen: Krichsgebitt Tripolis

Nodeems de Generol Chalifa Haftar Ufank Abrëll seng „Arméi“ géint

Krisenzäiten am Fundamentalunterrecht

Enseignanten un der Grenz zur Iwwerbelaaschtung?

Krisenzäiten am Fundamentalunterrecht

Fir d‘Gewerkschaft vun den Enseignanten, SEW-OGBL, steet d‘Primärschoul net virun enger Kris, mee se stécht längst mattendran. Fir dës Behaaptung stëtzt sech d‘Gewerkschaft op eng Enquête, déi si unhand engem Questionnaire bei de Betraffene gemaach huet. D‘Resultat ass „beonrouegend“…

Eigentlech sinn et villméi d‘Conclusiounen, déi et engem kal de Réck erof lafe loossen… Ob iwwer 100 Säite gëtt en éischter däischtert Bild vun engem Aarbechtsëmfeld gezeechent, vun deem een eigentlech wëll unhuelen, datt alles säi geuerdente Wee leeft. Dobäi war d‘Gewerkschaft, eegenen Aussoen no, net drop eraus d‘Lag schlecht ze rieden, mee d‘Problemer opzeweisen a Léisunge virzeschloen.

An de President vum SEW-OGBL, Patrick Arendt, huet am Kontext vun der Presentatioun vun der Enquête dann och däitlech gemaach, datt een elo de Kontakt zu de politesche Parteie sicht, fir dës – jo awer erschreckend Situatioun – engem éierleche politeschen Dialog zouzeféieren. Dat dierft net ganz einfach ginn, ëmmerhin huet den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) do e Wiertche matzeschwätzen.

Eckpunkten aus dem Questionnaire

Esou wéi sech d‘Resultater vun der Ëmfro, also eigentlech d‘Auswäertung vun de Questionnairen, presentéiert, kéint ee bal mengen, datt Lëtzebuerg deemnächst säi Schoulpersonal och muss am Ausland rekrutéieren. Well wann et richteg ass, datt 9 vun 10 Schoulmeeschter hire Beruff gären ausüben, esou géifen 6 vun 10 Enseignanten sech haut léiwer d‘Bee brieche wéi sech dat Ganzt nach eng Kéier unzedoen.

Dat ass „frappant“ a sollt am Ministère zumindest fir Gespréich suergen, well d‘Kiischt um Kuch ass zimlech Sauer. 7 vun 10 Enseignante wëlle kengem Schüler noleeën, sech fir esou eng Carrière ze entscheeden. Dat ass dann och schonn dowéinst eng batter Ausso, well gewosst ass, datt et vir an hannen u Schoulmeeschter feelt. Erënnert iech drun, datt de Minister kuerz no der Rentrée drop an dru war Pensionäre sichen ze goen.

Notéiere mir nach séier, datt vun de ronn 3.500 Enseignanten am Primär, 743 de Questionnaire och ausgefëllt an zréckgeschéckt hunn. Eng zolidd Participatioun, wann ee bedenkt, datt et do jo och nach aner Gewerkschafte gëtt, an eng Rei Enseignanten deem ganzen deraart midd dierfte sinn, datt si den Interêt vun der Enquête a sech wuel novollzéie kënnen, mee net méi gewëllt sinn de ganze Misär matzedroen.

D‘Mooss ass voll!

Déi grondsätzlech Problemer si bekannt: vill ze vill Aarbecht an eng Belaaschtung déi op keng Kouhaut geet. Dat huet imminent Konsequenzen. Ëmmer méi Enseignante verlaangen aus dësem Grond den „Temps Partiel“ a gutt d‘Hallschent géif léiwer haut wéi muer senger Wee goen, esou eng vun de Behaaptungen aus der Enquête. Et dierf een als Géigenargument awer déi gutt Pai vum Enseignant uféieren. Esou séier leeft kee fort…

Op der Säit vun de Stagiairen ass et (nach) ëmgekéiert. Zweedrëttel wëlle weidermaachen a gesinn hir Zukunft ebe grad am Enseignement. Bedenklech gëtt dat ganzt awer dann, wann d‘Leit déi befrot ginn, iwwerzeegt sinn, datt déi aussergewéinlech Belaaschtung, deenen si vun der Politik ausgesat ginn, schlecht Auswierkungen op hir Gesondheet huet. An tatsächlech sollt een esou eppes wéi „Burn-Out“ net ënnerschätzen…

Déi béis Medien

Aus de ville Commentairen déi d‘Äntwerte begleet hunn, geet och ervir, datt sech d‘Enseignanten net vun de Medie respektéiert fillen. Dat huet an éischter Linn domatter ze dinn, datt vill Kollegen der Usiicht sinn, d‘Schoulmeeschter géifen op „héijem Niveau jéimeren“. Woubäi d‘Enseignanten net schold dru sinn, datt d‘Journaliste „schlecht“ bezuelt ginn, mee déi keng Gewerkschaft hunn déi e Kollektivvertrag fir d‘Branche ronn kritt.

Et sinn dann och net all d‘Medie gläich a jiddereen informéiert sech wéi hie wëll. D‘Positioun déi vun de Medie weidergeleet gëtt, huet dann och en Impakt op „Siicht“ vun de Bierger, déi och géife fannen, datt een sech als Schoulmeeschter net wierklech ze bekloen hätt. Datt si sech och vun der Direktioun net respektéiert fillen, dierft awer der bedriwwener Schoulpolitik ugelaascht ginn. Et geet hei och ëm d‘Perceptioun vum Denigrement.

Zur Feststellung datt d‘Lag sech verschlechtert, gehéiert och, datt sech d‘Enseignanten enger ëmmer gréisserer Belaaschtung duerch administrativ Tâchen ausgesat gesinn. Ëmmer méi Kontroll an eng stänneg Disponibilitéit droen net zur Verbesserung bäi. Dobäi sollt jo grad dat alles, mat der Aféierung vun de Regionaldirektioune besser ginn. Doriwwer eraus gëtt et och beim „Stage“ nach villes wat muss verbessert ginn.

A wéi ass et mat de Kanner?

Déi wou am éischten ënnert der aktueller Situatioun leiden, esou sollt een zumindest mengen, dat sinn d‘Kanner. Mee si sinn och deels d‘Ursaach. Geschëlt wier dat dem System vun der stänneger Betreiung. Vill Enseignante bekloen sech datt d‘Kanner besonnesch Nomëttes kaum nach deelhuelen, wéineg eege Bedeelegung weisen a méi un hiren Handyen an/oder Tabletten interesséiert sinn wéi un deem wat am Cours leeft.

Fir deem ganzen ze begéinen a virun allem dem Bildungsoptrag gerecht kënnen ze ginn, wier et schonn emol en Ufank, wann et genuch Schoulmeeschter géif ginn. Et misst een allerdéngs ophalen Instituter ze schafen déi dës rekrutéieren, well déi sinn esou nëtzlech wéi d‘Regionaldirektiounen. Ausser den Enseignante méi administrativ Steng an de Wee ze leeën, kéim net vill Brauchbares. Do kënnt also nach eppes op eis duer.

Foto: Wann d‘Schoulmeeschter d‘Äerm hänke loossen…

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, Educatiounsministère, Enseigement, Enseignanten, SEW-OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel