Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Nei Sanktioune géint Nordkorea, d‘UNO erhéicht den Drock
Kultur Neiegkeeten

Nei Sanktioune géint Nordkorea, d‘UNO erhéicht den Drock

Um Samschdeg huet den UN-Sécherheetsrot eestëmmeg eng Resolutioun ugeholl, déi

Alles duerchduecht bei Concept+Partners!
Kultur Neiegkeeten

Alles duerchduecht bei Concept+Partners!

Schonn 2 Wochen ass et hir, datt d’Restauranten nom Lockdown

De Vull vum Joer 2019: et ass de Fluessfénk ginn!
Kultur Neiegkeeten

De Vull vum Joer 2019: et ass de Fluessfénk ginn!

An dësem Joer huet natur&ëmwelt de Fluessfénk zum Vull vum

Kufa reduzéiert seng Programmatioun fir Esch 2022 net!

Kufa reduzéiert seng Programmatioun fir Esch 2022 net!

Ufank der Woch hunn déi fir de Programm verantwortlech Mataarbechter vun der Kulturfabrik (Kufa) zu Esch Uelzecht sech missen entscheeden. Um Programm fir Esch 2002 festhalen oder deem Ganzen de Stecker zéien? Esou zumindest hunn et eng Rei Kollegen an hire respektive Medien zum Ausdrock bruecht. D‘Direktioun vun der Kulturfabrik huet elo Stellung bezunn.

An engem Communiqué ginn déi Verantwortlech kuerz op déi an diverse Medie gemaachten Ausso an, laut där d‘Kufa aacht prestigiéis Projeten aus dem Programm vun Esch 2022 zréckgezu géifen. Datt gëtt schaarf dementéiert an et gëtt och ee klenge Rappell vun der Chronologie zur Gestaltung vun der Programmatioun fir Esch 2022 gemaach. Esou heescht et hei, datt a, Juni 2017 d‘Kufa dem Koordinatiounsbüro vun Esch 2022 aacht Projeten agereecht huet.

Vun dësen aacht Projete vun internationalem Ausmooss, déi sech iwwert e puer Joer entwéckele sollten, sinn no Récksprooch mat der Ekipp vun Esch 2022, der zwee zréckbehale ginn, déi dann och als Projet beim Appell fir Kandidaturen am Juli 2019 agereecht goufen. Heibäi handelt et sech ëm d‘Projeten: „Les Echelles“ an „Les Chemins de l‘Imaginaire“. No enger déifgräifender Analys vun de Recommandatioune vun Esch 2022 gouf et Kappzerbrieches.

Ugesiichts dem Kalenner an dem Planning, huet ee sech der Evidenz misse stellen, datt dës zwee Projeten net méi „passend“ sinn. Fir déi Verantwortlech an der Kufa ass et awer wichteg, datt eng Kulturhaaptstad sech op ee raisonnéierte Programm ka beruffen. Dat war mat den zwee Projeten net méi geséchert. „Wann ee gesäit, datt ee Projet net méi den Erwaardungen an Besoine gerecht gëtt muss een dësen zréckzéien a sech neiem zouwennen“, esou d‘Kufa.

Et ass zudeem grad esou evident, datt en Haus wéi d‘Kulturfabrik e wichtegen Acteur am Programm vun Esch 2022 ass an och bleiwe wäert. Nieft de genannte Projeten huet d‘Kufa weider kulturell Proposen ënnerbreet an anerer sinn nach „an Aarbecht“. Detailer zu dëse Projeten huet d‘Kufa nach keng genannt, mee dat soll an den nächste Méint nogeholl ginn. Datt d‘Kufa zudeem eng Schlësselroll am Kontext vun Esch 2022 huet, muss een net wierklech betounen.

Foto: © Kufa

Ähnlech Sujeten Esch 2022, Esch-Uelzecht, KuFa, Kulturfabrik, Kulturhaaptstad
Nächsten Artikel Virrechten Artikel