Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Douanestaxen: D‘OECD rifft op de Multilateralismus ze retten
International https://moien.lu/social-dating-apps-india/

https://moien.lu/radiometric-dating-isotopes-used/

De Generalsekretär vun der OECD, Angel Gurria, huet um Donneschdeg

Déi lénk: dem Koalitiounsaccord feelt et u Perspektiven
International https://moien.lu/social-dating-apps-india/

Déi lénk: dem Koalitiounsaccord feelt et u Perspektiven

Bei déi lénk, ass een nach ëmmer op der Sich

De Robocup ass de speziellen Sport-Event vum Summer
International https://moien.lu/social-dating-apps-india/

De Robocup ass de speziellen Sport-Event vum Summer

Am Moment leeft e ganz besonneschen Fussball-Event a Japan: de

Kuba: Dräi Méint gouf debattéiert, elo kann d‘Verfassungsreform kommen

Kuba: Dräi Méint gouf debattéiert, elo kann d‘Verfassungsreform kommen

Um haidegen Donneschdeg ginn no dräi Méint, d‘Debatten zur Verfassungsreform a Kuba op en Enn. Den Text, deen de Privatbesëtz unerkennt an d‘Bestietnes fir gläichgeschlechtlech Koppelen erméiglecht, muss elo nach vun der nationaler Assemblée de leschte Schlëff erhalen, iert et am Februar zum Referendum kënnt.

„D‘Vollek kann sech houfreg fillen, eng Verfassung opgestallt ze hunn!“, huet sech den Homero Acosta gefreet. Hien ass Sekretär am Staatsrot an ee vun de Pappe vum Projet. D‘Zuelen déi hie virgeluecht huet sinn impressionnant: 7,4 Millioune Kubaner (vun 11 Milliounen) hunn un den 110.000 Debatten deelgeholl. Déi waren zimlech iwwerall organiséiert ginn…

De Verfassungsrechtler an Affekot, Julio Antonio Fernandez, bemierkt awer, datt „et huet vill Passivitéit ginn. Nëmme 600.000 Mënschen hunn eng direkt Propose gemaach, net just eng Meenung oder Ënnerstëtzung fir de Projet, an nëmme 27.000 hu virgeschloen dem Projet eppes bäizedroen. Keen huet eng Modifikatioun oder en Amendement proposéiert“.

Et géif sech duerch „déi grouss Skepsis iwwert déi tatsächlech Berécksiichtegung vun hirem Avis“ erkläre loossen. „27.000 vu 7 Milliounen, dat ass wéineg, mee et sinn ëmmerhi 7 Milliounen déi sech bedeelegt hunn, an déi opgefuerdert waren sech fräi auszedrécken, an dat an engem Land, datt op internationalem Niveau ëmmer wéinst sengen onduerchsiichtege Wahle kritiséiert gëtt“.

D‘Bestietnes vu gläichgeschlechtleche Koppelen

Am meeschten debattéiert, gouf d‘Bestietnes vu gläichgeschlechtleche Koppelen. Eng Partie vun de Kubaner an d‘Kierch, verwerfen dëse Punkt, deen an der „neier“ Verfassung nei definéiert soll ginn: Artikel 68, d‘Bestietnes ass d‘Unioun tëscht zwou Persounen. An net méi, wéi an der aktueller Verfassung aus dem Joer 1976: d‘Bestietnes ass d‘Unioun vun engem Mann an enger Fra.

Dat géif de Wee fir dat homosexuellt Bestietnes op enger Insel fräi maachen, wou am Gewulls vun der castristescher Revolutioun (1959), dës Communautéit bedrängt, an Ëmerzéiungslager gestach, an vun allen ëffentlechen Ämter ausgeschloss ginn ass. D‘Homosexualitéit ass nëmme lues a lues vun der kubanescher Gesellschaft ugeholl a toleréiert ginn.

Kuba

Et ass dann och de President, Miguel Diaz-Canel, deen dësem Punkt perséinlech zougesprach huet. Hien ass der Usiicht, datt dëse Schratt dee richtegen ass, fir „all Form vun Diskriminatioun an der Gesellschaft ze eliminéieren“.

Deem schléisst sech de Direkter vum Internetportal „El Estornudo“ un: „Ech si fir d‘Bestietnes fir jiddereen!“. Mee „et huet mech gestéiert, datt sech den Debat op den Artikel 68 konzentréiert huet. Op enge gewëssen Aart a Weis, huet een dësen Text als ‚Oflenkung‘ genotzt fir déi sëlleche Problemer am Verfassungstext ze verstoppen“, esou den Abraham Jiménez, géintiwwer der AFP.

Privatbesëtz mat Konditiounen

Den Abraham Jiménez huet do de „Privatbesëtz“ als Beispill genannt. De Privatbesëtz géif elo an der Verfassung unerkannt ginn, mee dëse soll net „konzentréiert“ sinn. „Dat ass de Schwaachpunkt an eng Ambiguitéit (…) den Text schwätzt vu Räichtum, allerdéngs ouni ze preziséieren, bis zu wéi engem Punkt een dierf räich sinn“.

Hannert dëser Fro zeechent sech den Effort of, deen den ex-President Raoul Castro initiéiert hat, fir den ekonomesche Modell vun enger Insel ze aktualiséieren, déi zwar wuel sozialistesch bleiwe wëll mee sech och dem Privatsecteur wëll zouwennen… an iwwert dëse Wee och den Investitiounen aus dem Ausland wëll eng Dier opmaachen.

„Echt, dat mécht Loscht drop Auslänner ze sinn“, huet den „Panfilo“, de populäersten Humorist vu Kuba, a senger wëchentlecher Emissioun zum beschte ginn, wou hien sech iwwert d‘Schikanen, déi de kubaneschen Entrepreneuren zougemutt ginn, lëschteg gemaach huet, während auslänneschen Investisseuren elo soll de „rouden Teppech“ ausgeluecht ginn.

E Problem mat deem och de Maykel Galindo, deen zu Havanna Friemenzëmmer verlount: „Wann ee Millioune sicht fir d‘Wirtschaft ze ënnerstëtzen, stellen ech mir d‘Fro, firwat ee sech net am Land ëmkuckt, firwat ee sech net u Mënsche wéi ech interesséiert, déi Loscht hunn dëst Land éierlech ze entwéckelen“. A mat dëser „Meenung“ ass de Maykel Galindo net eleng.

Direktwahl vum President

Eng weider „wichteg“ Revendicatioun déi ëmmer nees bei den Debatten opkomm ass: déi direkt Wahl vum President, deen elo maximal zwee Mandater vun enger Dauer vu fënnef Joer bestreiden dierf.

Kuba

De Julio Antonio Fernandez stellt hei kloer: „Dat ass eng laang Fuerderung vun de Kubaner, mee déi indirekt Ofstëmmung, wou d‘Deputéiert vun der kommunistescher Partei vu Kuba (PCC) de President wielen, ass den haarde Kär vum Projet, an ech denken net, datt sech do eppes ännert“.

Den Abraham Jiménez schéngt sengersäits iwwerzeegt, datt „d‘Verfassung längst geschriwwen ass“ an een an der finaler Versioun nëmme kleng Changementer wäert feststellen“. Dës Ausso kann awer eréischt iwwerpréift ginn, wann d‘Expertekommissioun vum PCC, de modifizéierten Text dem Parlament virgeluecht huet. Dat soll dësen nach am Dezember unhuelen.

mam Katell Abiven/AFP

Ähnlech Sujeten gläichgeschlechtlecht Bestietnes, Kuba, Privatbesëtz, Sozialismus, Verfassungsreform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel