Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hong Kong: Opruff zum „Marsch vun de Milliounen“
https://moien.lu/bellevue-hookup-bars/ https://moien.lu/dipolog-dating/

egypt dating scams

Aktivisten a Politiker hunn um Sonndegmueren zu neie Masseprotester opgeruff.

persona 5 consequences for dating everyone
https://moien.lu/bellevue-hookup-bars/ https://moien.lu/dipolog-dating/

Mënschenhandel an Ausbeutung och bei eis

All zwee Joer leet déi Consultativ Mënscherechtskommissioun (CCDH) der Chamber

Gratis Tickete fir de Lëtzebuerger Adventszirkus
https://moien.lu/bellevue-hookup-bars/ https://moien.lu/dipolog-dating/

Gratis Tickete fir de Lëtzebuerger Adventszirkus

Vergaangene Méindeg huet de Stater Schäfferot een Don vun 1050

money

Krunnewaasser am Restaurant?

Um Krautmaart gouf gëschter d‘Petitioun zur Krunnewaasser-Karaff am Restaurant debattéiert

Krunnewaasser am Restaurant?

Et ass eng sécherlech gutt gemengte Petitioun, d‘Restaurateure per Gesetz ze zwéngen dem Client och Krunnewaasser unzebidden. Am Frankräich ass dat iwwregens e Gesetz dat zimlech streng iwwerwaacht gëtt, do muss eng Krunnewaasser-Karaff zum Iesse gereecht ginn, soss gëtt et deier…

De Grond fir dës Petitioun, déi den David Kieffer initiéiert huet, huet eppes mat „Nohaltegkeet“ a sécherlech net mat „Gratuitéit“ ze dinn, wat deen een oder anere Signataire kéint verstanen hunn. Nee hei ass et d‘Zil datt d‘Regierung esou legiferéiert, datt de Restaurateur dem Client misst och Krunnewaasser ubidden. An eigentlech wier esou eng Praxis aktiven Ëmweltschutz, heescht et.

Mee eppes wat gutt fir de Mënsch, d‘Ëmwelt an och de Portmonni ass, dat ass schlecht fir de Profit, deen ëmmer maximal muss sinn. A wann et ëm de Profit vun de wirtschaftlechen Acteuren am Land an op der ganzer Welt geet, da muss d‘Regierung sech abréngen. Déi gëtt jo net vu Mënsche mee vu Betriber a Patrone gewielt. Et gëtt also net doriwwer legiferéiert mee op de gudde Wëlle gesat.

Ëmmer och eng Déngschtleeschtung

D‘Haaptargument vun de Politiker: dat muss eppes kaschten, well et gëtt jo eng Déngschtleeschtung erbruecht. Eenzeg den Deputéierte vun déi lénk, Marc Baum, hat sech fir d‘Gratuitéit vum Waasser abruecht an argumentéiert: hei geet et drëms d‘Waasser net méi als eng Wuer ze gesinn. Waasser ass ee fundamentaalt Recht“. Hei huet den Deputéierten absolut Recht, mee wéi ass et mam Service?

Well een sech awer och an der Regierung fir eng méi nohalteg Ekonomie asetze wëll, huet de Lex Delles (DP) a senger Qualitéit als Mëttelstandsminister ugekënnegt, datt ee sech mam Verband vun de Restaurateuren (HORESCA) wëll zesummendoen an eng Sensibiliséierungscampagne op d‘Bee stellen. D‘Iddi ass Krunnewaasser als Marque nationale op de Kaarten am Restaurant opzeféieren.

Sensibiliséieren ass net verkéiert, legiferéiere wier besser, esou de Petitionnaire. Si bedaueren datt hei nees op de gudde Wëlle vum Kapital gewett gëtt. Fräiwëlleg awer, maachen dat déi mannste mat. Wier et ee probat Mëttel, kéint ee jo d‘Vitessebegrenzung op de Stroossen och op fräiwëlleger Basis agehale ginn. D‘Politik wëll en A drop ze halen a versprécht eng Evaluatioun ze maachen.

Et geet dem Secteur net gutt

Fir de François Koepp, Generalsekretär vun der HORESCA, war et eng Erliichterung ze héieren, datt d‘Chamber dëser komplett verréckter an zudeem iwwerflësseger Petitioun net nokomm ass. Dësem Secteur wier an der Lescht scho vill ze vill zougemutt ginn (Fëmmverbuet, Alkoholkontroll, TVA-Erhéijung…) an elo och nach musse „bëllegt“ Krunnewaasser verkafen, dat géif ze wäit goen.

Besonnesch erfreelech also, datt d‘Regierung och um Krunnewaasser e Präisschëld zouléisst. Mee wierklech Interessi Krunnewaasser ze verkafen hunn d‘Restaurateuren trotz allem net. Säit vill manner Alkohol gedronk, wëll ëmmer méi kontrolléiert gëtt, ass d‘Waasser eng seriéis Alternativ ginn an hei gëtt ee Marketing bedriwwen, datt ass net méi normal. An et huet och säi Präis…

Dat zumindest muss als Schlussfolgerung erlaabt sinn wann de François Koepp feststellt: „Ouni de Verkaf vu Waasser, kéint ugesiichts de Marge mat deenen d‘Restaurateuren agéieren, d‘Betriber net méi iwwerliewen“. Et wier awer erwisen, datt de ganze Secteur sech mat Léif a Séil abréngt méi ekologesch ze ginn, firwat d‘HORESCA d‘Propose vum Mëttelstandsminister ënnerstëtzt.

Foto: Ee vun den treffenden Argumenter déi d‘Petitionnaire virbruecht hunn, ass de Fait datt eist Krunnewaasser wierklech vu gudder Qualitéit ass. Et gëtt iwwer 5.000 Kontrollen d‘Joer an all Anomalie gëtt zäitno entdeckt. An de Restaurante gëtt et jo och genotzt fir ze kachen, firwat sollt een et dann dem Client virbehalen, wann deen et och drénke wëll? Vläicht well Nestlé dat net wëll? (Zaccaria Boschetti / Pixabay)

Ähnlech Sujeten François Koepp, HORESCA, Krautmaart, Krunnewaasser, Petitioun, Restaurant
Nächsten Artikel Virrechten Artikel