Search

You may also like

Batter awer noutwenneg Decisioun (Kommentar)
Kultur Neiegkeeten

Batter awer noutwenneg Decisioun (Kommentar)

Fir de fréieren Député-Maire vun Déifferdeng waren déi lescht puer

En Dateschutzgremium fir Facebook
Kultur Neiegkeeten

En Dateschutzgremium fir Facebook

Et ass net well Facebook sech ganz rezent en neien

Trump: Sanktioune géint den Iran a Menace fir déi aner
Kultur Neiegkeeten

Trump: Sanktioune géint den Iran a Menace fir déi aner

Nodeems hien alles dru gesat huet d‘Sanktioune géint den Iran

Kufa Summer Bar – E bësse Kultur mat engem erfrëschende Gedrénks

Kufa Summer Bar – E bësse Kultur mat engem erfrëschende Gedrénks

D’Kulturfabrik wëll erëm opbléien, Leit empfänken a fantastesch Momenter zesummen erliewen. Aus dësem Grond gëtt et zënter kuerzer Zäit an iwwert de ganze Summer d’Kufa Summer Bar. Op der bausseschter Terrass kann a gemitterlecher Ambiance den een oder aneren Drink konsuméiert ginn.

De Summerufank an den Deconfinement loossen et zou a lueden dozou an, d’Zäit dobaussen zesumme mat Kollegen ze verbréngen. Natierlech geet et bei der Kufa Summer Bar och dorëm d’Kultur mat anzebannen a verschidden Artisten eng Plattform ze bidden.

De Programm

  • DJ Set mam Gustavo Morales a.k.a. DJ GHOST
    Freides, den 19. Juni 2020 vun 19:00 bis 22:00 Auer
    Méi Informatiounen dozou ginn et HEI


  • MA2 Experience
    Samschdes, den 20. Juni 2020 ab 20:00 Auer
    D’Choreographin Sayoko Onishi an de Kontrabassist a Compositeur Emmanuel Fleitz vu Man’ok& Cie sinn zwou Woche an der Kulturfabrik zu Besuch a stellen e Samschdeg hir Performance MA2 Experience vir.
    Méi Informatiounen dozou ginn et HEI


  • DJ Set mat Plastic Pedestrian
    Méindes, den 22. Juni 2020 vun 19:00 bis 22:00 Auer
    Méi Informatiounen dozou ginn et HEI

Och op Nationalfeierdag, den 23. Juni 2020 huet d’Kufa Summer Bar ausnamsweis vun 14:00 bis 22:00 Auer op.

Opmaacherbild: © Jakob Owens / Unsplash

Related topics DJ Ghost, Ënnerhalung, Kufa Summer Bar, Kulturfabrik, MA2 Experience, Plastic Pedestrian
Next post Previous post