Search

You may also like

Weess du, wéi een dës Wierder schreift?
Kultur Neiegkeeten

Weess du, wéi een dës Wierder schreift?

[onionbuzz quiz-id=27][/onionbuzz] D’Lëtzebuergesch Orthographie kann heiansdo richteg schwiereg sinn. Mee

D’Stäreschnäize sinn do – wënscht Iech eppes!
Kultur Neiegkeeten

D’Stäreschnäize sinn do – wënscht Iech eppes!

An enger Summernuecht den Himmel ze bewonneren ass net nëmme

DR-Kongo: Manktem un Hëllef am Kampf géint d’Riedelen
Kultur Neiegkeeten

DR-Kongo: Manktem un Hëllef am Kampf géint d’Riedelen

D’Epidemie vun de Riedelen, déi den 10. Juni offiziell ausgesprach

Kropemannsfest 2019 – Wann een et mam Waasser ze eescht hëlt

De Waassergeescht huet geruff, Réiden un der Atert huet geäntwert. Ronderëm déi legendär mythesch Gestalt ass am Weste vu Lëtzebuerg d’Kropemannsfest 2019 organiséiert ginn, an dat scho fir eng 8. Kéier. Op d’Wierder konnt een un dësem Weekend leider net zielen, woubäi de Reen jo eigentlech thematesch gutt gepasst huet…

Et ass ze verstoen, datt ee bei esou naassem Wierder net gäre virun d’Dier geet. Trotzdeem huet d’Kropemannsfest 2019 ee breede Publikum zur Erëffnung um Sonndeg Moien ugezunn. Nodeems um 10:00 Auer d’Seel duerchtrennt an domat d’Evenement erëffnet konnt ginn, ass et fir d’Éieregäscht a Visiteuren iwwert d’Réidener Fest gaangen, woubäi een nees mat enger immenser Diversitéit u Stänn, Animatioun a Musek triumphéiere konnt.

Kropemannsfest 2019

© Shari Pleimelding/moien.lu

Do hat ee sech Méi ginn!

Souwuel d’Handwierk, wéi och d’Natur, d’Kreativitéit vun zuelräichen Artisten a verschidden Organisatioune konnt een um Evenement vum Waassergeescht virfannen. Géint Honger an Duuscht hat d’Groussgaass natierlech och esou munch Spezialitéit ze bidde gehat – mat enger Stäerkung kann ee schliisslech besser seng Ronn dréien an e bëssi mat Bekannten an neie Gesiichter poteren. Esou konnt een ënnert anerem Delikatesse vu Les Tissus du Soleil schmaachen, dem Schmadd bei senger Aarbecht nokucken, Sandstee Figure vum Walter Schilken bewonneren oder och ee leckere Likör beim Malou Alberti-Bernard kafen.

Dobäi koumen eis Kollege vun Orang Utan Help, déi de Visiteur mat Wëssen an Informatiounen zu den douce Mënschenafen ugezunn hunn oder och de Pascal Kemp vu Vitalschnuffen, ee groussen Déierefrënd, deen de Club an d’Schnuffenzeitung an de Virdergrond gestallt huet.

Ganz besonnesch ervir hiewe wëlle mir op dëser Plaz dat kreatiivt Konzept vu Ralotta. Zesumme mat senger Frëndin Elina stellt de Patrice handgemaachte Kaffiskëssen fir eis léifst Véierbeener hir. Donieft fënnt ee bei der sympathescher Koppel divers aner recyceled an nohalteg Artikelen, sou wéi beispillsweis Hitt aus Kaffissäck, Bengelen aus Kaffisholz (fir datt de Mupp eppes ze knabbere kritt) oder och moudesch Beidele fir de Meeschter. Wéi ee gesäit, dréit sech bei Ralotta alles ëm de Kaffi, an esou ass et och net verwonnerlech, datt de Patrice nach selwer Boune rëscht, den aromatesche Produit op der Plaz ubitt an d’Visiteure mat enger Geschmaachsexplosioun faszinéiert.

Kropemannsfest 2019

© Ralotta

E bëssi Musek op d’Oueren

D’Kropemannsfest ass vun Ufank u bekannt dofir, datt d’Evenement natierlech och musikalesch ëmmantelt gëtt. Kuerz no der Aweiung war et op der Bühn 1 u Solomio, op der Bühn 2 um Patrice Haas fir d’Visiteuren mat dynameschen Téin ze empfänken. Am Ganzen huet d’Fest 3 Bühnen ze bidde gehat, op deenen ënnert anerem Deaf, d’Roadrunners, de Red Sax Ensemble MKR, de Käpt’n Ända a Matrous K1000 oder och de Francis Cabret Unplugged opgetruede sinn.

Fir déi Lëtzebuerger Museker vun der Rhythm Band sollt d’Kropemannsfest 2019 scho bal eng Traditioun sinn. Och wann d’Majoritéit vun de Leit um Nomëtteg léiwer eng Taass Kaffi am Dréchene genoss huet, konnt dës Grupp mat Energie-geluedene live Coveren, vun de 60er bis haut, säi Publikum unzéien. Et huet ee sech einfach dozou entscheet, dat schlecht Wierder ewech ze sangen! Zum Schluss hat sech dunn souguer nach de Kropemann bei d’Rhythm Band gesellt, fir dat lescht Lidd anzestëmmen. Mir hoffe just, datt hien d’Museker herno net an d’Atert gezunn huet – schliisslech wëlle mir och an Zukunft gäre méi vun der Band héieren!

Related topics Deaf, Kaffikëssen, Käpt'n, Kropemannfest 2019, Les Tissus du Soleil, Orang Utan Help Lëtzebuerg, Patrice Haas, Ralotta, Réiden un der Atert, Rhythm Band, Vitalschnuffen, Waassergeescht
Next post Previous post