Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Interesseveräin Hollerech veriergert
Kultur Neiegkeeten

Interesseveräin Hollerech veriergert

Den Interesseveräin Hollerech Asbl (SIL-Ho) ass alarméiert a huet wéineg

D’CFL ass offiziell an den éischten dräi Woche vun 2018 zimlech pünktlech gewiescht
Kultur Neiegkeeten

D’CFL ass offiziell an den éischten dräi Woche vun 2018 zimlech pünktlech gewiescht

Et steet een um Quai ze waarden. Et ass kal,

Florida: Schoulmeeschter dierfe bewaffent Unterrecht halen
Kultur Neiegkeeten

Florida: Schoulmeeschter dierfe bewaffent Unterrecht halen

Nom Amoklaf zu Parkland, wou Mëtt Februar 2018 e 19

Kropemannsfest zu Réiden: E Volleksfest fir e Waassergeescht

Kropemannsfest zu Réiden: E Volleksfest fir e Waassergeescht

D‘Kropemannsfest an d‘Gemeng Réiden gehéieren einfach zesummen. Dëst gutt animéiert Volleksfest geet dëst Joer dann och schonn a seng 7. Editioun, an d‘Organisateure sinn zouversiichtlech, datt och 2018 nees vill Leit de Wee op Réiden fannen.

An wien dohinner wëll, ass gutt beroden sech zäiteg aus de Fiederen ze hiewen. D‘Kropemannsfest fänkt, esou wëll et déi nach jonk Traditioun, um 10 Auer mueres mat engem Theaterstéck un, an deem d‘Membere vum Gemengerot an eng Rei prominent Invitéeën optrieden. Eigentlech ass et méi e Koméidistéck, a verantwortlech fir Text a Regie ass wéi gewinnt de Jean Nehrenhausen.

RéidenAm Uschloss dorunner, gëtt mat der grousser Aaxt d‘Seel gespléckt, an no dësem feierlechen Akt offréiert d‘Gemeng den Éierewäin, woumatter d‘Kropemannsfest dann offiziell lancéiert ass. Fir dat gutt gelénge vum Fest sinn iwwregens d‘Asbl Kropemannsfest an de lokale Geschäftsverband verantwortlech. D‘Equip ronderëm den Tom Faber ass erfueren, et sollt also nees en Erfolleg ginn.

Wéi et derzou komm ass

Et sollt gewosst sinn datt de Kropemann, also eigentlech de Réidener Waassergeescht, a fréieren Zäite benotzt ginn ass, fir de Kanner Angscht ze maachen. Et sollt vu Geforen ewech halen, wéi net geschützte Weieren, Waasserleef oder Pëtzer. Dat ass wuel laang hir, mee vergiess gouf en net.

Dat et zum Kropemannsfest komm ass, féiert eis an d‘Joer 2010. Deemools war Réiden de „Centre de Promesses“ vum Télévie. En Evenement datt vill Erfolleg hat, an entspriechend Leit ugezunn hat. Zwee Joer drop, huet de Geschäftsverband beim Comité vum „Centre de Promesses“ ugefrot, op et net méiglech wier, nees en Evenement ze lancéieren, an esou Réiden eppes méi attraktiv fir d‘Leit ze maachen.

Réiden

© Kropemannsfest Asbl

Fir den Tom Faber, e gebiertege Péitenger deen zu Réiden eng nei Heemecht fonnt huet, a scho fréi de „Westen“ valoriséiere wollt, eng Erausfuerderung där hie sech gären ugeholl huet. Et huet net vill gebraucht, an de Kropemann, déi emblematesch Figur vu Réiden, sollt eng zentral Roll zougewise kréien. Domatter war d‘Gerëscht do, an et konnt een d‘Detailer ausschaffen.

Fir näischt dem Zoufall ze iwwerloossen, huet sech de Comité un de Réidener „Historiker“ Jean Nehrenhausen gewannt, dee bereetwëlleg all néideg Informatiounen zum Kropemann zesummegedroen huet. D‘Gebuertsstonn vum Kropemannsfest war komm, an et huet nach just misse lassgeluecht ginn.

Firwat geet dat esou fréi lass?

Eng Saach war den Organisateure wichteg: et wollt ee méiglechst e „vollt Haus“ scho mueres fréi wann d‘Kropemannsfest ufänkt. Aus dësem wierklech gudde Grond, gouf dann decidéiert, datt den Dag mat engem Theaterstéck ufänkt. Et sollt eenzegaarteg sinn, d‘Leit zum laache bréngen, an och den „Acteure“ Spaass maachen.

Bei den éischten Editiounen ass nach op d‘Politiker aus der Gemeng zréckgegraff ginn. Déi hu gären „de Kapp higehalen“ an d‘Konzept huet de Public an enger Aart a Weis iwwerzeegt, datt d‘Organisateuren, dat weiderentwéckelt hunn. Op emol stounge Politiker aus dem ganze Land op der Bühn. Esou de Schäfferot vun Dikrech, an och e sëlleche Ministeren hu sech begeeschtere gelooss.

Réiden

© Kropemannsfest Asbl

Esou och dëst Joer, wou als Gäscht op der Bühn, d‘Corinne Cahen (DP) Familljeministesch, de Staatssekretär Claude Turmes (déi gréng) an d‘Deputéiert Cécile Hemmen (LSAP) ze gesi sinn. Wann en elo weess, datt bei der 6. Editioun iwwer 20.000 Leit op Réiden komm sinn, an de gréissten Deel och wéinst dem Theaterstéck kommen, da sollt och d‘Editioun 2018 eng gutt ginn.

U Kultur an Animatioun feelt et dem Kropemannsfest dann och net. Nom Koméidistéck (vun 10 bis 10.45 Auer) an dem Éierewäin (11 Auer) ginn op dräi Bühne Concerten ugebueden. Uechtert dat ganzt Duerf gëtt e sëlleche Stänn, wou déi d‘Geschäftsleit vu Réiden an Ëmgéigend sech kënnen an Zeen setzen. Och vill Veräiner an Organisatioune sinn op der Plaz vertrueden.

Et dierft deemno den 30. September wéi elo scho sechs Joer laang, e flott Kropemannsfest ginn. An dofir nach ofschléissend e gudde Rot: zu Réiden kann ee lecker eppes Iessen, an dëst Joer gëtt am Zelt déi weltberühmte Kropemannsbouchée (mat gebootschte Gromperen an Zalot) fir 15 Euro pro Portioun ugebueden. Wien déi genéisse wëll muss sech allerdéngs bis den 28. September ënnert der Nummer 621 161 244 ugemellt hunn.

De ganzen Detail zum Programm a vill weider nëtzlech Informatioune fannt dir ënnert http://kropemannsfest.lu/

Fotoen: © Kropemannsfest Asbl

Ähnlech Sujeten Kropemann, Kropemannsfest, Réiden, Volleksfest
Nächsten Artikel Virrechten Artikel