Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

déi gréng: Global denken, lokal agéieren
International Neiegkeeten

déi gréng: Global denken, lokal agéieren

Déi Déifferdenger Gemeng hat dëse Samschdeg d’Éier de Landeskongress 2017

Iraner beschlagnahmen op en neits en Tanker am persesche Golf
International Neiegkeeten

Iraner beschlagnahmen op en neits en Tanker am persesche Golf

D‘Revolutiounsgarden am Iran hunn eegenen Aussoen no, e weideren Tanker

Ferriminera Festival – Konscht zesummen erliewen!
International Neiegkeeten

Ferriminera Festival – Konscht zesummen erliewen!

Vum 25. bis de 27. Oktober fënnt op der Gemengeplaz zu

Kroatien iwwerhëlt EU-Presidence

Virun 30 Joer sinn nach Bommen zu Zagreb ageschloen, zanter 6 Joer sinn d‘Kroaten elo Europäer

Kroatien iwwerhëlt EU-Presidence

De kroateschen Ausseminister Gordan Grlic Radman wäerten zu Lëtzebuerg déi mannste kennen, mee elo wou d‘Kroaten d‘EU-Presidence vir déi nächst 6 Méint iwwerhuelen, sollt sech dat änneren. Hien ass jiddefalls héich erfreet d‘Presidence ze iwwerhuelen a stellt fest: „Wien hätt sech dat deemools virstelle kënnen, datt Kroatien en onofhängegt Land a Member vun de wichtegsten internationalen Organisatioune géif ginn?“.

Jo deemools huet sech dës Fro nach net gestallt an nach laang net jiddereen an Europa ass iwwert d‘Entwécklung vun de Kroaten esou begeeschtert, wéi de Gordan Grlic Radman. Beim Bäitrëtt huet Kroatien nach als Hoffnungsträger gegollt. Et hat een sech erwaart, datt Zagreb am Balkan hëlleft Staate wéi Bosnien, Montenegro a Nordmazedonien méi no un Europa erunzeféieren. Dee Schoss ass erwisenermoossen no hanne lassgaangen.

Kroatien huet mat eigentlech allen Noperen zolidd Kaméidi. Esou ass de Sträit ëm de Verlaf vun der Küstelinn, mam Noper Slowenien, nach ëmmer net bäigeluecht. Déi rietsnational Regierung ass bis op d‘Schank korrupt an amplaz sech ëm d‘Wirtschaftsproblemer an d‘Auswanderung vu senge Bierger ze këmmeren, ginn Denkmäler fir déi faschistesch Ustaše, där Organisatioun déi am 2. Weltkrich 300.000 Mënschen ermuert huet, ageweit.

Kroatien

20.12.2019., Zagreb – U nacionalnoj i sveuclisnoj knjiznici odrzano je svecano primanje u prigodi bozicnih blagdana koje su organizirali predsjednik Vlade Andrej Plenkovic i ministar vanjskih i europskih poslova Gordan Grlic Radman. rPhoto: Patrik Macek/PIXSELL

Fir dës „Organisatioun“, déi Judden, Roma a Serben ëmbruecht huet, gouf op engem Denkmal zu Split, de Leetsproch vun de kroatesche Faschisten „Za dom spremni“ a Stee gemeesselt. Dat léisst sech mam däitschen „Heil Hitler“ gläichstellen. An virun e puer Deeg, huet d‘Staatspresidentin Kolinda Grabar-Kitarovic op hirer Facebooksäit de Krichsverbriecher Slobodan Praljak geéiert den um IGh zu den Haag „live“ Selbstmord begaangen huet.

Déi liicht brong Staatspresidentin huet hire Post begrënnt: „Hien huet fir dat kroatescht Vollek gekämpft. Fir seng Doten huet hie bezuelt. Säin Dout ass eng grouss Tragedie“. Den nationalen Extremismus ass eppes wéi eng ethno-ethesch „Traditioun“ firwat eng grouss Majoritéit duerchaus bereet ass de strikten Nationalismus ze stëtzen. Wéi sech dat wäert op d‘Presidence auswierken, ass zwar net gewosst, mee interessant wäert et ginn.

Am Mee soll zu Zagreb e Sommet zum Thema „EU – Balkan“ stattfannen, an et freet sech, obwuel Kroatien sech fir eng Erweiderung um Balkan asetzt, wéi seng „Noperen“ sech hei verhale wäerten. Offiziell hunn d‘Kroaten sech véier Schwéierpunkte gesat: Entwécklung, Verbonnenheet, Schutz an Afloss. Et sollt ee sech also op eng ustrengend Presidence astellen, woubäi d‘Kroaten natierlech ee grousst Interessi hunn, heibäi „bella Figura“ ze maachen.

mat indymedia/bru

Foto: © Patrik Macek/PIXSELL

Ähnlech Sujeten Balkan, EU-Presidence, Faschismus, Kroatien, Ustase
Nächsten Artikel Virrechten Artikel