Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

South Park a seng Metalband: Wann een bemol kee Spaass méi versteet
International Neiegkeeten

South Park a seng Metalband: Wann een bemol kee Spaass méi versteet

Schonn zënter 1997 leeft déi US-amerikanesch Animatiounsserie South Park um

Äishockey: Beaufort Knights géint Red Roosters am 9-3 ausenaner gaangen
International Neiegkeeten

Äishockey: Beaufort Knights géint Red Roosters am 9-3 ausenaner gaangen

E Samschdeg Owend sollt et de leschten Heemmatch fir d’Lëtzebuerger

De Service Hygiène suergt fir Kloerheet: Wouhi mam Offall?
International Neiegkeeten

De Service Hygiène suergt fir Kloerheet: Wouhi mam Offall?

Och weiderhin gëtt d’Kollekte vum Offall (schwaarz, brong, gréng a

Kritik an Däitschland u gratis Coronatester: Reesend solle selwer bezuelen

Kritik an Däitschland u gratis Coronatester: Reesend solle selwer bezuelen

Zënter Ufank dës Mounts musse sech Persounen, déi aus Risikogebidder zeréck an Däitschland reesen, ënnerhalb vun 3 Deeg op Covid-19 teste loossen. Wärend de Gesondheetsminister Jens Spahn dës Initiative vun de gratis Tester ënnerstëtzt, stelle sech verschidden däitsch Politiker queesch. Et weir net gerecht d’Allgemengheet bezuelen ze loossen, wa Bierger a Risikogebidder areesen.

Zu Lëtzebuerg gëtt nach ëmmer groussflächeg a gratis getest, och d’Grenzgänger a Reesend, déi um Fluchhafen ukommen. D’Moossnam stéisst hei zu Land op zefridde „Clienten“. Gratis Tester an Däitschland unzebidden trëfft allerdéngs op Kritik.

Fir Reesend, déi aus Net-Risikogebidder zeréckkommen, ass d’Prozedur fräiwëlleg. Kënnt een awer aus engem Risikogebitt Heem, huet een dräi Méiglechkeeten: Entweder léisst ee sech am Ausland testen wou d’Käschten oft selwer gedroe musse ginn a kann en negatiivt Resultat virweisen, dat net méi wéi 48 Stonnen al ass. Zudeem kann een och fir 2 Wochen a Quarantaine goen, oder gratis un enger Teststatioun den Ofstréch am Hals maache loossen.

Den SPD-Generalsekretär Lars Klingbeil kritiséiert d’Decisioun vu Bund a Länder a schwätzt vun engem „Gerechtegkeetsproblem“. Schliisslech wiere Persounen, déi an e Risikogebitt reesen selwer Schold un hirer Situatioun. No engem gratis Covid-Test ze froen, ass dann ze vill verlaangt.

Däitschland

BMG / Twitter

De Covid-Test soll bei d’Onkäschte vun der Rees bäigerechent ginn

Och den Armin Laschet, NRW-Ministerpresident, weist sech net wierklech begeeschtert. D’Leit sollen d’Käschte selwer droen an net der Allgemengheet zur Laascht falen. Bezuelt ginn d’Tester aktuell iwwert de Solidarsystem vun de Krankekeesen an d’Gesondheetsfongen. Ënnerhalb vun dräi Deeg no der Arrivée musse sech d’Repatriaten aus Risikogebidder teste loossen.

Ma, och de Peter Tschentscher (SPD) fuerdert, datt d’Leit op de Käschte sëtze bleiwen. Dëst sollten Onkäschte sinn, déi bei enger Rees eben ageplangt sollte ginn. Eigentlech kéint ee jo och an engem Net-Risikogebitt Vakanz maachen.

Däitschland

Bundesministerium für Gesundheit / Facebook

De Gesondheetsminister Jens Spahn bleift weiderhin iwwerzeegt vun der Strategie: Déi gratis Tester dierfte keng sozial Fro ginn. D’Bevëlkerung huet Usproch ob eng Vakanz, vill Bierger hätte laang gespuert a sollen hir Fräiheet behalen.

Kuckt ee sech um Beispill Bayern d’Situatioun un, esou profitéieren déi däitsch Bierger vun der gratis Offer. Ufank August hunn sech 18.000 Persounen u Fluchhäfen, Garen an Autobunnen teste gelooss, well si d’Situatioun mat Responsabilitéit meeschtere wëllen.

Altmeier fuerdert méi héich Strofen

Wärend ëm gratis Tester hin an hiergestridde gëtt, verlaangt de Bundeswirtschaftsminister Peter Altmeier méi héich Strofe bei Verstéiss géint d’Corona-Reegelen. Esou erkläert hien, datt eng Persoun, déi express anerer mat sengem Verhale gefäerd, och mat de Konsequenze rechne muss. D’Hausse un Infektiounsfäll géif virun allem op ee Feelverhalen ouni Respekt a Verantwortung vu klenge Gruppen zeréck goen.

Aus dësem Grond sollen d’Geldstrofen a generell Strofen drastesch an d’Luucht gesat ginn, sou datt kee méi ënnert Virsaz aner Persounen ustieche soll.

Däitschland

www.bussgeldkatalog.org/corona/

Opmaacherbild: Bundesministerium für Gesundheit

Ähnlech Sujeten Armin Laschet, Coronavirus, Däitschland, Gerechtegkeet, Gesondheetsministère, Gratis Covid-Test, Jens Spahn, Lars Klingbeil, Pandemie, Peter Tschentscher, Rees, Risikogebitt, Robert Koch Institut, Seler bezuelen, SPD, Vakanz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel