Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA: Monsanto op der Bänk vun den Ugekloten
International Neiegkeeten

USA: Monsanto op der Bänk vun den Ugekloten

E Méindeg huet sech Monsanto bei engem Prozess zu San

Schwéiert Äerdbiewen op der iranesch-irakescher Grenz
International Neiegkeeten

Schwéiert Äerdbiewen op der iranesch-irakescher Grenz

Um spéide Sonndegowend si bei engem schwéieren Äerdbiewen, engem éischte

Mëttelmier: Operatioun Sophia gëtt ëm 6 Méint verlängert
International Neiegkeeten

Mëttelmier: Operatioun Sophia gëtt ëm 6 Méint verlängert

Als Ausseminister vun der Koalitiounsregierung huet de Jean Asselborn (LSAP)

Kritik un der Vergab vun den EU-Spëtzeposten

Iwwert d‘Zesummenhäng an wat se zu Lëtzebuerg dovunner halen

Kritik un der Vergab vun den EU-Spëtzeposten

Beim EU-Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen zu Bréissel (2. Juli) war sech op en dach awer iwwerraschende Personaltableau verstännegt ginn. Zwee Poste sinn definitiv verginn, iwwert dräi Poste muss d‘EU-Parlament de 15. Juli befannen. Am Fokus steet d‘Nominatioun vum Ursula von der Leyen, déi d‘Presidence vun der Kommissioun soll iwwerhuelen.

Geséchert ass d‘Mandat vum EU-Rotspresident an och d‘Presidence vum EU-Parlament ass gekläert. Esou iwwerhëlt de Belsch, Charles Michel den EU-Rot, an den Italiener David-Maria Sassoli dierf zweeanenhalleft Joer als President vum EU-Parlament siegéieren. Da muss den 63 järege Journalist engem Konservative vun der EPP d‘Mandat iwwerginn.

Domatter wieren nach dräi Posten „an der Schwief“ iwwert déi d‘EU-Deputéiert nach ofstëmme mussen. Et dierf een zouversiichtlech sinn, datt esouwuel d‘Christine Lagarde als nei Cheffin vun der EZB, wéi och de Spuenier Josep Borell als Kommissär fir Aussenugeleeënheeten, vum Europaparlament wäerten ugeholl ginn. Anescht ass et beim Chefposten.

Esou ass et eng aner Affär wat d‘Ursula vun der Leyen als EU-Kommissiounspresidentin betrëfft. Do schéngt et zolidd Widderstand ze ginn. D‘Sozialisten, déi eigentlech beim Deal esou schlecht net ewech kommen (Aussepolitik & EU-Parlament) wäerte jiddefalls net als Fraktioun dëser Nominéierung zoustëmmen. Esou beispillsweis déi däitsch SPD-Deputéiert.

E beschtens argumentéierten Dissens

An der grousser Koalitioun (GroKo) hänkt de Sege schif, wat dem fréieren SPD-Virsëtzenden, Sigmar Gabriel d‘Opportunitéit d‘Geleeënheet bitt, sech nees op der politescher Bühn ze weisen. Politesch betruecht, geet et der Sozialdemokratie an Däitschland esou schlecht wéi eigentlech nach ni, an d‘Verhandlungen an den Hannerzëmmer zu Bréissel sinn eng echt Chance.

Géintiwwer dem Spiegel huet de Sigmar Gabriel zum Ausdrock bruecht, datt et dat wat sech do zu Bréissel ofgespillt huet, esou nach net ginn hätt. Hie verweist zu Recht drop, datt fir iwwerhaapt kënnen als Nofolgerin vum Jean-Claude Juncker nominéiert ze ginn, d‘Verdeedegungsministesch vun Däitschland hätt missen als Kommissärin benannt ginn. Esou ass et d‘Reegel.

Dat hänkt mam Fakt zesummen, datt all EU-Kommissiounspresident och den national ernannten EU-Kommissär vu sengem Land ass, woumadder soll verhënnert ginn, datt dat Land, dat de President stellt, zwee Mandater an der Kommissioun iwwerhuele kann. Den EU-Kommissär awer, gëtt net vun der Kanzlerin, mee vun der Regierung bestëmmt, wat net de Fall ass.

Sech iwwer Reegelen ewech setzen?

Fir d‘CDU-Cheffin Annegret Kramp-Karrenbauer warnt: „Wann déi däitsch Sozialdemokraten un hirer destruktiver Haltung géintiwwer dem Ursula von der Leyen festhale sollten, da belaaschten si domadder d‘Koalitioun“. Si weist dann nach drop hin datt – sollt d‘Ministesch vum EU-Parlament desavouéiert ginn – et an Europa zur Verfassungskris kéint kommen.

Datt d‘Ursula von der Leyen am EU-Wahlkampf keng Roll gespillt huet, also net zur Wiel gestanen huet, dat stéiert d‘Annegret Kramp-Karrenbauer net. Si erkennt wuel datt de Prinzip vum Spëtzekandidat net méi zäitgeméiss ass an ënnerstëtzt d‘Fuerderunge vun der zukünfteger EU-Kommissiounspresidentin, Europa grondleeënd ze reforméieren.

