Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Keen ageschriwwene Bréif well s de geblëtzt gi bass
International Money Neiegkeeten

Keen ageschriwwene Bréif well s de geblëtzt gi bass

Fir déi „schnell“ hannert dem Steier gëtt et geschwënn eng

International Money Neiegkeeten

Konditiounen – Gewënnspill Vältesdag 2019

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Sonic Visions Festival 2019: De Fonke wollt net eriwwer sprangen
International Money Neiegkeeten

Sonic Visions Festival 2019: De Fonke wollt net eriwwer sprangen

D’Escher Héichiewen hunn nees no Musek gejaut. Mam Sonic Visions

money

Keng Zukunft fir Kryptowärung vu Facebook

Déi vun der Zuckerberg-Entreprise geplangten Aféierung vu „Libra“ muss Réckschléi hinhuelen

Keng Zukunft fir Kryptowärung vu Facebook

Op dat mat der Kryptowärung „Libra“ nach eppes gëtt, léisst sech net méi mat Sécherheet soen. Et hunn sech wichteg a virun allem prominent „Geschäftspartner“ vun dësem Projet distanzéiert, wat zu gréissere Schwieregkeete féieren dierft.

Fir de Mark Zuckerberg, deen sech ganz zouversiichtlech op seng eege Wärung an déi unhängeg Muecht, déi esou eppes mat sech bréngt, gefreet huet, riskéiert den Dram zum Horror ze ginn. Dat ass dem Fait geschëlt, datt déi gréisste Kreditkaarten-Operateure Visa a Mastercard, elo hiert Engagement „iwwerdenke“ wëllen. Si schénge gemierkt ze hunn, datt et hei ongeahnt Risike gëtt.

Laut dem Wall Street Journal hätten „ugeschwaten“ Entreprisen e virgezunn, sech net ëffentlech zur Kryptowärung vum Konzern ze äusseren. An déi wou sech geäussert hunn, waren zimlech, fir net soen „ganz däitlech“ zréckhalend. Esou den Alfred Kelly, CEO vu Visa, dee grousse Wäert drop geluecht huet ze betounen, datt ee just eng net verflichtend Absichtserklärung ënnerschriwwen huet.

Dat ass fir den Normalstierfleche schwéier ze verstoen, dofir Kloertext: Wann eng Boîte wéi Visa op Distanz zu engem „Geschäftsprojet“ geet, ass dëse Projet net méi Liewensfäeg. Et geet jo och hei nëmmen drëms seng Muecht géintiwwer dem Konsument ze festegen, a Muecht deelt kee gären, schonn emol guer net wann et ëm masseg Goss geet. A mir schwätze vu Milliarden US-Dollar.

Elo sollen sech dann um haidegen Donneschdeg déi wichtegst (rieds ass vun ëm déi 20) Membere vum Libra-Projet zu Washington zesummesetze fir iwwert d‘Zukunft ze beroden. Dat ass dann awer schonn eppes wéi eng Krisesëtzung. Ëmmerhi sollt Mëtt Oktober dës „Libra Association“ zu Genf e Virstand asetzen an och eng Satzung unhuelen. Ouni déi „grouss“ Finanzpartner dierft dat net goen.

Ouni Partner gëtt dat näischt

Wann et richteg ass, datt sech Facebook op eng 2,4 Milliarden Notzer stäipe kann, déi een – laut Mark Zuckerberg – natierlecht Interessi drun hätte mëttels dem sozialen Netzwierk Geld iwwert d‘Landesgrenzen ewech ze „iwwerweisen“, esou verhënnert dat net, datt de Konzern op Partner ugewisen ass. Dat wier néideg fir de Konsument ze iwwerzeegen, datt d‘Währung eppes daacht.

Bei der Virstellung am Juni gouf nach groussspuereg erkläert, datt sech esou grouss Nimm wéi Visa, Mastercard a Paypal an nach enger Rei aner Wirtschaftsacteure bedeelege géifen. Datt et Riskant ass esou ee Schratt ze goen, konnt een allerdéngs schon dorunner festmaachen, datt d‘Finanzminister vun de G7-Länner gewarnt haten. Eng Wärung sollt een net a Privathand ginn.

Dat féiert nees derzou, datt dem Mënsch muss bewosst ginn, datt de „Wäert vum Geld“ méi wéi nëmmen d‘Vertrauen doranner ass, datt et als „Tauschmëttel“ unerkannt gëtt. Et wëll ee sécher sinn, datt een dat legal benotze kann, an et esou eppes wéi eng Kontroll vun dofir kompetenten Autoritéite gëtt. Libra ass näischt Handfestes, et gëtt net emol rechtlech Grondlage fir esou eppes.

mat indymedia/nyc/sfo

Illustratioun: Pixabay

Ähnlech Sujeten Facebook, Kryptowärung, Libra, Mastercard, Paypal, Visa
Nächsten Artikel Virrechten Artikel