Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ULC: Opgepasst op Handwierker-Bedruch!
ihk azubi speed dating darmstadt WTF

marriage rate of online dating

Reparaturen an Déngschter vun Handwierker am a ronderëm d’Haus bréngen

dating sites in kiev
ihk azubi speed dating darmstadt WTF

What the Fakt – Haut ass internationale Männerdag

Opgepasst léif Hären! Säit dem 19. November 1999 hutt och

Deal oder No Deal?
ihk azubi speed dating darmstadt WTF

Deal oder No Deal?

De Boris Johnson leescht verbatterte Widderstand, mee seng Géigner –

surprise

Eng „kuerz“ politesch Vakanz

Eng „kuerz“ politesch Vakanz

Neijoerschdag ass nach net ganz verdaut, do heescht fir eis Deputéiert sech – sécherlech wéi iwwerall fir unzefänken alles Gutts fir 2018 ze wënschen – direkt an d‘Aarbecht ze stierzen. An dat geet dann och schonn haut richteg lass.

Et si schwéier Dossieren déi et an der éischter Woch vum neie Joer ze berode gëtt: de Logement, dee jo och bei de Gemengewahlen eng gréisser Roll gespillt hat, ass dann och deen éischten deen et unzepake gëllt. De „Sujet“ soll virbereet ginn, fir de groussen Debat an der Chamberssëtzung.

Gespaant dierf een dann um Mëttwoch op den Debat zum „Vermummungsgesetz“ sinn. Wou a wéini ee säi Gesiicht an der Ëffentlechkeet dierf oder net dierf verstoppen, ass e Sujet deen d‘Gesellschaft an ënnerschiddlech Lager opdeelt.

D‘Reform vun der Verfassung an d‘Gestioun vun der Universitéit Lëtzebuerg sollten och dës Woch an der Chamber fir hëtzeg Debatte suergen. Während d‘Experten net méi vun enger Reform an der aktueller Legislaturperiod ausginn, dierft et och bei der Universitéit Changementer ginn.

Elo sinn et der nëmmen nach 102

Wien et sollt vergiess hunn, deen erënnere mir nach schnell dorunner, datt et zanter gëschter zu Lëtzebuerg nëmmen nach 102 Gemenge gëtt. Déi sëlleche Fusiounen hunn natierlech en Impakt an dat net eleng fir d‘Leit aus der betraffene Gemengen.

Béiwen-un-der-Attert an Tënten ginn d‘Gemeng Helperknapp, aus Rouspert a Mompech gëtt d‘Gemeng Rosport-Mompach an aus Habscht a Simmer, einfach Habscht. Aner Fusioune stinn nach aus oder sinn am Gespréich. Och hei gëtt 2018 en interessant Joer.

Hale mer nach fest, datt d‘Petitioun zum „Tiers Payant“ extrem gutt bei de Bierger ukënnt. Bis ewell – an et kann een nach „matmaachen“ bis den 2. Februar – läit ee bei gudden 6.300 Ënnerschrëften, woumatter de Sujet an enger ëffentlecher Sëtzung an der Chamber muss debattéiert ginn.

A wann een eigentlech sollt dovunner dierfen ausgoen, datt et fir all Acteur (Patient, Dokter, Spidol) méi einfach wier, den „Tiers Payant“ unzewennen, esou sinn et awer d‘Dokteren déi sech deem an de Wee stellen. Si begrënnen hire „Refus“ mat de laangen Delaie beim „Bezuelen“ säitens der CNS.

Ähnlech Sujeten Chamber, Fusiounen, Gemengen, Petitiounen, Vakanz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel