Search

You may also like

E Bréif aus England…
Neiegkeeten

E Bréif aus England…

En ass speziell, liicht extravagant an huet „senge Leit“ versprach

Chaos am Wäissen Haus? „Fake News“ äntwert den Trump
Neiegkeeten

Chaos am Wäissen Haus? „Fake News“ äntwert den Trump

Um Donneschdeg huet sech den US-President Donald Trump richteg beméit,

Buchpresentatioun vu „Meat Market“ – Déi donkel Säit vum Modelen
Neiegkeeten

Buchpresentatioun vu „Meat Market“ – Déi donkel Säit vum Modelen

D’Autorin Juno Dawson erzielt eis am fiktive Jugendbuch „Meat Market“

Krisesëtzung fir d’Aviatioun zu Lëtzebuerg

En Dënschdeg huet et um Kierchbierg eng kleng Tripartite fir den Aviatiounssecteur ginn

Krisesëtzung fir d’Aviatioun zu Lëtzebuerg

Nieft der Regierung, vertrueden duerch de Vizepremier François Bausch (déi gréng) an de Pierre Gramegna (DP), den Direktere vu LuxAirport, Luxair a Cargolux, waren och Vetrieder vun de Gewerkschafte LCGB, OGBL an der NGL/SNEP agelueden iwwer d‘Folge vun der Covid19-Kris fir d‘Aviatioun ze beroden. An d‘Situatioun fir dëse Secteur ass den Ament „ugespaant“.

Wéi schlëmm et ass, kann een un der Ausso vum Finanzminister festmaachen, deen da gemengt huet, datt de finanziellen Impakt op de Secteur vun der Loftfaart, mat deem vun den Attentater vum 11. September 2001 vergläichbar wieren. Dem Vizepremier säin Zil ass et d‘Beschäftegung an den dräi Entreprise ofzesécheren an alles drun ze setzen, fir Verloschter bei den Aarbechtsplazen ze verhënneren. Falls et net anescht geet, misst och d‘Preretraite als Instrument genotzt ginn.

Aviatioun

De Vizepremier a Mobilitéitsminister François Bausch, huet a senger kuerzer Interventioun um Parvis vum Ministère de Gewerkschaftler verséchert, datt ee bei der Sëtzung wäert déi richteg an noutwenneg Jalone setzen, fir dëse wichtege Wirtschaftssecteur an seng Aarbechtsplazen ze schützen © LCGB

De François Bausch huet drop higewisen, datt elo Aarbechtsgruppe gebilt ginn (e fir all betraffen Entreprise) déi den Optrag hunn eng Strategie auszeschaffen, déi et dem Secteur sollt méiglech maachen d‘Kris ze iwwerwannen. Et brauch dozou ee spezifesche Plang fir all Entreprise an d‘Regierung wäert als Aktionär hei och hir Verantwortung ze iwwerhuele wëssen. Schonn de 17. September sollen déi verschidde Strategien a Pläng der Ëffentlechkeet virgestallt ginn.

D‘Ëmsetzung vun deem Ganze kann dann, nodeems d‘Regierung der EU-Kommissioun dann am Oktober e globale Plang virgeluecht huet, op de Wee bruecht ginn. De CEO vun der Luxair, Gilles Feith, weist drop hin, datt vum Personal an de Passagéier ee kollektiven Effort gefuerdert ass, d‘Verloschter wieren elo schonn immens. De CEO vun der Cargolux, Richard Forson, setzt op Resilienz an de Chef vu LuxAirport, René Steinhaus wëll d‘Notioun vum „Voyage“ redefinéieren.

A wat soen d‘Gewerkschaften?

Schonn e Méindeg hat den OGBL sech zu de Problemer am Loftfaartsecteur positionéiert. Esou huet d‘Generalsekretärin vum Syndikat Zivil Loftfaart, Michelle Cloos betount, datt et wuel den Ament nach keng Aussoen zu méiglechen Entloossunge gëtt, een awer wëll drop virbereet sinn. Déi gréisste Gewerkschaft am Land géif sech fir den Erhalt vun der Beschäftegung asetzen, wéi si och wäert d‘Aarbechtskonditiounen an déi sozial Errongenschaften ze verdeedege wäert wëssen.

Aviatioun

Schonn e Méindeg hat de d‘Michelle Cloos zu Esch d‘Positioun vum OGBL presentéiert. © OGBL

D‘Michelle Cloos weist drop hinn, datt et am Loftfaartsecteur eng 6.000 Direkt-Aarbechtsplazen huet, mee insgesamt bis zu 25.000 Jobs vun dësem Secteur ofhänken. An den Entreprise Luxair a Cargolux ass den LCGB Majoritär, an déi hat dann och hir Leit mobiliséiert kritt, déi zu hirer ronn 250 um Parvis virum Mobilitéitsministère um Kierchbierg fir hir Aarbechtsplazen agetruede sinn. Zesumme mam NGL/SNEP haten si ab 8 Auer ee „Piquet fir d‘Zukunft“ organiséiert.

Hei huet sech de Paul de Araujo un déi Beschäftegt gewannt, a dës opgeruff zesummenzestoen a sech dem Aarbechtsplazverloscht entgéintzestellen. Och de François Bausch hat sech hei um Podium gewisen, an den Aktiviste verséchert, datt et hei zu positive Resultater komme wäert. D‘Maria Macedo, Sécherheetsdelegéiert bei der Luxair, huet d‘Suerge vun hire Kolleegen a Wierder gefaasst. Grondsätzlech geet et och beim LCGB an dem NGL/SNEP drëms d‘Jobs ze retten.

Foto: De Paul de Araujo huet senge Leit virun der Sëtzung verséchert, datt d‘Prioritéit um Erhalt vun den Aarbechtsplaze läit .© LCGB

Related topics Aviatioun, Cargolux, Dan Kersch, François Bausch, LCGB, Loftfaartsecteur, Luxair, LuxAirport, NGL/SNEP, OGBL, Pierre Gramegna, Tripartite, Zivil Loftfaart
Next post Previous post