Interessant ass dofir d‘Wuertmeldung vum Wolfgang Schäuble (CDU). Deen ass wuel iwwerzeegt, datt d‘Ursula von der Leyen eng gutt Kommissiounspresidentin géif ofginn, a réit den Deputéierten sech dem Kompromëss vun de Staats- a Regierungscheffen unzeschléissen. Hien erkennt anersäits awer och un, datt sech am stëlle Kämmerlein ze arrangéieren, keng gutt Iddi war.

Wuertmeldungen aus Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg bedaueren d‘Sozialisten d‘Aart a Weis wéi an dësem Kontext mat der Demokratie ëmgespronge gëtt. Den Direktiounscomité vun der LSAP stellt fest, datt mat dëser Entscheedung de Prinzip vum „Spëtzekandidat ausgehiewelt ginn ass, an d‘Staats- a Regierungscheffe domadder d‘Kredibilitéit vun de Kandidaten op d‘Spill gesat huet. Europa hëlleft et net.

Natierlech gëtt bedauert, datt de Frans Timmermans, deen aus der Siicht vun de Lëtzebuerger, vun enger grousser demokratescher Legitimitéit hätt kënne profitéieren, quasi ausgeschloss ginn ass. De Sozialist aus Holland wier de bessere Choix gewiescht, well dësen en neie politeschen Impuls, fir ee méi soziaalt an ekologescht Europa, mat sech bruecht hätt.

„Amplaz e Kommissiounspresident ze ernimmen deen en ambitiéise Projet fir eng méi ambitiéis europäesch Unioun, méi gereecht a méi ekologesch, hunn d‘Staats-a Regierungscheffen sech fir eng Kandidatin entscheet (…) déi sech net un den EU-Wahle bedeelegt huet, an där hire Programm kee kennt“, esou den Direktiounscomité vun der LSAP an hirem Communiqué.

D‘CSV ass „verhalen“ zefridden

Wann sech déi Lëtzebuerger „Sozialdemokratie“ den däitsche Genossen uschléisst, esou bleift et vertraulech, ob déi 2 EU-Deputéiert vun der LSAP géint d‘Ursula von der Leyen wäerte stëmmen. Vun den DP-Deputéierte géif ee sech och eppes Widderstand erwaarden, mee do ass et dem Ament iwwerraschend roueg, am Géigesaz zur däitscher FDP.

D‘CSV, vun där een sech eigentlech hätt dierfen erwaarden, datt si de Kompromëss vun de Staats- a Regierungscheffe géifen eppes méi betount begréissen, huet sech dann awer net zu enger offizieller Stellungnam hiräisse gelooss. Si hiewen ervir, dat hir béid Deputéiert féierend Posten zougeschwat kruten. Si wieren deemno méi wéi „Chef de Gar“, wat jo och gutt ass.

Déi zwee CSV-Politiker leeden d‘Aarbecht vun den Deputéierten an der EPP-Fraktioun a sinn déi offiziell Spriecher vun der Fraktioun an hire Fachberäicher. De Christophe Hansen am Beräich „internationalen Handel“ an d‘Isabel Wiseler-Lima als Koordinatorin am Ausschoss fir Mënscherechter. Esou en Afloss op déi politesch Ausriichtung vun der EVP hat d‘CSV nach ni.

Juncker a von der Leyen op enger Linn

Beim Treffe vun den „Elefanten“ war et nëmmen erlaabt Biller ze maachen, op Froe wollten den zukünftege Politik-Rentner an déi ageschleisten Iwwerraschungskandidatin net äntweren. Dat ka villes an näischt bedeiten, féiert awer logescherweis zu ongehemmte Spekulatiounen. Aus dësem Grond huet d‘EU-Kommissioun dann d‘Propagandamaschinn ugeschmass.

Et wier en Treffe vun zwee „richtegen Europäer“ déi sech zanter Jore kennen, esou déi mat Ofstand dommsten Ausso an engem ugespaante Kontext, vun der EU-Kommissioun. Zum enge well behaapt gëtt et géif och Treffen tëscht falschen Europäer, an zum aneren, well mat „kennen“ hei suggeréiert gëtt si hätten ëfters matenaner ze di gehat. Béides ass absolute Quatsch.

Wat net gesot ginn ass, mee vun eigentlechem Interesse ass, betrëfft déi eigentlech Ernimmung an hei kann de Jott-zé-Jott eigentlech nëmmen zefridde sinn. Hien hat jo selwer gehofft, datt säin Nofolger aus Däitschland géif kommen an datt et zu allem Iwwerfloss och nach eng Fra ass, déi zudeem aus dem Donstkrees vun der Kanzlerin kënnt, dat gefält him besonnesch gutt.

mat indymedia/bru/ber/fra

Ähnlech Sujeten EU-Kommissioun, EU-Kommissiounspresident, Jean-Claude Juncker, Sigmar Gabriel, Ursula von der Leyen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel