Search

You may also like

King Boris kritt seng Neiwahlen
Neiegkeeten

King Boris kritt seng Neiwahlen

Et hat een en ament geduecht de britesche Premier géif

Groussbritannien geet d‘Schutzkleedung aus
Neiegkeeten

Groussbritannien geet d‘Schutzkleedung aus

Wärend sech de britesche Premierminister Boris Johnson erhëlt an vun

Wéi gutt kenns du eis Geschicht?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du eis Geschicht?

[onionbuzz quiz-id=37][/onionbuzz] Lëtzebuerg ass net sou al wéi aner Natiounen

Kronospan: E Feier op engem industrielle Site a seng Folgen

En defekte Waasseropfangbaseng op Gadderscheier huet zur Verschmotzung vun der Kuer gefouert

Kronospan: E Feier op engem industrielle Site a seng Folgen

An der Industriezon „Gadderscheier“ hat et den 31. Juli bei der Entreprise Kronospan e gréissere Brand ginn, deen ee Groussasaz vum CGDIS mat sech bruecht hat. Iwwer 70 Pompjeeë waren am Asaz an um Owend huet nach emol missen no Verstäerkung geruff ginn.

No 48 Stonnen Dauerasaz mat 120 Pompjeeë war d‘Feier endlech geläscht. A wa riets vu Läsche rieds ass, kann ee sech liefhaft virstellen datt et sech heibäi ëm masseg Waasser gehandelt huet an dat muss sech iergendwou sammele kënnen. Eigentlech sollt dëst Läschwaasser, datt kontaminéiert ass, also net dierf einfach an d‘Natur fléissen, an engem Waasseropfangbaseng opgefaange ginn.

Trotzdeem war nodeems d‘Feier geläscht war, eng staark Belaaschtung vun der Kuer duerch déi zoustänneg Autoritéite gemellt ginn. Dorops hin wollt den Deputéierte Gusty Graas (DP) vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg wëssen, wéi et derzou konnt kommen, datt trotz den „Oplagen“ déi esou enger Entreprise gemaach ginn, et zur Veronrengegung vun der Kuer komm ass.

An hirer zimlech explizitter Äntwert, huet d‘Carole Dieschbourg bestätegt, datt duerch d‘Andrénge vum Läschwaasser an de Laf vun der Kuer, eng grouss Mass u Stéckstoff belaaschte Komponente derzou gefouert huet, datt deen am Waasser enthalene vun den organesche Matière opgeléist ginn ass. Et gëtt bestätegt, datt eng limitéiert Unzuel vun doudege Fësch an dëser Bach gezielt goufen.

De laxen Ëmgang mat der Sécherheet

D‘Ministesch huet an hirer Äntwert preziséiert, datt den Dag nom Feier, d‘Waasserwirtschaftsamt an Zesummenaarbecht mam CGDIS, de betraffene Gemengen an dem interkommunale Syndikat vum Reschtwaasser am Westen (SIDERO), kurativ Moossnamen op der Héicht vum bestoende Waasseropfangbaseng zu Gadderscheier an der Kuer ageleet hunn. Keng einfach Missioun.

E Sécherheetsventil vum Waasseropfangbaseng huet misse geschloss ginn. Dëst sollt dat eigentlech „selbstänneg“ maachen, mee et schéngt erwisen, datt dës Sécherheetsmoossnamen net esou ënnerhale goufen, wéi et eigentlech sollt sinn. Fir dem Problem entgéint ze trieden, sinn all déi noutwenneg Moossnamen an d‘Wee geleet ginn, fir dem Waasser nees Sauerstoff zouzeféieren.

Schonn de 5. August, esou d‘Äntwert, hätten sech all déi wichteg Parameter nees „am grénge“ Beräich agependelt. Et konnten dann nees lieweg Fësch an der Kuer observéiert ginn. Et gëtt weiderhi preziséiert, datt net d‘Feier direkt als Ursaach ze bestëmmen ass, mee de laxen Ëmgang mat de Sécherheetsvirriichtungen zur Verschmotzung gefouert huet. Merci Kronospan…

Foto: © CGDIS

Related topics Brand, CGDIS, Feier, Gadderscheier, Industriezon, Kronospan, Pompjeeën
Next post Previous post