Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Demokratesch Partei: Fir e multikulturellt Lëtzebuerg mat lokalen Traditiounen
https://moien.lu/r-u-dating-anyone/ Neiegkeeten

is maddi bragg dating jacob

Mam Slogan „D‘Zukunft op Lëtzebuergesch“ geet déi Demokratesch Partei (DP)

https://moien.lu/dating-site-novi-sad/
https://moien.lu/r-u-dating-anyone/ Neiegkeeten

Summerlach: Nom „Casier-bis“ elo och nach de „Bommeleeër“

D‘Land kënnt einfach net an d‘Summerpaus: do déi ominéis Affäre

Aus Israel e jiddeschen Nationalstaat gemaach?
https://moien.lu/r-u-dating-anyone/ Neiegkeeten

Aus Israel e jiddeschen Nationalstaat gemaach?

Wat fir déi eng d‘Bestätegung ass, gesinn déi aner als

Kritt Italien elo säi Budget gestëmmt?

Déi italienesch Deputéiert sinn opgeruff sech haut ze entscheeden

Kritt Italien elo säi Budget gestëmmt?

Um haidege Samschdegowend sollen déi italienesch Deputéiert, der Regierung d‘Vertrauen ausschwätzen an dem Budget fir 2019 zoustëmmen. Et ass deen éischte vun der populistescher Exekutive, an deen huet op Uerder vu Bréissel missen nogebessert a korrigéiert ginn.

De Budget esou wéi en haut virgeluecht gëtt, ass no haarde Verhandlunge mat Bréissel opgestallt ginn. D‘EU-Kommissioun hat déi „éischt Versioun“ vum Text verworf. Eng Première an der Geschicht vun der europäescher Unioun. De italienesche Senat hat de Budget kuerz viru Chrëschtdag ugeholl.

Kleng Bréidercher

D‘Koalitiounsregierung vu Lega Nord (rietsextrem) an dem Movimento 5 Stelle (anti-System), déi zanter dem 1. Juni d‘Geschécker vum Land ze leeden huet, huet en Deel vu sengen Haaptprojete misse begrenzen, fir den ëffentlechen Defizit bei 2,04% vum Bruttoinlandprodukt (BIP) ze halen. Am éischten Entworf huet dëse bei 2,4% geleeën. D‘Previsioune fir de Wuesstem vun 2019, ass op 1% reduzéiert ginn, virgestallt hat ee sech e Wuesstem vun 1,5%.

Et ass dann och héich Zäit, datt Italien säi Staatsdefizit – dee bei 130% vum BIP läit – an de Grëff kritt. Geléngt dat net, da setzt sech Italien Sanktiounen aus: vun den internationale Finanzmäert engersäits, an enger EU-Prozedur anersäits.

Scho leschte Weekend war et matten an der Nuecht zu engem Vertrauensvott komm, fir de Budget duerchgesat ze kréien. Den Amendement, an deem all d‘Ännerungen déi d‘Regierung huet misse virhuelen enthale sinn, war de Senateuren nëmmen e puer Stonne virum Vott presentéiert ginn.

D‘Zäit drängt

Et muss ee soen, datt d‘Zäit drängt: den Text muss den 1. Januar a Kraaft trieden. Geléngt dat net, da funktionéiert Italien vu engem Mount zum aneren, mat enger Kopie vum Budget 2018. Dat géif vill Moossnamen a Fro stellen, vun deenen sech d‘Regierungsparteie vill erhoffen, hisichtlech den Europawahle vum Mee.

D‘Oppositioun – vu lénks wei vu riets – denoncéiert mat den häertste Wierder e Mangel u Respekt géintiwwer den Institutiounen. Si werfen der Regierung vir, e Budget ze presentéieren, dee vu Bréissel redigéiert ginn ass, an dem italienesche Parlament net de geréngsten Handlungsspillraum léisst.

„Mat der Noutwennegkeet laanscht d‘Prozedur, wéinst Verstéiss géint d‘Reegele, ze kommen, zwéngt eis an d‘Cesarini-Zon“ huet de Regierungschef, Giuseppe Conte, e Freideg am Kontext vun enger Pressekonferenz erkläert, a referéiert sech un e Fussballspiller aus den 30er Joren, dee berühmt gi war, wëll hien ëmmer kuerz iert d‘Spill ofgepaff ginn ass, nach e Goal geschoss huet.

„Et war net de fräie Wëlle vun der Regierung eng Diskussioun ze verhënneren an d‘Dauer vum parlamentareschen Debat ze verkierzen“, esou de Giuseppe Conte, dee verséchert huet, datt de Budget tatsächlech an Italien erstallt ginn ass.

D‘Strooss soll e Wuert matschwätzen

Déi Demokratesch Partei (PD) huet e Freideg ugekënnegt, datt si de Verfassungsrot ugeruff hunn, fir e Verstouss géint d‘Verfassung ze denoncéieren. Si behaapten sech op de Fait, datt et kengem Senateur méiglech gewiescht ass, den Text an der zougewisener Zäit ze liesen.

Et hunn och eng Rei Parteien d‘Bierger opgeruff, dëse Samschdeg virum Parlament zu Roum ze manifestéieren. Säitens de Gewerkschaften ass fir den 12. Januar e Mouvement annoncéiert ginn.

De Kaméidi tëscht Roum a Bréissel hat am Hiecht ugefaangen, wéi Italien e Budgetsprojet virgeluecht huet, an deem en ëffentlechen Defizit vun 2,4% vum BIP annoncéiert ginn ass. Dat war dann awer zimlech wäit vum 0,8% Defizit ewech, zu deem sech déi virecht Regierung engagéiert hat. Den 23. Oktober huet d‘EU-Kommissioun den Italiener d‘Ofso zoukomme gelooss.

Mam Accord, deen de 19. Dezember mat Bréissel fonnt ginn ass, sollen e puer Milliarden agespuert ginn, datt bei zwee vun den absolut prioritäre Regierungsprojeten: d‘Reform vum Pensiounssystem, dat ass e Wonsch vun der Lega Nord, an d‘Biergerakommes – eng Aart REVIS op italienesch – dee vum Movimento 5 Stelle gedroe gëtt. Béid Moossname sollen am Abrëll lancéiert ginn.

Den Androck vun „Hetz“ war am Laf vun der Woch och nach doduerch verstäerkt ginn, wéi eng Polemik duerch d‘Besteierung vun den Veräiner ouni Gewënnzweck (ASBL) opkomm ass. Hei ass den Taux vun 12 op 24% gehuewe ginn. Et war e „Zousaz a leschter Minutt“ dee fir entspriechend Opreegung gesuergt huet. D‘Exekutive huet versprach sech dat am Januar nach emol unzekucken.

mam Fanny Carrier/AFP

Foto: Den italienesche Premierminister, Giuseppe Conte, wat gëschter och net begeeschtert mat de Medien iwwert e Budget ze diskutéieren, dee vu Bréissel „beaflosst“ ginn ass. Hien huet awer däitlech gemaach, datt den Text, deen um haidege Samschdegowend zur Ofstëmmung virgeluecht gëtt, zu Roum erstallt ginn ass. © Alberto Pizzoli/AFP

Ähnlech Sujeten Budget, EU-Kommissioun, Giuseppe Conte, Italien, Lega Nord, Movimento 5 Stelle
Nächsten Artikel Virrechten Artikel