Search

You may also like

Esch2022: Et geet och ëm den Tourismus
Neiegkeeten

Esch2022: Et geet och ëm den Tourismus

Nieft der Konscht geet et am Kontext vun Esch2022 –

money
Welthandelsorganisatioun bestrooft EU wéinst Airbus-Subventiounen
Neiegkeeten

Welthandelsorganisatioun bestrooft EU wéinst Airbus-Subventiounen

D‘Mediateure vun der Welthandelsorganisatioun (WTO) hu gëschter zu Genève den

Gin Ale – oder d‘Sonnesäit vum Liewen
Neiegkeeten

Gin Ale – oder d‘Sonnesäit vum Liewen

De Weekend ass schonn e puer Stonnen al an hannert

Kuerz Notéiert: CETA

Fräihandelsofkommes mat Kanada soll nächste Mëttwoch duerch d‘Chamber gejot ginn

Kuerz Notéiert: CETA

Wann et richteg ass, datt d‘Chamber bis den 3. Abrëll all d‘Deplacementer vun den Deputéierte bis zum 3. Abrëll ofgesot huet, esou gëtt um Krautmaart awer weider geschafft. D‘Dagesuerdnunge vun der nächster Woch sinn dann och wéi gewinnt verëffentlecht ginn. En Dënschdeg wäert sech an der Chamber eppes méi intensiv mat der duerch de Coronavirus ausgeléiste Kris beschäftegt ginn.

Et gëtt dozou eng Aktualitéitsstonn an d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert (LSAP) soll de Kollegen an den Deputéierten erkläre wéi eng Suitten d‘Kris mat sech bréngt. Et dierft wuel vill diskutéiert ginn, woubäi ze hoffen ass, datt se um Krautmaart besonne bleiwen, an statt ze streiden, gemeinsam no Léisungen a Mesure gesicht gëtt. Gestreits ass wéi Panik, net Ziilféierend.

Um Mëttwoch soll den Ausseminister Jean Asselborn seng Erklärung zur europäescher Aussepolitik ofginn. An dësem Kontext ginn d‘Deputéiert gefuerdert de Fräihandelsaccord mat Kanada (CETA) ze ratifizéieren. Dësen Deal war vun der EU a Kanada 2016 beschloss ginn, a muss nach vun alle Memberlänner gezeechent ginn. De Rapporter Yves Cruchten ass an dësem Punkt zouversiichtlech.

Fir den neie LSAP-President, ass alles wat zu dësem Ofkommes ze soe gouf och gesot ginn an et géif Konsens bestoen. Dat anscheinend och mat der Oppositioun. Woubäi déi lénk mat Sécherheet dergéint wäerte Stëmmen… a si sinn net déi eenzeg, déi dësen Accord a Fro stellen. Et ginn awer d‘Stëmme vun der Koalitioun duer, fir dëst däiwelzegt Vertragswierk duerchzeboxen…

Illustratioun: © Ali Tawfiq / unsplash

Related topics CETA, Chamber, Coronavirus, Fräihandelsofkommes, Krautmaart
Next post Previous post